Fändel vun Albanien

Vu Wikipedia
Den aktuellen albanesche Fändel

Um Fändel vun Albanien (op albanesch: Flamuri i Shqipërisë) ass e schwaarzen Aadler mat zwéi Käpp op engem rouden Hannergrond ofgebilt. En ass den offizielle Fändel vun der Republik Albanien an existéiert a senger haiteger Form zanter dem 7. Abrëll 1992.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Den Aadler gouf am spéide Mëttelalter vun enger Rei adelege Famillen an Albanien benotzt (et gëtt gesot, datt e vum albaneschen Nationalheld Skanderbeg op sengem Fändel benotzt gouf) an ass zum Symbol vun den Albaner ginn. De Wope vun der Kastrioti-Famill, zu där och de Skanderbeg gehéiert huet, gouf berüümt wéi de Skanderbeg eng Revolt géint d'Osmanescht Räich ugefouert huet, déi tëscht 1443 an 1478 zu enger kuerzer Onofhängegkeet vu verschiddenen albanesche Regioune gefouert huet. Den Aadler kënnt u sech vun Emblemen aus dem Byzantinesche Räich, haaptsächlech vun der Palaiologendynastie.

Am spéiden 19. a fréien 20. Joerhonnert gouf den Aadler mat zwéi Käpp nees vun albaneschen Nationalisten an hirer Campagne fir d'Onofhängegkeet vum Osmanesche Räich benotzt. Den 28. November 1912 ass d'Onofhängegkeet vun Albanien zu Vlora deklaréiert ginn an de Fändel, dee vum Ismail Qemali opgezu gouf, gouf als Symbol vun der neier Natioun adoptéiert.

Am Laf vun der Zäit huet den albanesche Fändel eng Rei Ännerungen duerchgemaach a gouf reegelméisseg vun deene Leit, déi un der Muecht waren, modifizéiert. Wärend der Regentschaft vum Kinnek Zog (1928-1939) koum eng Kroun derbäi, a wärend der italieenescher Besatzung vun Albanien goufen zwou Fäschen derbäigesat. Nom Enn vum Zweete Weltkrich huet déi kommunistesch Regierung e gëllene Stär mat fënnef Ecken iwwer dem Aadler säi Kapp gesat, deen de 7. Abrëll 1992, nom Zesummebroch vum Kommunismus, erëm ewechgeholl gouf.

Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Déi albanesch maritim Fändelen - souwuel den ziville wéi och de militäreschen - ënnerscheede sech vum Nationalfändel. Dee vun der Handelslott huet dräi horizontal Sträifen an de Faarwe rout-schwaarz-rout. De Fändel vun der Krichsflott gläicht dem Nationalfändel, ausser datt den Hannergrond wäiss ass an e just um ënneschten Deel eng rout Sträif huet.

Tëscht 1995 an 2000 war de Kapp vum Aadler op enger Fënnef-Lekë-Mënz ofgebilt.

Vun 1969 un ass den albanesche Fändel och wäitleefeg inoffiziell am Kosovo, deemools nach Deel vu Jugoslawien, vun der majoritär albanescher Bevëlkerung gebraucht ginn. An den 1990er Joren huet och déi net-unerkannt Republik Kosova de Fändel benotzt. Am Fändel vun der haiteger Republik Kosovo gëtt den Aadler net méi benotzt, fir keng Symboler ze benotzen, déi mat enger bestëmmter ethnescher Grupp assoziéiert kënne ginn. Trotzdeem gëtt den albanesche Fändel och haut nach dacks vun der ethnesch albanescher Bevëlkerung am Kosovo, an Nordmazedonien an am Südmontenegro benotzt.

Galerie[änneren | Quelltext änneren]

Nationalfändel (chronologesch)[änneren | Quelltext änneren]

Aneren offizielle Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Aneren inoffizielle Gebrauch[änneren | Quelltext änneren]

Quellen[änneren | Quelltext änneren]