Félix vu Lëtzebuerg

Vu Wikipedia
Félix vu Lëtzebuerg
Titelen
Biographie
Gebuer 3. Juni 1984
Maternité Grande-Duchesse Charlotte
Bestuet mat Claire Lademacher
Papp Henri vu Lëtzebuerg
Mamm Maria Teresa Mestre
Geschwëster Alexandra vu Lëtzebuerg, Louis vu Lëtzebuerg, Guillaume vu Lëtzebuerg, Sébastien vu Lëtzebuerg
Kanner Amalia vun Nassau, Liam vun Nassau, Balthazar vun Nassau

De Félix Léopold Marie Guillaume vu Lëtzebuerg, gebuer den 3. Juni 1984 an der Maternité Grande-Duchesse Charlotte zu Lëtzebuerg, ass Prënz vun Nassau a Prënz vu Lëtzebuerg. Hien ass den zweete Jong vum Groussherzog Henri a senger Fra Maria Teresa Mestre.

Studien[änneren | Quelltext änneren]

No der Primärschoul zu Luerenzweiler huet e säi Secondaire zu Lëtzebuerg an der Privatschoul Notre Dame Sainte-Sophie de Luxembourg an an der American School of Luxembourg gemaach. Vun 1998 bis 2003 ass hien an de Collège Alpin International Beau Soleil zu Villars-sur-Ollon an der Schwäiz gaangen, wou hien och säin Ofschlossdiplom krut.

Vun 2003 bis 2004 huet en e Studium a Politikwëssenschaften, Kommunikatioun a Psychologie a Groussbritannien an an der Belsch gemaach. Ausserdeem huet en an där Zäit Stagen a verschiddene Privatentreprisë gemaach.

2005 huet en am Departement Marketing & Public Relations vun enger Schwäizer Firma geschafft, déi op d'Organisatioun vu Sport- a Kulturevenementer spezialiséiert ass. Fir déi Firma ass en och weider aktiv als onofhängege Beroder.

Vun 2009 bis 2013 huet de Prënz Félix zu Roum am Pontifical Athenaeum Regina Apostolorum e Masterstudium a Bioeethik gemaach, deen e mat Erfolleg ofgeschloss huet.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De 17. September 2013 huet hien an der hessescher Uertschaft Königstein im Taunus an der Villa Rothschild d'Claire Lademacher bestuet. Déi kierchlech Hochzäit war den 21. September an der Basilika Sainte-Marie-Madeleine zu Saint-Maximin-la-Sainte-Baume am Departement Var a Südfrankräich.

Zanter hirem Bestietnes lieft d'Koppel zu Lorgues an der Provence a verwalt do de Wäindomaine Château Les Crostes vun der Famill Lademacher[1].

De 15. Juni 2014 krut d'Koppel an der Stater Maternité hiert éischt Kand, d'Amalia Gabriela Maria Teresa vun Nassau[2].

Den 28. November 2016 koum hiert zweet Kand, de Liam Henri Hartmut vun Nassau zu Genf op d'Welt[3].

Den 7. Januar 2024 koum dat drëtt Kand, de Balthazar Felix Karl vun Nassau an der Stater Maternité op d'Welt[4][5].

Patronagen[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2003 mécht de Prënz Félix de Patronage vum Fallschiermspréngerveräin Cercle Para Luxembourg (FAL). Hien ass och zanter 2005 Éierepresident vun der Fédération luxembourgeoise de Basketball.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Félix vu Lëtzebuerg – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Château Les Crostes - Zu Besuch bei Prinz Félix und Claire op wort.lu vum 20. Mee 2014
  2. "Nowuess um Haff: D'Prinzessin Amalia ass do." rtl.lu, Leschten Update: 16.06.2014, 08:44:39.
  3. Pressecommuniqué vum 6. 12. 2016
  4. (lb)D'Amalia an de Liam kruten e Bridderchen: De Balthazar Félix Karl, drëtt Kand vum Prënz Félix a senger Fra Claire, ass do. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 2024-01-08.
  5. (fr)Naissance de Son Altesse Royale le Prince Balthazar Felix Karl | Cour grand-ducale. www.monarchie.lu. Gekuckt de(n) 2024-01-21.