Explosioun am Pafendall
D'Explosioun am Pafendall bezitt sech op eng Serie vun Explosiounen um Owend vum 30. Mee 1976 am Quartier Pafendall vun der Stad Lëtzebuerg. D'Ursaach vun der Katastroph war – wéi méi spéit festgestallt gouf – eng grouss Quantitéit Bensinn déi iertemlecherweis an d'ënnerierdesch Kanalisatioun lafe gelooss gouf. Duerch d'Explosioune sinn en Haiserblock zerstéiert ginn, dräi Awunner – dorënner e véier Joer aalt Kand – koumen ëm d'Liewen an tëscht 20 a 25 weider Leit goufe blesséiert. D'Tageblatt huet d'Explosioun deemools als „déi schlëmmst Katastroph zënter dem Enn vum Krich“ bezeechent.[1] Ronn 20 Haiser an der direkter Ëmgéigend waren därmoosse beschiedegt ginn, datt se hu missten ofgerappt ginn, wouduerch bal 100 Leit hiren Daach iwwer dem Kapp verluer haten.
Hannergrond
[änneren | Quelltext änneren]De Pafendall war historesch gesinn eng wichteg Duerchgangsplaz virun de Paarte vun der deemoleger Festungsstad; et war et Quartier deen dicht bewunnt war, sou datt am Joer 1806 bis zu 16 % vun der ganzer Bevëlkerung vun der Stad do gelieft hunn[2]. Nodeems d'Festung geschleeft gi war, ass de Pafendall an absënns de Deel „beim Béinchen“ en Aarbechterquartier mat gréisstendeels enger Immigrantepopulatioun ginn.[3][4]
Am Joer 1974 waren 41 % vun den Awunner vum Pafendall Immigranten, am Verglach zu 24 % fir d'Stad am Ganzen, a besonnesch d'Portugisen hunn e groussen Deel vun der Bevëlkerung vum Quartier ausgemaach.[5]
Zënter dem Ufank vum 20. Joerhonnert hate sech d'Liewensbedingungen net vill verbessert; d'Haiser ware meeschtens kleng an enk, mat engem extreem niddrege Confort. De Robert Conrad, e fréiere Chef vum Stater Logementsservice, huet dës Konditioune méi spéit als „déi schlëmmst an der ganzer Stad“ a „bal wéi am Mëttelalter“ beschreiwen.[6] Fir d'Situatioun ze verbesseren hat d'Stater Gemeng ugefaangen eng Rei vun onhygieeneschen Haiser opzekafen an ofzerappen.[7][8][6] Dowéinst war schonn en Deel vum Haiserblock, wou d'Explosioun méi spéit geschitt ass (tëscht der Uelzecht, dem Béinchen, der Eecher Gaass an der Bréckergaass) schonn net méi bewunnt.[9] Am Januar 1976, just véier Méint virun den Explosiounen, hat de Sater Gemengerot e Plang fir d'Renovatioun vum Block guttgeheescht, deen d'Erhale vun de bestoenden Gebaier an d'Schafe vun enger verkéiersberouegter Strooss virgesinn hätt, wat zu där Zäit eng „revolutionär Iddi“ war.[10]
Gasexplosiounen a Bränn waren an der Noperschaft net ongewéinlech. Den 21. September 1973 huet z. B. e Mann am Haff vun engem Gebai an der Rue Laurent Menager probéiert eng Gasfläsch unzeschléissen. Well säin Haus kee Stroumuschloss hat, huet en eng Käerz ugefaange fir besser ze gesinn, wat zu enger staarker Explosioun an engem grousse Feier gefouert huet; véier Leit si blesséiert ginn. Et war deemools, wéi et schéngt, den drëtte Brand bannent dräi Joer.[11]
