Op den Inhalt sprangen

Fanny Leclerc

Vu Wikipedia
Fanny Leclerc
Gebuer 23. Juni 1823
Lëtzebuerg
Gestuerwen 9. Dezember 1904
Lëtzebuerg
Alter 81 Joer
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Mäzeenin

D'Jeanne Françoise Laurence Corinne, genannt Fanny Leclerc, gebuer den 23. Juni 1823 an der Stad Lëtzebuerg, an och do den 2. Dezember 1904 gestuerwen, war eng lëtzebuergesch Mäzeenin.[1].

Si kënnt aus enger alagesiessener Lëtzebuerger Famill, wou d'Männer dacks Magistraten oder Affekote waren. Eng Zäitchen huet si zu Arel gewunnt. Si huet eng Rei Stëftungen a Bourssen[2] op d'Bee gesat (z. B. fir Stater Schoulkanner moies eppes z'iessen ze ginn[3]), an huet den Erléis vum Verkaf vu Lännereien am Fënsterdall dem Areler Hospiz vermaach.[4][5]

Si ass an der Fondation Pescatore gestuerwen a gouf zu Béiwen-Atert begruewen. Fir u si z'erënneren, gouf eng Strooss zu Hamm no hir genannt.[6]

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Evy Friedrich: "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt?" ons stad Nr.19, 1985, S.26.
  2. Fondation Fanny Leclerc. In: L'indépendance luxembourgeoise, 33. Jg., nº 90 (19.04.1906), p. 3. [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  3. Lokal-Neuigkeiten. In: Luxemburger Zeitung, nº 301. Abend-Ausgabe (28.10.1905), p. 2 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  4. Frontière. In: L'indépendance luxembourgeoise, 32. Jg., nº 268 (17.11.1904), p. 3 [Numérisé par la Bibliothèque nationale du Luxembourg].
  5. Rue Fanny Leclerc. rues-au-feminin.lu (nogekuckt: 08.02.2026).
  6. L-1925; Lokalisatioun op geoportail.lu.