Université Saint-Louis - Bruxelles

Vu Wikipedia
Zur Navigation springen Zur Suche springen
Stub W.svg Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Université Saint-Louis - Bruxelles (USL-B) ass eng Universitéit am Zentrum vu Bréissel, um Boulevard du Jardin Botanique, respektiv an der Rue du Marais. Si huet laang nëmme Facultés universitaires Saint-Louis geheescht a war, mat hirem eenzegen éischten Zyklus, souzesoen eng Bréisseler Annex vun der UCL.

Si gehéiert zu der Académie Louvain, a bitt eng Partie Enseignementer (Philosophie & Lettres - Droit - Sciences économiques, sociales et politiques), déi an der Regel net iwwer den éischten universitairen Zyklus erausginn, sou datt d'Studenten duerno bal ëmmer op der UCL zu Louvain-la-Neuve weiderfueren.