Explosioun
[änneren | Quelltext änneren]
Den 30. Mee 1976, um Sonndegowend 21:20 Auer, hunn d'Awunner op 45 vun der Laurent-Menager-Strooss, e verdächtege Gasgeroch bemierkt an hunn doropshin d'Gaswierk vun der Stad ugeruff. Zéng Minutte méi spéit war e Mann vun der Permanence vum Gaswierk op der Plaz, deen awer festgestallt huet, datt de Geroch net vum Gas kéim, well d'Leitungen intakt waren.[12]
Kuerz drop, géint 21:40 Auer, gouf et déi éischt Explosioun op der Nummer 3 vun der Rue du Pont, an am Bistro niewendrun. D'Haus Nummer 3 ass bal komplett an e Koup gefall, wouduerch eng Fra an e Kand, déi ënnert de Steng begruewe goufen, ëm d'Liewe koumen. E Mann war an der Fënster blockéiert, well seng Bee vu Gestécks ageklemmt waren.[12][13] Duerch dës éischt Explosioun ware vill Leit aus hiren Haiser gelaf wat – zesumme mat der Tatsaach, datt vill aner Leit an de Caféen am Quartier ënnerwee waren – d'Zuel vun den Doudege warscheinlech limitéiert huet.[12] D'Rettungsekippen déi um 21:56 Auer alarméiert goufen, sinn op d'Plaz gefuer, awer géint 22:10 Auer, wéi de Mann, deen an der Fënster stouch, gerett gouf, ass eng zweet Explosioun geschitt, déi als vill méi schlëmm wéi déi éischt beschriwwe gouf[13] an duerch déi e puer Gullisdeckelen duerch d'Luucht geschleidert goufen. Mat engem Megafon huet de Pompjeeskommandant d'Leit opgeruff, d'Géigend z'evakuéieren, fir méiglecherweis weider Affer ze verhënneren.[14] Am Ganze koum et ongeféier zu enger hallef Dosen Explosiounen, déi warscheinlech duerch d'Feier no der éischter Explosioun, a Kombinatioun mat Gas verursaacht goufen.[15][16]
Iwwer 100 Leit vun de Rettungsekippe waren op der Plaz, dorënner Ambulanciere mat enger „Flott vun Ambulanzen“, Beruffspompjeeën, Police, Gendarmerie, Arméi, Rout Kräiz a Protection civile, mat Ekipen aus der Stad an der Ënnerstëtzung vu Lëntgen, Mamer a Beetebuerg.[17][18][12] E puer Pompjeeën op der Plaz ware bis zu 29 Stonnen am Asaz.[19] Well de Geroch vu Gas flossof bis op Eech a Weimerskirch ze riche war, gouf de Gas an enger Rëtsch Stroossen an der Noperschaft ofgespaart an et gouf e Schaumextrakt an d'Kanalisatioun gesprëtzt, fir weider Explosiounen ze verhënneren.[20] Méi spéit an der Nuecht sinn d'Buergermeeschtesch vun der Stad Lëtzebuerg, Colette Flesch, an den Inneminister Jos Wohlfart op d'Plaz komm, fir sech e Bild vum Ausmooss vun den Explosiounen ze maachen.[17] Den Dag drop huet d'Colette Flesch an enger offizieller Erklärung virum Gemengerot – an nodeems si eng séier Entschiedegung fir d'Affer versprach hat[15] – d'Evenement als eng vun de schlëmmste Katastrophen an der Friddenszäit beschriwwen.[1]
Affer a Suitten
[änneren | Quelltext änneren]
