Ewa Kopacz

Vu Wikipedia
Ewa Kopacz
Gebuertsnumm Ewa Bożena Lis
Gebuer 3. Dezember 1956
Skaryszew
Nationalitéit Polen
Educatioun Medezinesch Universitéit Lublin
Aktivitéit Politiker, Dokter
Partei Biergerplattform

D'Ewa Bożena Kopacz [ˈɛva bɔˈʐɛna ˈkɔpat͡ʂ], gebuer den 3. Dezember 1956 zu Skaryszew[1], ass eng polnesch Doktesch (Generalistin a Kannerdoktesch) a Politikerin (Biergerplattform - Platforma Obywatelska; virdrun Fräiheetsunioun - Unia Wolności). Si war ee Joer laang, 2014-2015, Ministerpresidentin vu Polen.

D'Ewa Kopacz war vun 2007 bis 2011 Gesondheetsministesch a vun 2011 bis 2014 Parlamentspresidentin ("Sejmmarschall") a Polen.

Den 22. September 2014 gouf si Ministerpresidentin vun der Republik Polen, als Nofollgerin vum Donald Tusk, deen zum President vum Europäesche Conseil erannt gi war. Bei de Parlamentswalen am Hierscht 2015 huet d'Oppositiounspartei PiS d'absolut Majoritéit gewonnen an d'Beata Szydlo gouf hir Nofollgerin als Ministerpresidentin.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ewa Kopacz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. https://katalog.bip.ipn.gov.pl/informacje/13678