Falenharespelen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Falenharespelen
Vespa crabro.
Vespa crabro.
An anere
Sproochen:
fr: Vespidae
de: Faltenwespen
en: Vespidae
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Arthropoden
Klass: Insekten
Uerdnung: Hymenoptera
Ënneruerdnung: Aculeata
Ënnerfamill: Echt Harespelen
Feldharespelen
Wëssenschaftlechen Numm
Vespidae
Latreille, 1802

D'Falenharespelen (Vespidae) sinn eng Famill an der Ënneruerdnung Aculeata an an der Uerdnung Hymenoptera. Si regruppéiere weltwäit ronn 4000 Aarten, vun denen där ongeféier 100 och a Mëtteleuropa liewen.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Den Numm Falenharespele kënnt dohier, datt d'Flilleken vun dësen Insekten a Roustellung de laange Wee gefaalt sinn. D'Facettenae sinn nierefërmeg. Déi heefeg schwaarzgiel aposematesch Fierwung als Warntruecht weist drop hin, datt déi meescht Aarte sech wiere kënnen.

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

Zu de Falenharespele gehéieren d'Ënnerfamillje vun den Echten Harespelen (Vespinae) an de Feldharespelen (Polistinae), déi zesummen als sozial Falenharespelen bezeechent ginn. Wéinst hirem Naschtmaterial heesche s'och nach Pabeierharespelen. Als staatebildend Harespele gehéiere si zu deene bekanntsten Insekten.

Déi meescht Aarte gehéieren awer zur Ënnerfamill vun de Solitäre Falenharespelen (Eumeninae), déi och Leemharespelen genannt ginn, well si d'Bruttzelle fir hir Larven aus oder am Leem bauen, wéi z. B. d'Gattung vun den Aulebäckerharespelen. An Europa gëtt et iwwer 200 Aarten vu Solitäre Falenharespelen.

Zu de Falenharespele gehéieren do dernieft nach d'Hunnegharespelen (Masarinae) mat weltwäit iwwer 300 Aarten.

Weblinks[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Falenharespelen – Biller, Videoen oder Audiodateien