Faruk Ahmad Khan Leghari

Vu Wikipedia
Faruk Ahmad Khan Leghari
Gebuer 29. Mee 1940
Gestuerwen 20. Oktober 2010
Doudesursaach Häerz-Kreeslafkrankheet
Nationalitéit Pakistan, Brittesch-Indien
Educatioun Aitchison College,
St Catherine's College
Aktivitéit Diplomat, Politiker

De Faruk Ahmad Khan Leghari (فاروق احمد خان لغاری, och Farooq Leghari transkribéiert), gebuer den 29. Mee 1940, a gestuerwen den 20. Oktober 2010[1]) war e pakistanesche Politiker.

De Faruk Leghari war vum 14. November 1993 bis den 2. Dezember 1997 President vum Pakistan a Member vun der Benazir Bhutto hirer Pakistanescher Vollekspartei (PPP). Wat seng Amtszäit méi no op en Enn goung, wat de Faruk méi Divergenze mat der PPP hat. Hien huet dunn d'National Alliance gegrënnt, déi 2002 11 Sëtz krut an de President Pervez Musharraf ënnerstëtzt huet. Bei de Wale vun 2008 war de Faruk Kandidat vum Musharraf senger Partei PML-Q.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. http://www.dawn.com/wps/wcm/connect/dawn-content-library/dawn/news/pakistan/99-former-president-farooq-laghari-passes-away-ik-01