Feierstëppeler

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
1-Frang-Mënz vun 1964, mam Feierstëppler um Revers

De Feierstëppeler ass d'Figur vun engem Schmelzaarbechter, deen op lëtzebuergesche 50 Centimes-Stécker, an op 1 an 2 Frang-Stécker tëscht 1924 an 1991 ze fanne war.[1]

Virun 1924 waren zu Lëtzebuerg nëmme 5, 10 a 25 Centimes-Stécker am Ëmlaf. Den Arrêté grand-ducal op Grond vun deem d'Feierstëppeler-Mënze Cours légal kruten, ernimmt ausdrécklech, datt déi Mënzen d'Bons de caisse sollten ersetzen, déi 1918 an 1919 gedréckt goufen, also direkt nom Éischte Weltkrich an 1925 aus dem Verkéier gezu goufen.

E Motiv vum lëtzebuergesche Moler a Sculpteur Auguste Trémont huet als Virlag gedéngt: Den Trémont war vun der Direktioun vun der Diddelenger Schmelz engagéiert gi fir Zeene vun den Aarbechtsofleef ze molen. Doropshin huet hien d'Schmelz besicht an do de Mathias Gaasch († 19. Mee 1939) bei der Aarbecht portraitéiert.[1]

D'Gravur vum Feierstëppeler ass vum belsche Sculpteur Armand Bonnetain.[1]

De 25. Oktober 2002 gouf eng Skulptur vun der Yvette Gastauer-Claire mam Numm De Feierstëppler virun der Zentralbank an der Stad Lëtzebuerg offiziell ageweit. D'Skulptur soll un de Lëtzebuerger Frang erënneren, deen 2001 duerch den Euro ersat gouf, an och en Hommage un d'Stolindustrie sinn, déi dem Land de Wuelstand bruecht huet. D'Skulptur huet kee Kapp, awer iwwergrouss Hänn. Bei der Aweiung huet d'Kënschtlerin erkläert, datt déi grouss Hänn wéinst hirer staarker Ausstralung an allen hire Skulpturen erëmzefanne sinn.[1]

Honnert Joer no der éischter Feierstëppeler-Mënz gëtt d'Lëtzebuerger Zentralbank am Joer 2024 eng 2-Euro-Mënz mam emblematesch Schmelzaarbechter eraus.

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 Chronik vor zehn Jahren. Zum Gedenken an den Luxemburger Franken. Luxemburger Wort vum 26. Oktober 2012, S.30.