Dräi Leit koumen duerch d'Explosioun ëm d'Liewen; hir Läiche goufen den 31. Mee géint 2 Auer moies am Gestécks vun den Haiser 1 an 3 an der Rue du Pont gebuergen. D'Affer waren de 36 Joer ale Lëtzebuerger Emile „Mulles“ Mauer vu Rëmeleng (*04.09.1939), déi 35 Joer al Portugisin Maria Da Conceição Antunes, gebuer zu Torres Vedras (*30.11.1940), an hire véier Joer ale Jong[21] Nuno Duarte Antunes Ramos (*18.12.1971).[1][22]
Tëscht 20 a 25 Leit goufe beim Accident blesséiert. Zwee Schwéierblesséierter goufen an der Klinick zu Eich behandelt,[23][3] e puer hate komplizéiert Bréch, Verbrennungen oder eng Gasvergëftung. Ënnert de Blesséierte waren dräi Pompjeeën[12], vun deenen ee vun engem Gullisdeckel deen duerch d'Loft geschleidert gouf, um Kapp getraff gouf,[19] gradewéi e 5 Joer aalt Meedchen, dat no 7 Stonne lieweg ënnert de Steng fonnt gouf.[23]
Verschidde Rapporte schwätzen dovun, datt 150 bis 200 betraffen Awunner, déi an den Haiser laanscht d'Rue du Pont an d'Rue Laurent Menager gewunnt hunn, direkt no der Katastroph delocaliséiert goufen. Se haten all en Usproch op en „Afferzertifikat“ op onbestëmmt Zäit, mat deem hinnen eng temporär Ënnerkonft an enger Rei vu Gebaier, an d'Ënnerstëtzung vun de Sozialdéngschter vun der Stad zougestane gouf. Déi meescht Awunner, bis zu 93 an der éischter Nuecht, goufen an der Pafendaller Jugendherberg logéiert, anerer kruten en Ënnerdaach an enger Rei vun anere Gebaier am Pafendall, an anere Quartieren oder zu Esch-Uelzecht. Bannent enger Woch konnten d'Awunner vun allen Haiser – ausser dräi Haiser an der Rue Laurent Menager – an hiert Doheem hanneschtgoen, nodeems se vun Experten als bewunnbar ugesi goufen[24]. Am Ganzen hunn ongeféier 93 Leit hiert Doheem verluer,[25] entweeder well et direkt zerstéiert oder als onbewunnbar bewäert gouf.[24]
Dem Historiker Michel Pauly no war den Ëmgang mat de ville portugiseschen Awunner déi hu misste relogéiert ginn, problematesch. Et war keen Dolmetscher do, fir d'Kommunikatioun tëscht hinnen an de Verantwortleche vun der Stad ze garantéieren. D'Stad Lëtzebuerg hat geplangt, se temporär an der Kasär um Härebierg ënnerzebréngen, obwuel der just e puer vun hinnen en Auto haten. Dofir, wéi de Pauly behaapt, hu si missen e puer Nuechten am Stater Park schlofen.[5]
Enquête a Prozess
[änneren | Quelltext änneren]
D'Ursaach vun der Explosioun war net direkt kloer. Et gëtt erzielt, datt an der Woch no der Katastroph eng Rei vun Awunner aus dem Pafendall dovun ausgaange sinn, datt se duerch Äerdgas verursaacht gi wier. Bis den 1. Juni gouf no enger Fuite vu Bensinn als Ursaach vun der Explosioun gesicht, well Experten Dausende vu Liter Bensinn an der Beggener Kläranlag festgestallt haten. Den Dag drop gouf en Zeienopruff publizéiert fir erauszefannen op den 30. Mee e Bensinnsgeroch an der Géigend bestoung oder ob een Informatiounen iwwer verdächteg Bensinnsliwwerungen den 29. oder 30. Mee hätt.
