Fabrice Guy
Ausgesinn
De Fabrice Guy, gebuer den 30. Dezember 1968 zu Pontarlier am Departement Doubs, ass e fréiere franséische Spezialist an der Nordescher Kombinatioun.
Hien huet 1992 op den Olympesche Spiller zu Albertville d'Golmedail am Eenzel viru sengem Kompatriot Sylvain Guillaume kritt. Hie war och de Fändelsdréier vun der franséischer Delegatioun. Sechs Joer duerno krut hien op den Olympesche Wanterspiller zu Nagano eng bronze Medail mat der Ekipp.
De Fabrice Guy ass den eenzege Fransous, deen d'Weltcoupe an der nordescher Kombinatioun fir sech konnt entscheeden.
2015 gouf hien an d'Lëscht vun de Gloires du sport opgeholl.
Palmarès
[änneren | Quelltext änneren]- Olympesch Wanterspiller 1992 zu Albertville
Frankräich
Goldmedail an der Nordescher Kombinatioun (Eenzel)
- Olympesch Wanterspiller 1998 zu Nagano
Japan
Bronze Medail an der Nordescher Kombinatioun (Ekipp)
- Weltmeeschterschaft am Nordesch Schi 1991 zu Val di Fiemme
Italien
Sëlwermedail an der Nordescher Kombinatioun (Ekipp)
- Weltmeeschterschaft am Nordesch Schi 1997 zu Trondheim
Norwegen
Bronze Medail an der Nordescher Kombinatioun (Eenzel)