Op den Inhalt sprangen

Fédération sportive ardennaise

Vu Wikipedia
Fédération sportive ardennaise
Ofkierzung FSA
Grënnungsdatum 7. Januar 1934
Opléisungsdatum ~1940
Sëtz Wolz
Member vu(n) Ligue Internationale Sportive Amateur

D'Fédération sportive ardennaise, gekierzt FSA, war een nationale Verband vu Foussballsveräiner zu Lëtzebuerg, dee parallel zur FLF existéiert huet. Si war der Ligue Internationale Sportive Amateur ugeschloss.

D'FSA gouf de 7. Januar 1934 am Wiertshaus "Schumacher" zu Wolz gegrënnt an huet vun do u Matcher an ee Championnat organiséiert. Dat offiziellt Sproochrouer vum Verband war d'Ardenner Jugend, eng Bäilag vun der Ardenner Zeitung. D'Membersveräiner waren ufanks haaptsächlech aus dem Norde vum Land, spéider waren awer och Veräiner aus anere Géigende vum Land, wéi den FC Koeppchen Wuermer an d'Luna Uewerkuer, affiliéiert.[1]

Éischte President war de Michel Glesener vu Wolz.

D'FSA huet och eng Rei Lännermatcher organiséiert, ënnert anerem géint Frankräich an d'Belsch.[2]

Ëm 1940 hunn ëmmer méi Veräiner der FSA de Réck gedréint a sech der FLF ugeschloss, well d'Organisatioun vum Verband ze wënschen iwwreg gelooss huet.[3][4][5]

Membersveräiner vun der FSA

[änneren | Quelltext änneren]

D'Lëscht ass onkomplett.

  • Amis des Sports Esch-Uelzecht
  • Blue Boys Esch-Uelzecht
  • Bruechtebaach
  • Cercle Sportif Driicht Niederwiltz
  • Claravallis Klierf
  • Dol
  • Donkels
  • Eeschwëller
  • Ënsber
  • FC Les Ardoisiers Pärel
  • FC Luna Uewerkuer
  • Sporting Mäerzeg
  • Fëschbëch
  • Géisdref
  • Holzthum
  • Houschent
  • Racing-Club Iechternach
  • Jung Niederwoltz
  • Knapphouschent
  • US Moutfort-Medingen
  • Näertrech
  • Noutem
  • Racing Esch-Uelzecht
  • Schieren
  • Schlënnermanescht
  • Tarchamps
  • Union Réimech/Bous
  • US Bäerdref-Konsdref 01
  • US Béiwen-Atert
  • US Folscht
  • Wanseler
  • Koeppchen Wuermer

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. „Durich 200 Joer Weeltzer Geschicht gebleedert“, Emile Lutgen, 2016. S. 137
  2. (de) Zeitung fir Wooltz an d'Regioun - November 2015. S. 45. Gemeng Wolz (01.11.2015). Gekuckt den 20.03.2025.
  3. Obermosel-Zeitung. viewer.eluxemburgensia.lu (17.02.1940). Gekuckt den 20.03.2025.
  4. Escher Tageblatt. viewer.eluxemburgensia.lu (21.02.1940). Gekuckt den 20.03.2025.
  5. Luxemburger Wort. viewer.eluxemburgensia.lu (30.03.1940). Gekuckt den 20.03.2025.