Football-Club Résidence
| FC Résidence Walfer | ||||
| Offiziellen Numm: | Football-Club Résidence | |||
|---|---|---|---|---|
| Veräinsfaarwen: | Blo-wäiss | |||
| Grënnung: | 1908 | |||
| Stadion: | Stade Prince Henri, Walfer | |||
| Plazen: | 1.500 | |||
| President: | Jean-Luc Santinelli | |||
| Trainer: | Patrick Oliveira Carvalho | |||
| Saison: | 2024/25 | |||
| Positioun: | 7. Plaz | |||
|
| ||||
De Football-Club Résidence, gekierzt F.C. Résidence, ass e lëtzebuergesche Foussballclub zu Walfer[1]. De Club ass och nach ënnert den Nimm FC Résidence Walfer oder FC Résidence Walferdange bekannt an dacks gëtt d'Joreszuel 1908, d'Grënnungsjoer vum Club, hannen drugehaangen.
Geschicht
[änneren | Quelltext änneren]De Veräi gouf 1908 ënnert sengem haitegen Numm gegrënnt. Wärend der däitscher Besatzung am Zweete Weltkrich gouf de Club zwangsweis an FK 08 Walferdingen ëmbenannt. 1944 gouf en erëm an FC Résidence zeréckbenannt. Laang Zäit nëmmen an den ënneschten Divisiounen aktiv, huet den FC Résidence Walfer vun 1952 bis 1961 néng Saisonen an der Éierepromotioun gespillt. Duerno huet et 62 Joer gedauert, bis den FC Résidence Walfer am Summer 2023 nees an d'Éierepromotioun opgestigen ass.
Coupe
[änneren | Quelltext änneren]An der Coupe de Luxembourg koum den FC Résidence ni iwwer déi véiert Ronn weider. 2022/23 huet Walfer zwar d'Coupe FLF gewonnen, mä d'5:4-Victoire am Eelefmeterschéissen an der Finall géint den FC Koeppchen Wuermer gouf wéinst dem Asaz vun engem net spillberechtegte Spiller vum Sportsgeriicht an eng 0:3-Néierlag ëmgewandelt.
Erfolleger
[änneren | Quelltext änneren]- Finalist vun der Coupe FLF: 2023
- Opstig an d'Éierepromotioun: 1952, 2023
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: FC Résidence Walfer 1908 – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- (lb)(en) Websäit FC Résidence Walfer 1908
Referenzen an Notten
[Quelltext änneren]- ↑ esou ageschriwwen am Handelrsegëster ënnert der Nummer F2601