Evolutioun (Biologie)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Nuvola apps kuickshow.png Dëse Biologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Biologesch Evolutioun besteet aus de Verännerungen, iwwer Generatiounen ewech, vun de genetesche Kennzeeche vun de Liewewiesen. Duerch dës Verännerunge kënne sech d'Populatioune vun den eenzelen Aarten un hire Liewensraum upassen; och kënne sou eng oder méi nei Aarten aus enger Stammaart entstoen. D'Evolutioun erlaabt et also d'Biodiversitéit op der Äerd z'erklären.

Eent vun den Ziler vun der Evolutiounsbiologie ass d'Rekonstruktioun vum zäitlechen Oflaf vun den eenzelen Entwécklungsniveaue vun den Organismen. Dat féiert zu engem hypothetesche Stammbam vun den Organismen. Dobäi ergi sech Erkenntnesser iwwer d'Gesetzméissegkeeten an d'Mechanisme vun der biologescher Evolutioun.

Existenz vun der biologescher Evolutioun[änneren | Quelltext änneren]

De Fait datt et eng biologesch Evolutioun gëtt kann een ë. a. mat der Existenz vun de sougenannten Aarteréng beleeën.

Mechanisme vun der biologescher Evolutioun[änneren | Quelltext änneren]

Haaptsächlech 3 Faktore si fir déi biologesch Evolutioun verantwortlech. Si bezéie sech direkt op de Genom (Mutatioun an Gen-Drift) oder indirekt (Selektioun) duerch de Phenotyp, dee vum Genom ofhänkt.

Mutatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Fir Mutatiounen am Genom gëtt et vill verschidde Méiglechkeeten, si kënnen eenzel Base vun der DNS betreffen awer och gréisser Stécker bis hin zu ganze Chromosomesätz.

Natierlech Selektioun[änneren | Quelltext änneren]

Verschidde Phenotypen hu méi eng grouss Iwwerliewenschance (an engem gewëssen, eventuell neie Liewensraum) duerch méi eng grouss Fitness oder Resistenz oder awer duerch eng besser Tarnung, a ginn dofir selektionéiert (d. h. an dësem Fall z. B. net gefriess). Et kann een (am Fall vun enger stabeler Eegenschaft z. B. Längt vum Hals) dräi Aarte vu Selektiounen ënnerscheeden:

  • geriicht: et geet an eng Richtung
  • stabiliséierend: d'Extremer ginn eliminéiert
  • disruptiv: d'Extremer ginn zréckbehalen

Gen-Drift[änneren | Quelltext änneren]