Fäsch

Vu Wikipedia

Eng Fäsch ass e Bëndel vu rengen Aaschtspëtzen déi mat Fäschendrot zesummegebonne gi fir se sou gutt transportéieren a lageren ze kënnen. D'Geschir dat dofir gebraucht gëtt ass e Fäschebock. Eng Fäsch ass ronn 1 Meter bis 1,20 Meter laang.

D'Fäsche goufen am Stot gebraucht fir rengt Brennmaterial ze hunn, fir e Feier unzefänken. Dofir goufen aus der Fäsch e puer Äscht geholl an op Uewemooss gebrach.

Am Ganze goufe Fäsche gebraucht fir de Bakuewen ze hëtzen. Dobäi war et wichteg datt se gutt dréche waren, awer se hunn net däerfen ze vill al sinn, soss war wéi och bei anerem Holzbrennes, den Hëtzwäert net méi héich genuch.

Fäschen a verschiddene Formen ginn och am Waasserbau an am Stroossebau gebraucht fir d'Uwänner ze stabiliséieren.

Eng besonnesch Zort vu Fäsche sinn d'Loubierden déi aus zesummegestréckte Lousträife bestinn.

Fäschen am Rauteverband an engem Stroossenhank
Fäscheverbau um Templiner Kanal