Fédération luxembourgeoise de tennis
D'Fédération luxembourgeoise de tennis, ofgekierzt F.L.T., ass de lëtzebuergeschen Tennisverband.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]
Mir schreiwen d'Joer 1946. Ënner dem Impuls vum Gaston Wampach an dem Géza Wertheim gëtt d'Lëtzebuerger Tennisfederatioun gegrënnt. Déi zwéi Spiller wollte sech der internationaler Tennis-Elite als Ekipp stellen a fir déi bekannt Davis Cup mat spillen. Et waren d'Stare vu virum Zweete Weltkrich - wéi d'Fransousen Henri Cochet a René Lacoste oder den Englänner Fred Perry - déi dem Davis Cup hire Stempel opgedréckt a se iwwer d'Grenzen ewech populär gemaach hunn. D'Demande vun de lëtzebuergeschen Athlete fir an der Davis Cup matzemaachen ass awer vun der Internationaler Tennisfederatioun ofgeblockt ginn. Hir offiziell Begrëndung: Nëmmen eng Federatioun als Vertriederin vun engem Land kann un dëser prestigiéiser Kompetitioun deelhuelen.
Déi zwéin Athleten hu sech also fir d'Schafe vun enger Federatioun staark gemaach. De 14. Februar 1946 hu sech Vertrieder vun den Tennisclibb Esch, Déifferdeng, Diddeleng, Iechternach, Rëmeleng, Dikrech an den Arquebusiers am Hôtel Mille Colonnes an der Stad Lëtzebuerg zesummegesat, a si hunn decidéiert, eng Federatioun opzebauen. Ee Mount méi spéit, de 14. Mäerz 1946, ass d'lëtzebuergesch Federatioun ënner der juristescher Form asbl mat dem Numm Fédération Luxembourgeoise de Tennis gegrënnt ginn. De 4.Juli gouf si Member vun der internationaler Tennisfederatioun. Offiziell gouf si am Memorial Nummer 41. den 13. Juli 1946 publizéiert. Den éischte President war den Alex Servais.
Sou war dann de Wee op, fir an der Coupe Davis matzespillen, wat och am Joer 1947 de Fall war. De Gaston Wampach an de Géza Wertheim hu géint d'Belsch an der éischter Ronn vum 2.bis de 4. Mee 1947 zu Bréissel gespillt.
Tennis ass awer scho laang virdrun hei zu Lëtzebuerg praktizéiert ginn, an zwar am Ufank vum 20. Joerhonnert, ëm 1900 zu Dikrech. Et waren englesch Touristen a Studenten, déi den Tennissport op Lëtzebuerg bruecht hunn. Zanter ronn 20 Joer gouf et den All England Croquet and Lawn Tennis Club bei London. Vläicht waren et Membere vun dësem Club, déi den Hôtelier Alexis Heck a sengem Hôtel des Ardennes zu Dikrech dozou bruecht hunn, en Tennis-Terrain ze bauen. Ganz séier hunn och déi Dikrecher Spaass mat dësem elegante Sport kritt, an 1902 ass den Dikrecher Tennis-Club gegrënnt ginn. 1904 ass den éischten Tennis-Club am Minett, den TC-Diddeleng, op d'Bee gesat ginn; zwee Joer duerno war et dann zu Esch de Football and Lawn Tennis Club d'Fola. Domat sinn déi éischt Schrëtt gemaach gewiescht. 1913 huet de Sporting Club vu Lëtzebuerg den éischten Tennistournoi am Lëtzebuerger Land organiséiert; dat Joer drop gouf et den éischten Interclubmatch tëscht Lëtzebuerg an Esch. Den Éischte Weltkrich ënnerbrécht dann awer ganz abrupt a brutal dës Tennisaktivitéiten.
De Schwonk ass awer net méi opzehale gewiescht: 1917 ënnersteet de Rëmelenger Veräin, a kuerz no dem Éischte Weltkrich ass 1922 an der Stad Lëtzebuerg de bekannten Tennisclub d'Schéiss am Kräizgrënnchen ze fannen.
Déi éischt international Aktivitéit vun engem lëtzebuergeschen Tennispiller war 1924 op den olympesche Spiller zu Paräis ze begéinen: de Camille Wolff ass am Eenzel an am Dubbel-Mixte mam Rozel Le Gallais ageschriwwen, mä de Camille Wolff hat net vill Chance mat der Auslousung, well hien ass direkt géint ee vun de Favorite geroden: de staarken Italieener De Morpurgo, spéideren Halleffinalist; am Dubbel-Mixte huet hie misse Forfait umelden.
