Op den Inhalt sprangen

FC Tarwat Tarchamps

Vu Wikipedia
FC Tarwat Tarchamps
Offiziellen Numm: Football Club Tarwat Tarchamps-Watrange
Veräinsfaarwen: giel a rout
Grënnung: 1948
Opgeléist: 1977 (fusionéiert)
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Éischt Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Zweet Uniform
Trikotsfaarwen
Trikotfarben
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Trikotsfaarwen
Ersatzuniform

Den FC Tarwat Tarchamps-Watrange war e lëtzebuergesche Foussballclub vun Eeschpelt an der Stauséigemeng, deen 1948 gegrënnt gouf an 1977 am FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps opgaangen ass.

Den "Tarwat" aus dem Veräinsnumm setzt sech aus de franséischen Nimm vun den zwee Nopeschdierfer Tarchamps (Eeschpelt) a Watrange (Walter) zesummen.

Ufäng vum Fussball zu Eeschpelt

[änneren | Quelltext änneren]

Scho virun der Veräinsgrënnung gouf vun 1921 un zu Eeschpelt Foussball gespillt. Vun 1933 bis 1936 huet de Veräi Member an der "Fédération sportive ardennaise", offiziell gegrënnt gouf den FC Tarwat awer eréischt nom Zweete Weltkrich am Joer 1948.[1]

Éischten an eenzege President war de Jos Karels.

1948/49 huet de Veräin eng éischt Kéier um Championnat vun der FLF deelgeholl, an der 3. Divisioun. Dacks hat de Club mat Spillermanktem ze kämpfen, sou datt vill Matcher mat just 8 oder 9 Mann gespillt goufen. 1949/50 huet d'Ekipp missen no zwee Matcher aus dem Championnat zerécktrieden, well 5 Spiller mateneen an de Militärdéngscht geruff goufen. Och 1953/54 huet de Veräin net un der Meeschterschaft deelgeholl.

Vun der Saison 1964/65 un huet de Veräin an der nei geschaafter 4. Divisioun gespillt. Déi bescht Placéierunge ware jeeweils eng 2. Plaz an de Saisonen 1966/67, 1967/68 an 1975/76. An der leschter Saison vum Veräin, 1976/77, ass d'Ekipp an déi 2. Divisioun integréiert ginn, well d'Reservenekippen an de Championnat vun den éischten Equippe mat integréiert goufen.

1968 krut d'Ekipp den nei geschaafte Fair-Play-Präis ("Coupe du Fair-Play") vun der FLF iwwerreecht, well si déi mannst Verwarnunge vun alle Veräiner am Championnat krit haten. 1969 krut si deen Titel eng zweet Kéier.

Fusioun mam FC Harel

[änneren | Quelltext änneren]

Well souwuel en FC Tarwat wéi och den FC Harel dacks Problemer haten, fir genuch Spiller zesummen ze kréien, ass d'Iddi vun enger Fusioun opkomm. Ënnert der Initiativ vun de Sekretäre vu béide Clibb, dem René Wiltgen (Tarwat) an dem Albert Wiltgen (Harel), gouf ee Comité opgestallt, fir d'Fusioun virzebereeden. Op Säite vum Tarwat war d'Skepsis virun dësem Schrëtt méi grouss wéi zu Harel. Beim 1971 entstanene Fusiounsveräin FC Wolz 71 gouf sech iwwert den Oflaf an d'Virdeeler vun enger Fusioun informéiert, an esou gouf bei engem Referendum ënnert de Membere vu béide Clibb de 14. Mee 1977 d'Fusioun vum FC Tarwat mam FC Harel beschloss.[2]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. BnL Viewer. viewer.eluxemburgensia.lu. Gekuckt den 20.03.2025.
  2. (en) Ben Majerus, 40 Joer FC Green Boys 77 Harlange-Tarchamps : 1977 - 2017, Säiten 8-9. www.a-z.lu (2017). Gekuckt den 20.03.2025.