Fëscherei

Vu Wikipedia
Fëscher mat hirem Netz a Kroatien

Fëscherei ass eng Aktivitéit déi dora besteet Fësch ze fänken. Dofir gëtt et verschidden Techniken, dorënner d'Fësche mat engem Netz (z. B. der Hief) , enger Aangel, enger Lanz oder enger Fal (z. B. eng Nass). De Begrëff kann och benotzt gi fir d'Fänke vun anere Waasserdéieren (Muschelen, Kriibsen, Tëntefësch...), generell awer net fir d'Fänke vu Fësch an enger Ziichterei oder vu Mamendéieren, déi am Waasser liewen (z. B. Walen).

D'FAO schätzt, datt eleng an den Entwécklungslänner iwwer 500 Millioune Leit direkt oder indirekt vun der Fëscherei an der Aquakultur liewen.[1]

Fëscherei ass eng vun den eelsten Aktivitéite vun der Mënschheet.[2]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. FAO: "Fisheries and Aquaculture in our Changing Climate" (Dezember 2009)
  2. Encyclopaedia Britannica: Commercial Fishing