Op den Inhalt sprangen

Fédération syndicaliste des facteurs et des travailleurs des P&T Luxembourg

Vu Wikipedia
Dësen Artikel zu engem Veräin oder enger Organisatioun ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Fédération syndicaliste des facteurs et des travailleurs des P&T Luxembourg
Ofkierzung FSFL
Zweck Gewerkschaft
Grënnungsdatum 1909
Opléisungsdatum 10.05.2002
Sëtz 14 rue d'Épernay
L-1490 Lëtzebuerg

D'Lëtzebuerger Bréifdréieschgewerkschaft ass den ëmgangssproochlechen Numm vun der Fédération syndicaliste des facteurs et des travailleurs des P&T Luxembourg, gekierzt FSFL[1], enger Gewerkschaft zu Lëtzebuerg déi der CGFP no stoung a sech fir d'Bréifdréier an allgemeng fir d'Personal vun der Post agesat huet.

D'Bréifdréieschgewerkschaft gouf 1909 gegrënnt[2]; uganks hat se den Numm Fédération des facteurs des postes, télégraphes et téléphones. 1985 huet se sech vun hirem Daachverband, der CGFP, ofgespléckt, nodeems et e Sträit tëscht dem Generalsekretär vun der Gewerkschaft an der CGFP gouf[3].

An der Folleg vun der sougenannter Nickts-Affär huet de Gewerkschaftskongress den 2. Februar 2002 eestëmmeg decidéiert, den deemools suspendéierte President aus der Gewerkschaft auszeschléissen. Um selwechte Kongress hunn och 661 vu 789 Membere fir d'Opléisung vun der ASBL gestëmmt. Den 10. Mee 2002 huet d'Bezierksgeriicht d'Opléise vun der Gewerkschaft gesprach.[4]


Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. am Handelsregëster ënnert F327 agedroen
  2. (de) Und wenn sich nichts ändert?. Revue (24.03.1999). Gekuckt den 18.01.2025.
  3. (de) Jos Nickts. d'Letzeburger Land, 32. Jg., nº 15, p. 2. (12.04.1985). Gekuckt den 18.01.2025.
  4. (fr) Archivéierten Dossier am Handelsregëster. lbr.lu. Gekuckt den 18.01.2025.
  5. Mémorial C65 (1959), S. 1597
  6. cf. Archivéierten Dossier am Handelsregëster, S. 261