Eyjafjallajökull

Vu Wikipedia

Den Eyjafjallajökull (Islännesch: Inselbierger-Gletscher) ass ee vun de méi klenge Gletscheren an Island. Den Eyjafjallajökull läit nërdlech vun der Uertschaft Skógar a westlech vum méi grousse Gletscher Mýrdalsjökull.

Vulkan[änneren | Quelltext änneren]

D'Äiskap vum Gletscher bedeckt de 1666 Meter héije Vulkan Guðnasteinn. Dësen ass relativ heefeg zanter der leschter Äiszäit ausgebrach, déi virleschte Kéier tëscht 1821 an 1823, wéi de Gletscher duerchbrach gouf. De Krater vum Vulkan huet en Duerchmiesser vun 3–4 km. De Gletscher selwer huet eng Fläch vun 100 km².

Ausbroch 2010[änneren | Quelltext änneren]

Ëstlech vum Gletscher, um Fimmvörðuháls-Pass, ass et den 20. Mäerz 2010 zum Ausbroch komm. Eng zweet, méi staark Eruptioun huet de 14. Abrëll 2010 ugefaangen. D'Äschen, déi kilometerhéich an d'Luucht gespaut goufen, si vum Wand no Süde geblose ginn an hunn an den Deeg duerno dozou gefouert, datt an iwwer 3/4 vun Europa de Fluchverkéier huet misse gespaart ginn.

Fotogalerie[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Eyjafjallajökull – Biller, Videoen oder Audiodateien