Fändel vu Lettland
| Fändel vu Lettland | |
|---|---|
|
| |
| Land | Lettland |
| Säiteverhältnes | 2,00:1 |
| Faarwen | Karmäin, Wäiss |
| Motiv(er) | Feld |
| Offiziell ugeholl | 20. Januar 1923 |
|
| |
De Fändel vu Lettland (Lettesch: Latvijas karogs) ass däischterrout mat enger horizontaler wäisser Sträif an der Mëtt.
Beschreiwung
[änneren | Quelltext änneren]D'Gesetz vum 29. Oktober 2009 hält d'Ausgesi vum Fändel fest. D'Verhältnes vun de rouden an de wäisse Sträifen ass 2:1:2, d'Verhältnes vun der Breet an der Längt ass 1:2. D'Faarwe vum Fändel entspriechen de Faarwe Pantone 201C a Pantone-Wäiss.[1]
Déi rout-wäiss-rout Faarwen, ginn op eng mëttelalterlech Iwwerliwwerung aus der livlännescher Reimchronik zeréck, an där sou ee Fändel vun de Lettgallen ernimmt gëtt. Déi Duerstellung huet am 19. Joerhonnert lettesch Studenten derzou inspiréiert, d'Faarwe bei kulturellen Evenementer ze gebrauchen. Wärend dem Éischte Weltkrich krut d'Iddi vun engem nationale Symbol weidere Réckewand a lettesch Zaldoten hu fir d'éischt e Fändel an deene Faarwe gebraucht.[1]
No der Onofhängekeet am Joer 1918 ass de Fändel den offizielle Fändel vum Land ginn a säin Ausgesinn gouf fir d'éischt gesetzlech gereegelt. Bis zur sowjetescher Besatzung 1940 gouf en national an international unerkannt. An der Sowjetzäit war e verbueden a gouf mat der Resistenz associéiert. Eréischt no der zweeter Onofhängegkeetserklärung 1990 gouf de Fändel nees offiziell agefouert.[1][2]
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Fändele vu Lettland – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
[Quelltext änneren]- 1 2 3 (lv) Nacionālā enciklopēdija: Latvijas valsts karogs. Nacionālā enciklopēdija (National Enzyklopedie) (11. Oktober 2024). Gekuckt den 23. Juni 2025.
- ↑ (lv) Rudīte Spakovska, Valsts simboli: Karogs – pirmo reizi minēts 13.gadsimtā. lsm.lv (18. November 2018). Gekuckt den 23. Juni 2025.
