Op den Inhalt sprangen

Eurovision Song Contest 2025

Vu Wikipedia
69. Eurovision Song Contest
Motto United by Music
(Vereent duerch Musek)
Datum 13. Mee 2025
(1. Halleffinall)
15. Mee 2025
(2. Halleffinall)
17. Mee 2025 (Finall)
Gaaschtland CHECHE Schwäiz
Stad Basel
Gebai
St. Jakobshalle Basel
Organisateur
Moderatioun Hazel Brugger, Sandra Studer, Michelle Hunziker (Finall)
Zuel vu Länner 37
Nei Participatiounen keng
Participanten déi zeréckkoumen Montenegro
Ofstëmmungsreegel Halleffinallen:
All Land verdeelt, op Basis vum Televoting, 1-8, 10 an 12 Punkten un déi zéng bescht Lidder.

Finall:
All Land verdeelt, op Basis vum Jury a vum Televoting, zweemol 1-8, 10 an 12 Punkten un déi zéng bescht Lidder.

Den 69. Eurovision Song Contest (ESC) gëtt vum 13. Mee bis den 17. Mee 2025 an der St. Jakobshalle zu Basel ofgehalen.

De Gewënner vum Concours ass den JJ (Johannes Pietsch) vun Éisträich.

1. Halleffinall

[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt Halleffinall war den 13. Mee 2025 um 21:00 Auer (MESZ).

Spuenien (no Estland), Italien (no der Belsch) an d'Schwäiz (no Kroatien) sinn, obschonn se d'Office Finaliste waren, an dëser Halleffinall opgetrueden a waren och stëmmberechtegt. Ausserdeem haten och déi 15 Länner déi matgemaach hunn, d'Walrecht an dëser Halleffinall.

An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Sprooch Punkten
06. 01 Island Vaeb Róa Islännesch 97
07. 02 Polen Justyna Steczkowska Gaja Polnesch, Englesch 85
013. 03 Slowenien Klemen How Much Time Do We Have Left Englesch 23
05. 04 Estland Tommy Cash Espresso Macchiato Englesch, Italieenesch 113
01. 05 Ukrain Ziferblat Bird of Pray Englesch, Ukrainesch 137
04. 06 Schweden KAJ Bara bada bastu Schweedesch 118
09. 07 Portugal NAPA Deslocado Portugisesch 56
08. 08 Norwegen Kyle Alessandro Lighter Englesch 82
14. 09 Belsch Red Sebastian Strobe Lights Englesch 23
15. 10 Aserbaidjan Mamagama Run With U Englesch 7
10. 11 San Marino Gabry Ponte Tutta l’Italia Englesch 46
2. 12 Albanien Shkodra Elektronike Zjerm Englesch 122
3. 13 Holland Claude C’est la vie Franséisch, Englesch 122
12. 14 Kroatien Marko Bošnjak Poison Cake Englesch 28
11. 15 Zypern Theo Evan Shh Englesch 44

2. Halleffinall

[änneren | Quelltext änneren]

Déi zweet Halleffinall war de 15. Mee 2025 um 21:00 Auer (MESZ).

D'Vereenegt Kinnekräich (no Éisträich), Frankräich (no Georgien) an Däitschland (no Israel) sinn, obschonn se d'Office Finaliste sinn, an dëser Halleffinall opgetrueden a waren och stëmmberechtegt. Ausserdeem haten och déi 16 Länner déi matgemaach hunn, d'Walrecht an dëser Halleffinall.

An d'Finall koumen déi faarweg markéiert Länner.

