Op den Inhalt sprangen

Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) FUAL)
Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht
Grënnungsdatum Januar 1986
Sëtz Wuermer Bierg
  24, Hënneschtgaass
Presidentin Alexandra Arendt
Sekretär Pol Schroeder
Tresorier Paul Koedinger
RCS H124
Websäit https://apis.lu

De Lëtzebuerger Landesverband fir Beienzuucht (Fr.: Fédération des unions d'apiculteurs du Grand-Duché de Luxembourg, kuerz FUAL) ass eng lëtzebuergesch ASBL. Et ass den Daachverband vun de Beienziichter an e vertrëtt d'Interessie vun der Imkerei zu Lëtzebuerg.[1] De Veräin gouf am Januar 1986 gegrënnt.

De Landesverband mat Sëtz zu Wuermer besteet aus zwielef Kantonalveräiner[2], an deenen d'Beienziichterinnen a Beienziichter op kantonalem Niveau organiséiert sinn.

D'Ziler vum Landesverband sinn:

  • d'Verbesserung vun der Praxis vun der Beienzuucht,
  • d'Vermaarte vun de Beieprodukter,
  • d'Schafe vun enger besserer Ëmwelt fir Bestëbserinsekten,
  • d'Vertriede vun den Interessie vun der Beienzuucht an der Gesellschaft a vis-à-vis vun der Politik.

De Landesverband zielt 410 Beienziichter(-innen) mat ronn 6000 Beievëlker (Stand 2018).

E puer Eckdaten iwwer d'Beienzuucht zu Lëtzebuerg:

  • Den Duerchschnëttsalter vun de Beienziichter(-innen) ass 58 Joer;
  • Am Duerchschnëtt hunn d'Beienziichter(-innen) 12 Joer Erfarung mat der Beienzuucht;
  • 89% vun de Beienziichter(-innen) bedreiwen d'Beienzuucht als Hobby an hu manner wéi 30 Beievëlker;
  • Den Undeel vun der Bio-Beienzuucht läit bei 4,9 %;
  • Zënter 2014 huet de Landesverband en eegene "Beieberoder".

De Landesverband publizéiert d'Lëtzebuerger Beien-Zeitung, déi all Mount op ronn 32 Säite follgend Theeme behandelt: Beienzuucht, Imkereitechnik, Landwirtschaft an Ëmwelt, wëssenschaftlech Neiegkeeten a Liesenswäertes aus de Kantonalveräiner.

  • Eickermann, M., 2018. Die Imkerei in Luxemburg vor grossen Herausforderungen. forum 387: 29-31.

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Quell: cf. Eickermann 2018 an der Literatur an http://apis.lu/.
  2. (de) Über die FUAL. Gekuckt den 21.10.2025.