Op den Inhalt sprangen

Eva Marija

Vu Wikipedia
Eva Marija
Gebuertsnumm Eva Marija Kavaš Puc
Gebuer 24. Dezember 2005
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Europäesch Schoul (Lëtzebuerg II),
Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg
Aktivitéit Sängerin, Lidderméchesch, Violonistin
Optrëtt an der Halleffinall vum ESC 2026.

D'Eva Marija Kavaš Puc, gebuer de 24. Dezember 2005[1], bekannt als Eva Marija, ass eng lëtzebuergesch Sängerin, Songwriterin a Violonistin. Si huet Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2026 mam Lidd Mother Nature vertrueden[1].

D'Eva Marija ass zu Lëtzebuerg als Kand vu sloweeneschen Elteren op d'Welt komm an opgewuess. Hire Papp ass vu Ljubljana an hir Mamm ass vu Beltinci. Si koumen 2003 wéinst hirer Aarbecht an den Institutioune vun der Europäescher Unioun op Lëtzebuerg[2]. D'Eva Marija ass an d'Europäesch Schoul Lëtzebuerg II gaangen an huet duerno weider um Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg studéiert, wou si eng villfälteg musikalesch Ausbildung krut. Zënter 2026 studéiert si Songwriting um Institute of Contemporary Music Performance (ICMP) zu London[3].

Den 30. Oktober 2025 huet RTL Lëtzebuerg bekannt ginn, datt d'Eva Marija mam Lidd „Mother Nature“ um Luxembourg Song Contest 2026 deelhuele géif[4]. Si huet souwuel d'Jury- gradewéi d'ëffentlech Ofstëmmung an der Finall de 24. Januar 2026 gewonnen[5], soudatt si Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest 2026 zu Wien vertrueden huet. Do huet si et allerdéngs net iwwer d'Halleffinall eraus gepackt[6].

  • 2021: When 2 Lovers Meet
  • 2023: Toxic Trait
  • 2025: Time to Go
  • 2025: Sweet Child
  • 2025: Mother Nature
 Commons: Eva Marija – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1 2 (sl) Ž E. Č, Luksemburg bo na Evroviziji zastopala pevka slovenskih korenin. rtvslo.si. Gekuckt de 04.04.2026.
  2. (sl) To je Slovenka, za katero bomo na Evroviziji navijali vsi: Eva je vnukinja župana Beltincev. slovenskenovice.delo.si. Gekuckt de 04.04.2026.
  3. (en) Finalist profiles: Meet Steve Castile and Eva Marija, Luxembourg Song Contest hopefuls. RTL Today (10.01.2026). Gekuckt de 05.04.2026.
  4. (en) Eight artists to compete at Luxembourg Song Contest 2026. Eurovisionworld (30.10.2025). Gekuckt de 04.04.2026.
  5. (lb) "Et ass vraiment crazy": D'Eva Marija gewënnt de Luxembourg Song Contest. RTL Lëtzebuerg (24.01.2026). Gekuckt de 04.04.2026.
  6. Eurovision 2026: The Second Semi-Final Qualifiers. eurovision.com, 14.05.2026.