De 4. Juni huet de Républicain Lorrain als éischten eng Nott vun der Police publizéiert, mat Conclusiounen aus enger grëndlecher Enquête vun der Police an de forenseschen Experten: den Owend vum 30. Mee sollt e Camionschauffer ouni Experienz vun der Transportfirma Intralux am Depot vun der Pëtrolsfirma Elf zu Zéisseng 10.000 Liter Bensinn[26], déi vun enger Liwwerung vum Dag virdrun iwwereg bliwwe waren, an en ënnerierdesche Reservetank pompelen. De Chauffer hat deen Tank virdrun nach ni benotzt an huet – ouni et ze wëssen – déi 10 Fudder Bensinn an den Ölabscheider amplaz an den Tank lafe gelooss. Duerch den Iwwerlaf vum Ölabscheider ass de Bensinn dunn an d'Kanalisatioun komm[24][22] an a Richtung Pafendall, ee vun den niddregste Punkten an der Stad, gelaf; d'Gase koumen esou an d'Kellere vum Quartier an hu sech do gesammelt. E Fonken, dee wéi et heescht, vun engem Frigoskompressor koum, huet dunn d'Gasen an de Bensinn ugefaangen, wouduerch déi éischt Explosioun entstanen ass.[3][27][28]
Et gouf matgedeelt, datt de Chauffer, deen am Feeler war, sech selwer gemellt huet a verhéiert awer net verhaft gouf, well hien eréischt e puer Woche fir d'Firma geschafft hat a mat de Systemer an der Ariichtung net vertraut war.
De Prozess iwwer d'Explosioun huet de 25. Mäerz 1981 virum Polizeigeriicht Lëtzebuerg ugefaangen. Dräi Persoune waren ugeklot: de Liwwerant Remy Faber, dee fir dat falscht Afëlle vum Bensinn verantwortlech war, an d'Bridder Ernest a Marcel Ehlinger, déi zum Zäitpunkt vun der Explosioun d'Direktere vun Elf respektiv Intralux waren. Déi zentral Fro vum Prozess war, ob d'Explosioun duerch Bensinnsdämp verursaacht gouf, wéi d'Police an den Deeg no der Katastroph festgestallt hat, oder duerch eng Gasfuite, wéi d'Verdeedeger argumentéiert hunn.[29][30] Nodeems eng Rei vun Experte gehéiert goufen, huet d'Geriicht d'Theorie vun de Bensinnsdämp confirméiert: de Remy Faber an de Marcel Ehlinger goufen den 8. Juli fräigesprach an den Ernest Ehlinger zu enger Prisongsstrof op Sursis vun 8 Méint an enger Geldstrof vun 100.000 Frang verurteelt; do dernieft sollt e 5 Millioune Frang Schuedenersatz un dräi Versécherungsgesellschafte bezuelen.[31]
Neiopbau
[änneren | Quelltext änneren]Planung
[änneren | Quelltext änneren]
Iwwer 20 Haiser goufen duerch d'Explosioun beschiedegt, an obwuel déi meescht duerno nach stoungen, gouf de ganze Block schlussendlech ofgerappt. D'Haiser Nummer 1 an 3 an der Rue du Pont goufen direkt ofgerappt[23], iwwerdeems op d'mannst 17 anerer, déi als onbewunnbar oder net erhalenswäert ugesi goufen, vum 15. Juni un ofgerappt goufen.[32]
An den Deeg no der Katastroph huet d'Buergermeeschtesch Flesch erkläert, datt d'Rekonstruktioun vum Pafendall eng „absolut Prioritéit“ wier, an datt de Prozess souwuel den architektonesche Charakter vum Quartier wéi och de Bedierfnesser vun den Awunner berécksiichtege misst[32]. E Masterplang fir d'Rekonstruktioun, op der Basis vun de bestoende Pläng vum Architektegrupp Ewert-Haagen-Jagen, an déi de Januar virdru guttgeheescht gi waren, gouf am September 1976 guttgeheescht[33][34]. E séieren Opbau sollt duerch d'Tatsaach, datt bal de ganzen Terrain scho virdrun der Stad Lëtzebuerg gehéiert huet, erliichtert ginn.[35] Trotzdeem, wéinst der ausdrécklecher Noutwennegkeet, sécherzestellen, datt keng änlech Katastroph an Zukunft geschitt, an duerch de Retard vum Gemengerot bei der Geneemegung vun engem definitive Plang fir den Neibau, huet et bis September 1977 gedauert, bis iwwer en Architekteconcours decidéiert gouf, an duerno bis Juni 1978, ier et mam Schantje lass gaangen ass. [32]