Zu Iechternach ass am Joer 1924 och den éischten Tennisclub entstanen. D'Felder si finanzéiert ginn, andeems all Member 100 Frang bäigesteiert huet. Nieft verschiddene Frëndschaftsmatcher ass den éischten internationalen Tournoi 1929 zu Iechternach gespillt ginn, an dat sollt den Ufank vun enger laanger Serie ginn, déi ëmmer international héich quotéiert Tennisspiller op Iechternach gezunn huet.
D'Presidenten[änneren | Quelltext änneren]
- Alex Servais 1946 - 1948 3 Joer
- Georges Reuter 1949 - 1962 14 Joer
- Géza Wertheim 1963 - 1965 3 Joer
- Frantz Think 1966 - 1968 3 Joer
- Josy Dunkel 1969 - 1972 4 Joer
- Georges Weyrich 1973 - 1978 6 Joer
- Georges Logelin 1979 - 1986 8 Joer
- Michel Wolter 1987 - 1993 7 Joer
- Paul Helminger 1994 - 2003 9 Joer
- Yves Kemp 2003 - 2012 9 Joer
- Claude Lamberty 2013 - …
Tennisclibb[änneren | Quelltext änneren]

- 1946 7 Arquebusiers - Dikrech - Déifferdeng - Diddeleng - Iechternach - Esch - Rëmeleng
- 1964 16 CFL - Arquebusiers - Belval - Beetebuerg - Dikrech - Déifferdeng - Diddeleng - Iechternach - Esch-Uelzecht - Ettelbréck - Miersch - Munneref - Péiteng -Rëmeleng - Stade Stengefort
- 1966 18 Bridel - Walfer*
- 1968 19 Spora
- 1969 20 Bieles
- 1971 22 Bouneweg- Wolz
- 1972 23 Senningerbierg
- 1974 24 Pineta
- 1975 26 Conter - Sandweiler
- 1977 28 Klierf - Houwald - Gréivenmaacher - (Pineta)
- 1979 30 Lorentzweiler - Veianen
- 1980 32 Schëffleng- Smash
- 1981 33 Fetschenhaff-Cents
- 1982 42 Bascharage - Bertrange - Colmar Berg - Erpeldange - Junglinster - Keispelt - Mertert Wasserbillig - Strassen - Schuttrange
- 1983 45 Bissen - Leudelange - Roeserbann
- 1984 46 Dippach
- 1985 50 Bettendorf - Feulen - Gasperich - Portennis
- 1986 56 Canach - Players Foetz - Heiderscheid - Hosingen - Mamer - Troisvierges
- 1987 60 Beggen - Remich - Roodt Syre
- 1988 64 BEI - Kenzeg Fengeg - Kockelscheuer - Rammerech - Schieren - Winners - (Portennis -Stroossen)
- 1989 62 (Belval - Keespelt/Meispelt)
- 1991 62 Redange - Itzig - (Kockelscheuer - Players Foetz)
- 1994 61 (Winners)
- 1995 60 (Feulen)
- 1996 59 (Itzig - Mamer) Cap On Line
- 1997 58 (Rammerech)
- 1998 56 (Klierf - Réiden op der Atert)
- 2001 55 (CFL)
- 2005 53 (Housen– Dippech)
Bescht Resultater[änneren | Quelltext änneren]
Hären[änneren | Quelltext änneren]
Bescht Plaz am ATP-Ranking | ||||
---|---|---|---|---|
Eenzel | Dubbel | |||
Plaz | Datum | Plaz | Datum | |
MULLER Gilles (*) | 59 | 01.08.2005 | 147 | 10.10.2005 |
SCHEIDWEILER Mike | 281 | 26.05.2003 | 272 | 30.09.2002 |
GOUDENBOUR Johny | 321 | 25.03.1985 | 252 | 25.03.1985 |
RADOUX Jacques | 458 | 13.05.1991 | 623 | 08.10.1990 |
KREMER Gilles (*) | 861 | 24.11.2003 | 457 | 28.02.2005 |
BRAM Laurent (*) | 996 | 06.03.2006 | 1431 | 06.03.2006 |
SCHAUL Pascal | 1206 | 03.05.1999 | 866 | 08.03.1999 |
THOMA Sacha | 1291 | 18.11.1996 | 1072 | 27.02.1998 |
Dammen[änneren | Quelltext änneren]
Bescht Plaz am WTA-Ranking | ||||
---|---|---|---|---|
Eenzel | Dubbel | |||
Plaz | Datum | Plaz | Datum | |
KREMER Anne (*) | 18 | 29.07.2002 | 140 | 06.05.2002 |
SCHAUL Claudine (*) | 41 | 24.05.2004 | 71 | 08.11.2004 |
* nach aktiv Spiller