Fédération du sport cycliste luxembourgeois

Vu Wikipedia
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Fédération du sport cycliste luxembourgeois, ofgekierzt F.S.C.L., ass de lëtzebuergesche Verband vum Vëlossport.

(Bis den 23.02.1947: Fédération des sociétés cyclistes luxembourgeoises.)

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

Den 13. Mee 1917 sinn am Café des Mille Colonnes Vertrieder vun néng Vëlosveräiner zesummekomm fir d'F.S.C.L. ze grënnen. Am éischte Comité waren de Nobert Duren als President, de Michel Wormeringer als Vizepresident, de François Peusch als Sekretär an de Nicolas Bewing als Tresorier.

Déi éischt Federatioun war d'Union Vélocipédique Luxembourgeoise (U.V.L.) De 4. Mee 1896 war eng Reunioun vu verschidde Veräiner fir eng Federatioun op d'Been ze setzen. De 7. Juni ass dann zu Munneref déi éischt Vëlos-Federatioun vun de Veräiner "Rapid" Lëtzebuerg, Veloce-Club Diddeleng a Veloce-Club Rëmeleng offiziell gegrënnt ginn. Am Comité waren: Ferdy Schaeffer, Lëtzebuerg, President; Kihn, Diddeleng, Vizepresident; Klensch, Lëtzebuerg, Sekretär; Meysenburg, Rëmeleng, Tésorier. Member waren: Henri Baclesse, Lëtzebuerg; Wenner, Diddeleng a Wilhelm (Kayl ?).

Vun 1908 un gouf et allerdéngs ënner dem Félix Wilmes eng Cyclistesektioun an der Fédération des Sociétés Luxembourgeoises des Sports Athlétiques, ofgekierzt F.S.L.S.A., déi sech ëm de Vëlossport zu Lëtzebuerg bekëmmert huet.

Weider Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

Déi éischt affiliéiert Veräiner waren:

  • 1) Union Vélocipédique Strassen
  • 2) La Pédale Muhlenbach
  • 3) Vélo Sport Mamer
  • 4) Club Cycliste Hollerich
  • 5) La Pédale 07 Schifflange
  • 6) Les Cyclistes Useldange
  • 7) L'Express Mondercange
  • 8) Les Cyclistes Kayl
  • 9) Union Cycliste Rollingergrund

Presidenten[1][änneren | Quelltext änneren]

Affiliatiounen[änneren | Quelltext änneren]

Veräiner[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Dirigenten Der FSCL von 1917 bis 2011 - Präsidenten, Bressler, Henri, Fernand Thill, 2011: Die Geschichte des Luxemburger Radsports. Band 2. Fahrer und Vereinigungen., Éditions Schortgen, ISBN 978 2 87953 115 1, S. 156