Fasaneninsel
Ausgesinn
| Fasaneninsel | |
|---|---|
|
| |
| Geographie | |
| Land | Spuenien |
| Läit an/am | Bidasoa |
| Koordinaten | 43°20'34,01"N, 1°45'55,80"W |
| Fläch | 0,00682 km² |
| Längt | 0,224 km |
| Breet | 0,041 km |
| Verwaltung | |
| Verwaltungseenheet | Irun, Hendaye |
| Demographie | |
| Awunner | 0 |
| Aner Informatiounen | |
|
| |
D'Fasaneninsel (es: Isla de los Faisanes, fr: Île des Faisans, eu: Konpantzia) am ënneschten Deel vum Floss Bidasoa an Nordspuenien ass e Kondominium vu Frankräich a Spuenien.
Op där Insel gouf de 7. November 1659 de Pyrenäe-Fridden no zéie Verhandlunge geschloss. E Monument an der Mëtt vun der Insel erënnert dorun.
A senger Eegenschaft als Chambellan um Kinnekshaff vu Madrid hat den Diego Velazquez op der Fasaneninsel d'Treffe vun de Kinnekskanner organiséiert, ier et den 9. Juni 1660 zu Saint-Jean-de-Luz zu der Hochzäit vum Kinnek Louis XIV. mat der Infantin vu Spuenien, der Marie-Thérèse vun Éisträich koum.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Fasaneninsel – Biller, Videoen oder Audiodateien |

