Op den Inhalt sprangen

Faïencerie (Tramshalt)

Vu Wikipedia
Faïencerie
Typ Tramshalt
Status am Gebrauch
opgaang 27. Juli 2018
genannt no Avenue de la Faïencerie
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Uertschaft Lampertsbierg, Uewerstad
Koordinaten 49°36'57,2"N, 6°7'15,6"O
Reseau
Bedreiwer LuxTram
Reseau Stater Tram
Streck(en) Luxtram-Linn T1
Linn(en) Luxtram-Linn T1
Gleiser mat Quai 2
Passagéier/Joer 782.473
  (2022)
Nopeschstatioun(en) Theater,
Stäreplaz / Étoile

Faïencerie ass eng Halt op der Linn T1 vum Stater Tramsreseau, déi de 27. Juli 2018 opgaangen ass.

Lag vun der Statioun

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun läit an der Allée des Résistants et des Déportés am Quartier Lampertsbierg vun der Stad Lëtzebuerg, tëscht de Statiounen Theater am Norden an Stäreplaz / Étoile am Süden.

Aus Richtung Halt virdrun Linn Nächst Halt A Richtung
Stadion Stäreplaz / Étoile   T1   Theater Findel - Luxembourg Airport

D'Statioun läit um Eck vun der Avenue de la Faïencerie an ass - gradewéi d'Strooss - no der Faïencefabréck op de Siwebueren genannt.

Infrastruktur

[änneren | Quelltext änneren]

D'Statioun huet 2 Gleiser mat jeeweils engem säitleche Quai an ass mat Tramshaisercher an elektroneschen Informatiounspanneauen ekipéiert. S'ass fir Persoune mat ageschränkter Mobilitéit accessibel. Bei der Statioun huet een Uschloss op AVL-Buslinnen (Halt: Faïencerie / INL).

Kuckeswäertes an der Ëmgéigend

[änneren | Quelltext änneren]
 Commons: Faïencerie (Tramshalt) – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]