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Sprooch Punkten
11. 01 Australien Go-Jo Milkshake Man Englesch 41
16. 02 Montenegro Nina Žižić Dobrodošli Montenegrinesch 12
13. 03 Irland Emmy Laika Party Englesch 28
02. 04 Lettland Lettland Tautumeitas Bur man laimi Lettesch 130
10. 05 Armenien PARG Survivor Englesch 51
05. 06 Éisträich JJ Wasted Love Englesch 104
04. 07 Griicheland Klavdia Asteromata Griichesch 112
06. 08 Litauen Katarsis Tavo akys Litauesch 103
09 09 Malta Miriana Conte Serving Englesch 53
15. 10 Georgien Mariam Schengelia Freedom Georgesch, Englesch 28
08 11 Dänemark Sissal Hallucination Englesch 61
12. 12 Tschechesch Republik Adonxs Kiss Kiss Goodbye Englesch 29
07 13 Lëtzebuerg Laura Thorn La poupée monte le son Franséisch 62
01 14 Israel Yuval Raphael New Day Will Rise Englesch, Franséisch, Hebräesch 203
14. 15 Serbien Princ Mila (Мила) Serbesch 28
03 16 Finnland Erika Vikman Ich komme Finnesch 115

D'Finall war de 17. Mee 2025 um 21:00 Auer (MESZ).

Déi 26 Länner an der Finall sinn:

  • Déi „5 Grouss“ (Big-5): Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien a Groussbritannien
  • Déi bescht 10 Länner aus der éischter Halleffinall
  • Déi bescht 10 Länner aus der zweeter Halleffinall
  • De Gewënner vum ESC 2024, Schwäiz

Am Fall vun engem ex aequo gewënnt dee mat der héchster Eenzelwäertung. An der Finall ass all Land, dat beim ESC matgemaach huet, berechtegt seng Stëmm ofzeginn. Zousätzlech gëtt et en Online-Voting fir d'Zuschauer aus Länner déi net beim ESC matgemaach hunn an deen dann als zousätzlechen 38. Televoting gewäert gëtt.

Plaz Startnr. Land Interpret Titel Sprooch Punkten
(Jury/Zuschauer/Total)
18. 01 Norwegen Kyle Alessandro Lighter Englesch 22/67/89
22. 02 Lëtzebuerg Laura Thorn La poupée monte le son Franséisch 23/24/47
03. 03 Estland Tommy Cash Espresso Macchiato Italieenesch, Englesch 98/258/356
02. 04 Israel Yuval Raphael New Day Will Rise Englesch, Franséisch, Hebräesch 60/297/357
16. 05 Litauen Katarsis Tavo akys Litauesch 34/62/96
24. 06 Spuenien Melody Esa diva Spuenesch 27/10/37
09. 07 Ukrain Ziferblat Bird of Pray Englesch, Ukrainesch 60/158/218
19. 08 Vereenegt Kinnekräich Remember Monday What the Hell Just Happened? Englesch 88/0/88
01. 09 Éisträich JJ Wasted Love Englesch 258/178/436
25. 10 Island Væb Róa Islännesch 0/33/33
13. 11 Lettland Lettland Tautumeitas Bur man laimi Lettesch 116/42/158
12. 12 Holland Claude C’est la vie Franséisch, Englesch 133/42/175
11. 13 Finnland Erika Vikman Ich komme Finnesch, däitschen Titel 88/108/196
05. 14 Italien Lucio Corsi Volevo essere un duro Italieenesch 159/97/256
14. 15 Polen Justyna Steczkowska Gaja Polnesch, Englesch 17/139/156
15. 16 Däitschland Abor & Tynna Baller Däitsch 77/74/151
06. 17 Griicheland Klavdia Asteromata (Αστερομάτα) Griichesch 105/126/231
20. 18 Armenien PARG Survivor Englesch 42/30/72
10. 19 CHECHE Schwäiz Zoë Më Voyage Franséisch 214/ /214
17. 20 Malta Miriana Conte Serving Englesch 83/8/91
21. 21 Portugal NAPA Deslocado Portugisesch 37/13/50
23. 22 Dänemark Sissal Hallucination Englesch 45/2/47
04. 23 Schweden KAJ Bara bada bastu Schweedesch 126/195/321
07. 24 Frankräich Louane Maman Franséisch 180/50/230
26. 25 San Marino Gabry Ponte Tutta l’Italia Italieenesch 9/18/27
08. 26 Albanien Shkodra Elektronike Zjerm Albanesch 45/173/218
 Commons: Eurovision Song Contest 2025 – Biller, Videoen oder Audiodateien
Malmö (Schweden) TBA
ESC 2024 Eurovision Song Contest ESC 2026

Referenzen

[Quelltext änneren]