Fanfare Feelen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen
Kopf.jpg

D'Fanfare Feelen, déi am November 1902 ënner dem Numm "Harmonie Feulen" gegrënnt gouf, ass eng lëtzebuergesch Fanfare.

Geschichtleches[änneren | Quelltext änneren]

Den Ufank: 1902-1940[änneren | Quelltext änneren]

Den 12. November 1902 hunn zwee Schüler aus dem Dikrecher Kolléisch, de Michel Steichen an de Jean-Pierre Bormann, zesumme mat 12 anere Leit zu Nidderfelen eng Musek ënner dem Numm « Harmonie Feulen » gegrënnt. Déi éischt Optrëtter zu där Zäit waren de Kiermesconcert an den Theater-Concert fir Chrëschtdag. Vill Dirigenten hu sech ofgeléist an déi verschidde Musikanten aus dem Duerf ausgebilt. Mat Schéifer a Schof ass 1924 fir d'éischt den Hämmelsmarsch gespillt ginn. Am Haus “A Schmatts” ass wärend engem hallwe Joerhonnert de Bestand an d'Grondlag vun der Musek geschaf oder besser gesot geschmidde ginn. Den Henri Besenius gouf virum Krich President an d'Zuel vun de Musikanten ass bis op 25 geklommen.

Am Zweete Weltkrich: 1940-1945[änneren | Quelltext änneren]

Den 9. Mee 1940 war déi lescht Prouf. Mam Terror vum Naziregime sinn eng helle Wull vu Geboter komm, déi d'Musizéieren onméiglech gemaach hunn. D'Leit vun der Feelener Fanfare hunn de Fändel an d'Instrumenter misse verstoppen. Déi Musikanten, déi net am Krich oder verstoppt waren, goufe gezwongen, enger Ortsgruppemusek fir d'Dierfer Feelen, Mäerzeg a Groussbus bäizetrieden, wat awer net laang funktionéiert huet.

D'Nokrichszäit: 1945-1960[änneren | Quelltext änneren]

Wéi nom Krich am Oktober 1945 déi éischt Prouf erëm ofgehale gouf, ware keng Sue méi do fir nei Instrumenter an Nouten ze kafen. Am Mee 1946 huet eng Hauskollekt fir d'Musek iwwer 23.000 Lëtzebuerger Frang erabruecht, wat een deemools als e Verméige konnt betruechten. Ënner der Direktioun vum Emil Hoffmann, engem ganz talentéierte Militärmuseker, ass d'Musek vun der Fanfare fërmlech opgaangen a konnt um Concours zu Veianen all Erwaardungen iwwertreffen. Nom Här Hoffmann stoung den deemolege Sous-Chef Charel Besenius um Dirigentepult an huet mat strenger Hand bis 1955 d'Direktioun iwwerholl. Et goung du weider mam Robert Heger vun 1955 bis 1957 a mam Pol Gilson vun 1957 bis 1960. Dunn huet d'Musek mam Ady Mootz en neie Militärmuseker agestallt. All déi Dirigenten hu parallel zu hire Prouwen, Solfège an Instrumentecourse fir déi jonk Musikanten am Musekssall gehalen.

Vun 1960 bis haut[änneren | Quelltext änneren]

D'Musek huet sech no an no ëmmer méi staark am Duerfliewen engagéiert an un den traditionelle Feierlechkeeten deelgeholl. Sou zum Beispill beim Kleeschen, bei der Kommioun, beim Nationalfeierdag, déi der Journée Commémorative, bei der Fuesent asw. Och auswäerts ass d'Feelener Musek méi dacks opgetrueden, an eng nei Formel vun Austauschconcerten huet sech duerchgesat. Déi grouss Museksfamill huet sech op dës Manéier kennegeléiert.