Am Oktober 1978 goufen d'Architekte Fritsch, Herr an Huybenrechts als Gewënner vum Concours bekannt ginn. Hiert Konzept, dat aus Holland staamt, huet sech op en zentralen Haff konzentréiert, op deen ee vun de Haiser ronderëm kucke kann a sech architektonesch mam Rescht vum Quartier vermësche géif; de Projet huet 39 Haiser fir am Ganzen ongeféier 120 Awunner begraff.[7][36] Och wann de Bau kuerz drop hätt sollen ufänken, sou koum et zu weidere Verspéidungen; nieft ongeplangten technesche Schwieregkeeten um Terrain, goufen déi initial Baukäschte vun 149 Millioune LUF vum Gemengerot als ze héich ugesinn, an en huet gefuerdert, datt de Projet misst ugepasst ginn; dat huet zu engem weidere Retard vun e puer Joer gefouert.[37] Um fënnefte Joresdag vun der Katastroph, am Joer 1981, gouf eng Protestmanifestatioun organiséiert, un där bis zu 200 Leit a Trauerkleeder deelgeholl hunn, an déi aus Protest wéinst de Verspéidungen op dem nach ëmmer eidelen Terrain e symbolesche Grondstee geluecht hunn.[38]
Bau a Rehabilitatioun
[änneren | Quelltext änneren]
D'Baugeneemegung fir déi definitiv Versioun vum Projet gouf am August 1982 ausgestallt; e bestoung aus 12 Eefamilljenhaiser, 17 Appartementer, 4 Studioen, engem Café, engem Geschäftslokal an engem Gemeinschaftssall, fir e Präis dee sech schlussendlech op 230 Millioune LUF beziffere sollt.[39] De Grondstee fir de Wunnengsprojet Beim Béinchen (och alt Um Béinchen genannt) gouf de 25. Februar 1983 geluecht, woubäi déi haiteg (Stand: 2026) Buergermeeschtesch Lydie Polfer den éischte Spuedestéch gemaach huet.[39] De Bau huet eppes iwwer dräi Joer gedauert, an d'Aweiungszeremonie, bei där d'Lydie Polfer eng Plack fir d'Affer vun der Explosioun devoiléiert huet, war den 20. September 1986, gutt zéng Joer no der Katastroph.[40]
All d'Wunnenge goufen als Sozialwunnengen zur Verfügung gestallt, andeems se vun engem Gesetz profitéiert hunn, dat 1979 vun der Chamber wärend der Planungsphase vum Projet ugeholl gouf, an dat fir d'éischt Kéier e formelle Status fir Sozialwunnengen zu Lëtzebuerg geschaf huet.[41] Obwuel et en ursprénglecht Zil vum Neibauprojet war fir déi fréier Awunner, déi zeréck wollten, do ënnerzebréngen, hu just 8 Familljen dat gemaach,[42] absënns well déi meescht schonn eng permanent Wunneng enzwousch anescht fonnt haten. Bis zu engem gewësse Grad huet dësen „Austausch“ vun Awunner zu enger soziologescher Rekompositioun vum Quartier gefouert, wat dem Jean-André Stammet, dem President vum lokalen Interesseveräin no, d'„Zerstéierung vum soziologesche Stoff [vum Quartier]“ markéiert huet.[3][43]
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Explosioun am Pafendall – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- 1 2 3 (de) Fernand Weides, Das schwerste Unglück seit Kriegsende. In: Tageblatt, Digitised by the National Library of Luxembourg nº 125, S. 4 (01.06.1976). Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ Syndicat d'intérêts locaux Pfaffenthal-Siechenhof (Ed.): Kanner o Kanner: eng Hymne op eng eenzegaarteg Ënnerstad. 2. Oplo, Saint-Paul, 2023, ISBN 978-99959-0-852-2., S. 74-75.
