External stowage platform

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) External Stowage Platform)
ESP-1 ass dat rechteckegt Objet um Destiny-Modul
ESP-2 ass ënner der Quest-Loftschleis
ESP-3 gëtt vum Shuttle-Aarm un de Statiounsaarm eriwwer gereecht

D'External stowage platforms (ESPs) sinn dräi Baudeeler vun der Internationaler Raumstatioun. All ESP ass e Container op der baussenzeger Säit vun der Raumstatioun an deem d'Ausrëschtungs- an Ersatzdeeler, sougenannt Orbital Replacement Units (ORUs), ënnerbruecht ginn.

ESP-1[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt External stowage platform, ESP-1, gouf mam Space-Shuttle-Fluch STS-102 op d'ISS transportéiert. Den 13. Mäerz 2001 gouf se wärend dem zweete Baussebordasaz (EVA) um baussenzege Mantel vum Destiny-Modul installéiert.

ESP-2[änneren | Quelltext änneren]

D'ESP-2 gouf den 3. August 2005 wärend dem drëtte Weltraumausstig vun der Missioun STS-114 un der Quest-Loftschleis montéiert. D'ESP-2 ass méi grouss wéi d'ESP-1 a ka sou méi Ersatzdeeler (ORUs) ophuelen.

Ufanks gouf et och véier Halterunge fir Videokamerae op der ESP-2. Bei Baussebordasätz goufen déi de 7. November 2005 um P1-Element, den 3. August 2006 um S1-Element, de 17. Juni 2007 um S3-Element an den 23. Juli 2007 um P1-Element montéiert.

ESP-3[änneren | Quelltext änneren]

D'ESP-3 gouf de 14. August 2007 wärend der Space-Shuttle-Missioun STS-118 installéiert. D'Plattform huet aacht Ophängungen, un deene bis zu siwen ORUs resp. Ausrëschtungsdeeler gelagert kënne ginn. D'Plattform huet Handgrëffer a Fixéierpunkte fir Sécherheetsléngten a Foussraste fir d'Astronauten.

D'ESP-3 gouf anescht wéi déi aner ESPen ouni Weltraumausstig nëmme mat de Roboteräerm vun der ISS a vum Shuttle op der P3-Gitterstruktur montéiert.

Am Ament si follgend ORUen um ESP-3 festgemaach:

  • Battery Charge/Discharge Unit (BCDU) – E Luet- an Entluetinstrument fir Akkuen, déi fir eng gläichméisseg Stroumversuergung wärend orbitalen Nuetsphase suergen.
  • Nitrogen Tank Assembly (NTA) – En Ersatzstéckstofftank fir ee vun de béiden Tanken, déi op den S1- a P1-Gitterstrukture montéiert sinn. D'NTAe suerge fir e reegelméissegen Drock an den Ammoniaktanken, wann déi den Ammoniak an d'Leitunge vum Killkreeslaf ofginn.
  • Pitch Roll Joint (P/R-J) – Eent vun der Canadian Space Agency gebaut Ersatzgelenk fir de Roboteraarm vun der Raumstatioun.

Wärend dem Start vun STS-118 war zudeem en Ersatzgyroskop um ESP-3 befestegt. Dee Gyroskop gouf wärend dem zweete Baussebordasaz un der ISS ugemaach an de feelerhafte Gyroskop op d'ESP-2 montéiert, well de Space Shuttle keng Méiglechkeet méi hat fir de Baudeel op d'Äerd zeréckzebréngen. Am Kader vun enger EVA bei STS-122 gouf en um Integrated Cargo Carrier vun der Raumfär Atlantis festgemaach a mat op d'Äerd transportéiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: External Stowage Platforms – Biller, Videoen oder Audiodateien