Den Ady Mootz huet a relativ kuerzer Zäit vill um musikaleschen Niveau bewierkt, an huet sech 1961 mat der Feelener Musek zu Ettelbréck um Concours presentéiert. Resultat: Premier Prix avec distinction. 1963 huet Feelen zesumme mat der Stad Lëtzebuerg de “Millénaire” gefouert, an d'Musek war eemol méi gefuerdert. Mat Stolz konnt si bei dësem memorable Fest hiren neie Fändel presentéieren.

1965 huet de Sous-Chef, de Flesch Misch, zesumme mat e puer jonke Musikanten, den Danzorchester oder « d'Strëpp » vun der Feelener Musek gegrënnt. D'Optrëtter vun dëser sympathescher Formatioun, déi et ëmmerhi scho bis bei eng Musikantenhochzäit a Polen bruecht hat, hu mat Freed, Humor a Witz gefall. Fir d'Keess vum Veräin ze stäerke gouf et all Joer een Duerffest, deemools och « kermesse flamande » genannt, wou d'Leit sech ameséiere konnten. Dës Manifestatioun gouf 1967 duerch en Zeltfest ersat.

Eng vun hire gréissten Enttäuschungen hunn d'Musikante mat hirem Chef Ady Mootz 1967 um Concours zu Bieles erlieft, wéi de Spronk vun der zweeter an déi éischt Divisioun ganz knappss verpasst gouf.

D'Musek ass direkt no hirer Grënnung, am Joer 1970, der “Caisse mutuelle” vun der UGDA bäigetrueden. Den Aloyse Bormann war zu där Zäit President an de Marcel Thill Sekretär. Ënner dem Impuls vum Leschtgenannte sinn déi éischt international Kontakter entstanen. Sou zum Beispill mat den Hollänner aus der Uertschaft Rosteren, déi d'Feelener Musek vun do u reegelméisseg besicht hunn, fir eng kuerz Zäit bei de Famillje gewunnt hunn, a Concerte gespillt hunn. Och d'Feelener Musek huet sech an Holland presentéiert a gespillt. Den Ady Mootz hat am Laf vun de Joren eng stramm Musek mat engem gudde Stack vu séchere Musikanten opgebaut, wou d'Ausgeglachenheet vun de verschiddene Regëster markant war. Ënner senger straffer Leedung huet d'Musek den 19. Mee 1974 zu Ettelbréck um Concours sou gutt wéi nach ni gespillt, a konnt mat engem Premier Prix avec grande distinction an déi éischt Divisioun opklammen. Déi vill Méi war belount ginn, an d'Veräiner mat de Feelener Leit hunn deenen 38 Musikanten een häerzlechen Empfank bereet.

Sechs Joer méi spéit ass d'Musek nach eng Kéier op Zolwer-Bieles gaangen, fir um Concours vun der UGDA deelzehuelen. Mat engem éischte Präis goufen d'Erwaardungen net ganz erfëllt. Den Här Mootz huet am Hierscht 1981 demissionéiert. De Jean-Marie Thein gouf Dirigent. Och wann hien eréischt 23 Joer al war, huet hie mat senger labberer Aart séier Sympathie fonnt. Den neie Chef hat ee kloert Konzept an de Stil huet changéiert. D'Formatioun vun de Schüler hat elo Prioritéit, an dat iwwer de richtege Wee vun der Museksschoul. Dem Jean-Marie säin éischten Challenge war 1987 de Concours zu Ettelbréck, wou d'Musek brilliant ofgeschnidden an Erfolleg hinne Recht ginn huet. Op d'Propositioun vun der UGDA huet d'Musek ëmmer méi den internationale Kontakt gesicht, an d'Fühler méi wäit ausgestreckt.