- 1 2 3 4 (fr) Alexandra Parachini, Ce jour terrible qui a bouleversé le Pfaffenthal. Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ (fr) Jean-Paul Hoffmann, Pfaffenthal. onsstad Nr 13, S. 3 – 6 (1983). Gekuckt den 31.05.2026.
- 1 2 Michel Pauly: Die Geschichte der Stadt Luxemburg in 99 Objekten. Capybara Books, 2022, ISBN 978-99959-43-46-2, S. 380 (de).
- 1 2 LH, BT, 46 forum 311 (Ed.): Die Explosion im Béinchen – Robert Conrad, ehemaliger Leiter des Service logement der Stadt Luxemburg, über den 30. Mai 1976. 21.09.2011, S. 46 – 47 (de). Die Explosion im Béinchen www.forum.lu (gekuckt den 31.05.2026).
- 1 2 (de) Pfaffenthal, ein Jahr nach der Explosionskatastrophe vom 30. Mai 1976.. 28.05.1977 n° 121, S. 7. In: Luxemburger Wort, 130. Jg., Digitised by the National Library of Luxembourg. Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ Kanner o Kanner, S. 78
- ↑ Kanner o Kanner, S. 64
- ↑ Kanner o Kanner, S. 193
- ↑ (de) Mehrere Schwerverletzte bei Gasexplosion in Pfaffenthal. In: Luxemburger Wort, 126. Jg., Digitised by the National Library of Luxembourg n° 218, S. 6. (22.09.1973). Gekuckt den 31.05.2026.
- 1 2 3 4 5 (de) «Eine der schwersten Katastrophen in Friedenszeiten». In: Revue, 31. Jg., Digitised by the National Library of Luxembourg nº 23, S. 10 (05.06.1976). Gekuckt den 31.05.2026.
- 1 2 (de) Katastrophe in Friedenszeiten. In: Revue, 42. Jg., Digitised by the National Library of Luxembourg nº 39, S. 16 (25.09.1986). Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ (fr) Christelle Brucker, Il y a 50 ans, une série d'explosions dévastait le Pfaffenthal : «C'était comme à la guerre» (30.05.26). Gekuckt den 31.05.2026.
- 1 2 (fr) Danièle Hayum, 30 mai 1976: une explosion catastrophique a bouleversé le Pfaffenthal. www.virgule.lu. Gekuckt den 30.05.2026.
- ↑ (en) Alannah Meyrath; Josh Oudendijk, May 1976: Remembering Luxembourg's worst gas explosion: video. RTL Today (20.08.2024). Gekuckt den 31.05.2026.
- 1 2 (de) Schwere Explosionskatastrophe in Pfaffenthal. In: Luxemburger Wort, 129. Jg., Digitised by the National Library of Luxembourg n° 124, S. 5. (31.05.1976). Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ (de) Konferenz über die Katastrophe in Pfaffentfia. In: Luxemburger Wort, 130. Jg., Digitised by the National Library of Luxembourg n° 31, S. 7 (07.02.1977). Gekuckt den 31.05.2026.
- 1 2 (de) Sophie Hermes, Explosion von 1976 – Das Pfaffenthal erinnert sich. www.wort.lu (01.06.2016). Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ (de) A.S.; F.W., Furchtbare Explosionen in Pfaffenthal. In: Tageblatt, Digitised by the National Library of Luxembourg nº 124. S. 1 (31.05.1976). Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ verschidden Noriichtemeldunge bezeechnen d'Kand als e Meedchen; Nuno ass awer e männleche Virnumm, an e Lieserbréif vum Nuno sengem Papp, deen den 22. Dezember 1976 publizéiert gouf, bezitt sech op d'Kand als säi Jong: (fr) Où est resté l’argent?. In: Luxemburger Wort, Digitised by the National Library of Luxembourg 129. Jg., n° 295, S. 11 (22.12.1976). Gekuckt den 31.05.2026.
