Fédération luxembourgeoise de marche populaire
| Fédération luxembourgeoise de marche populaire | |
|---|---|
| Rechtsform | Association sans but lucratif |
| Ofkierzung | FLMP |
| Sëtz |
3, Route d'Arlon L-8009 Stroossen |
| President | Romain Buschmann (Stand 2025/2026)[1] |
| Vizepresident | Paul De Jager (Stand 2025/2026)[1] |
| Éierepresident |
Léon Gryseleyn Raymond Clause (Stand 2023/2024)[1] |
| Generalsekretär | Georges Kintziger (Stand 2025/2026)[1] |
| Tresorier | Romain Kremer (Stand 2025/2026)[1] |
| Member vu(n) | Comité olympique et sportif luxembourgeois |
| RCS | F1749 |
| Websäit | https://www.flmp.lu/ |
|
| |
D'Lëtzebuerger Wandersportfederatioun[2], offiziell Fédération luxembourgeoise de marche populaire, gekierzt FLMP, ass den nationalen Daachverband vun den Organisatiounen, déi sech dem Wandere verschreiwen. Et ass eng sportlech, mä net kompetitiv Federatioun.
D'FLMP ass 1972 gegrënnt an de 14. Juni 2006 am Handelsregëster als ASBL registréiert ginn[3].
Se huet hire Sëtz zu Stroossen an ass Member vum COSL an zënter 1972 vum internationale Vollekssportverband (IVV) ((de) Internationaler Volkssportverband; (fr) Fédération internationale des sports populaires, gekierzt FISP), deen 1968 zu Lindau vu Veräiner aus Däitschland, der Schwäiz, Liechtenstein an Éisträich gegrënnt gouf.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]D'FLMP ass 1972 gegrënnt ginn. D'Grënnungsmembere waren d'Veräiner Starfighter Footing Team (Bieles), Eurotramps (Beetebuerg) an Entre bons amis (Lenneng).
Organisatioun
[änneren | Quelltext änneren]De President vun der FLMP ass zënter 2021 de Romain Buschmann.
Fréier Presidenten
[änneren | Quelltext änneren]- René Hochstrass (1972 - )
- …
- Raymond Claude (2004 - )
- Léon Gryseleyn (?? - ??)
- …
Membere vun der FLMP
[änneren | Quelltext änneren]46 Wanderveräiner si Member bei der FLMP[Wéini?]. Si organiséieren all Joer ronn 80 Wanderungen, un deenen am Schnëtt ronn 1.000 Wanderer deelhuelen.
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Lëscht vun de lëtzebuergesche Wanderveräiner.
Kuckt och
[änneren | Quelltext änneren]Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]- Internetsäit vu der Fédération luxembourgeoise de marche populaire
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- 1 2 3 4 5 Conseil d'Administration FLMP. www.flmp.lu. Gekuckt den 30.03.2026.
- ↑ Esou steet et um Logo „Wander Summer“ vun der FLMP
- ↑ Am Handelsregëster (lbr.lu) ënner der Nummer F1749 agedroen