D'amerikanesch Studente vum “Blue Lake Camp” aus dem Staat Michigan sinn eng éischt Kéier op Feelen invitéiert ginn. Well si de Leit sou gutt gefall hunn, konnte si am Laf vun de Joren ëmmer nees zréckkommen. Bei dëse Geleeënheeten huet de Marcel Thill sech mat vill Léift em d'Organisatioun bekëmmert an dofir gesuergt, datt d'Amerikaner an de Famillje gutt betreit goufen. Als Merci fir dës Initiativ kruten eng Rei vun de jonke Musikanten eng Bourse fir an Amerika ze goen, an do am Summer op engem Camp deelzehuelen. All Rendez-vous mat den Amerikaner war e fantastescht Erliefnes, an de Kontakt besteet bis haut. No 10 Joer Frëndschaft an Zesummenaarbecht koum et 1989 zum absoluten Héichpunkt: enger éischter Rees an Amerika wou si ënner anerem e Concert op der Miami University am Staat Ohio ginn hunn.

Fir d'Feelener Musek huet sech d'Aarbecht vun der Museksschoul lues a lues bezuelt gemaach, an ënner deene jonke Leit si vill staark Musikanten eropgewuess, déi sämtlech Regëster verstäerkt hunn. Déi nächst Erausfuerderung huet schonn op d'Museker gewaart: de Concours am Mee 1995 zu Waasserbëlleg mam Resultat vun enger Grande Distinction an dem Opstig aus der éischter Divisioun an d'Division Supérieure.

Den 1. Mee 1984 gouf de Lottos-Club vun der Musek gegrënnt, am deem praktesch all d'Musikante Member sinn. Op déi Manéier konnten eng ganz Partie Instrumenter kaaft ginn. D'Gestioun huet de Georges Fellens iwwerholl. Dëse Club organiséiert ënner anerem all Joer ee Grillfest fir d'Famill an d'Frënn, een Troterbal fir d'Fuesend an zanter 1990 dat scho bal traditionellt Fëschbroden op Karfreideg. Am Joer 1991 gouf de Marcel Thill President.

Vum 16. bis den 30. August 1997 ass d'Musek eng zweet Kéier an Amerika geflunn, nees an den Ohio. Si hunn ënner anerem Concerten zu Lansing an zu Cleveland gespillt.

De Marcel Thill huet duerno demissionéiert, fir d'Charge vum Éierepresident z'iwwerhuelen, an de Jang Berns gouf zum neie President vun der Musek gewielt an huet d'Musek no engem Konzept vun Teamwork mat Schwéierpunkt op der Ausbildung vun de Schüler abruecht. D'Lat gouf ëmmer méi héich geluecht. An engem Interwall vu 4 Joer huet d'Musek och e “Concert spirituell“ an der Parkierch gespillt.

1999 gouf ugefaangen, sech iwwer de "Centenaire" Gedanken ze maachen, an dat mat engem neien Organisatiounscomité ënner der Presidentschaft vum Éierepresident mat den Aarbechte fir d'Jubiläumsfeierlechkeeten. Gekréint gouf de Programm mat grousse Concerte wéi z. B. dee vun der Militärmusek, dee vum Gesangsensemble vum Ettelbrécker Conservatoire, dee vum Quintette classique, an natierlech och vun der Feelener Musek. Beim Concours zu Veianen gouf et dunn als Kréinung nach e Premier Prix avec grande distinction an den Opstig an d'Division Excellence. Ausserdeem gouf d'Feelener Musek vun der UGDA ausgewielt, fir zu Wien um "Blasmusikfestival" am Joer 2003 deelzehuelen.

Organisatoresches[änneren | Quelltext änneren]

Dirigenten[änneren | Quelltext änneren]

All dës Dirigenten hu parallel zu hire Prouwe Solfège an Instrumentecourse fir déi jonk Musikante gehalen.

Aktivitéiten[änneren | Quelltext änneren]

Eng vun de wichtegsten Aktivitéiten an och eng onverzichtbar Finanzsprëtz fir d'Musek ass den Theater. Ënner der Regie vum Wilma Schaltz a vum Guy Storn huet sech eng Equipe fonnt, déi lëschtegen Theater spillt, an déi och iwwer d'Grenze vu Feelen eraus e gudde Ruff huet.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]