- 1 2 (en) Luxembourg remembers horrific gas explosion, 40 years ago. www.luxtimes.lu (30.05.2016). Gekuckt den 31.05.2026.
- 1 2 3 (de) In Pfaffenthal müssen wenigstens 17 baufällige Häuser abgetragen werden Noch keine absolute Klarheit über die Ursachen der Explosionskatastrophe.. In: Luxemburger Wort, Digitised by the National Library of Luxembourg 129. Jg., n° 125, S. 6 (01.06.1976). Gekuckt den 31.05.2026.
- 1 2 3 (de) Mars Di Bartolomeo; Roby Raus, Das Rätselraten um die Explosionsursachen und die Verantwortlichen der Katastrophe in Pfaffenthal scheint beendet. In:Tageblatt, Digitised by the National Library of Luxembourg nº 129, S. 1 (05.06.1976). Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ (de) mx, Pfaffenthal, 10 Tage danach. In: Revue, 31. Jg., Digitised by the National Library of Luxembourg nº 24, S. 13. (12.06.1976). Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ A verschidden Artikele goung vun 20.000 Liter amplaz vun 10.000 rieds; am Joer 1981 ass d'Geriicht zur Konklusioun komm, datt et 11.000 Liter waren.
- ↑ (en) Procession to Honour Victims of 1976 Explosion in Pfaffenthal. www.chronicle.lu (26.05.2016). Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ (fr) L'explosion du 30 mai 1976 à Luxembourg-Pfaffenthal. www.pfaffenthal.info. Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ (de) Pfaffenthal 1976: Was löste die Katastrophe aus: Benzindämpfe oder Gas?.. In: Tageblatt, Digitised by the National Library of Luxembourg nº 71, S. 24 (26.03.1981). Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ (de) RW, Prozeß „Béinchen 1976”. In: Tageblatt, Digitised by the National Library of Luxembourg nº 124, S. 3 (30.05.1981). Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ (de) 8 Monate Gefängnis mit Strafaufschub in Sachen Explosionskatastrophe Pfaffenthal.. In: Tageblatt, Digitised by the National Library of Luxembourg nº 154, S. 24 (08.07.1981). Gekuckt den 31.05.2026.
- 1 2 3 Kanner o Kanner, S. 195 – 196
- ↑ Fernand Theato, Chorale Sang a Klang Pafendall - Pfaffenthal (Ed.): Die unglaubwürdige Geschichte des "Quartier Béinchen" oder Warum es so lange dauerte (In: Laurent Menager). 1985, S. 169-184 (de).
- ↑ (de) René Clesse, Um "Béinchen" rührt sich was. onsstad.vdl.lu S. 14 – 15 (1983). Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ (de) Gewinner des Architektenwettbewerbs zum Wiederaufbau des Stadtteils „Beim Béinchen" in Luxemburg-Pfaffenthal ermittelt.. In: Luxemburger Wort, 131. Jg., Digitised by the National Library of Luxembourg n° 240, S. 7 (20.10.1978). Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ Kanner o Kanner, S. 119
- ↑ Kanner o Kanner, S. 197 – 198
- ↑ (de) rd, „Hei steet d’Strauss, a weit a breet keen Haus”!. In: Tageblatt, Digitised by the National Library of Luxembourg nº 125, S. 3 (01.06.1981). Gekuckt den 31.05.2026.
- 1 2 Kanner o Kanner, S. 199
- ↑ (lb) Hei elei, kuck elei 21.09.1896 (Rediffuséiert op RTL Télé Lëtzebuerg um Sonndeg, 25. September 2016). play.rtl.lu. Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ Kanner o Kanner, S. 197
- ↑ (en) Alannah Meyrath; Josh Oudendijk, Remembering Luxembourg's worst gas explosion: video. today.rtl.lu (30.05.2026). Gekuckt den 31.05.2026.
- ↑ Kanner o Kanner, S. 10