Feldgänsen

Vu Wikipedia
Anser
Feldgänsen, Echt Gänsen
Eng Grogäns Anser anser

Eng Grogäns Anser anser
Eng Grogäns Anser anser
Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Anseriformes
Famill: Anatidae
Ënnerfamill: Anserinae
Tribus: Anserini
Wëssenschaftlechen Numm
Anser
Brisson, 1760


D'Feldgänsen oder och Echt Gänsen (Anser), sinn eng Gattung vun Echte Gänsen (Anserini), déi zu der Famill vun den Intevullen (Anatidae) gehéieren. Déi Gattung besteet aus 10 (oder 11) Aarten, dorënner déi bekanntst Gänsen-Aarten a Mëtteleuropa.

Zu där Gattung gehéiert d'Hausgäns (Anser anser domesticus) als domestizéiert Form vun der Grogäns.

Morphologie[änneren | Quelltext änneren]

All d'Aarten, déi zu de Feldgänse gezielt ginn, si grouss Vulle mat kuerze Been an engem laangen Hals. De Schniewel ass staark an un der Wuerzel bal grad sou héich wéi laang. D'lamellefërmeg Zänn kann ee vu bausse gesinn. D'Nueslächer leien ongeféier an der Mëtt vum Schniewel.

D'Flilleke si laang a lafen op eng Spëtzt zou. De Schwanz huet tëscht 16 an 20 Fiederen.

Aarten[änneren | Quelltext änneren]

Je nodeem, wiéi Anser serirostris aklasséiert gëtt, ginn et 10 oder 11 Aarten:

Anser[änneren | Quelltext änneren]

Numm Bild Charakteristiken Verbreedung
Blessgäns

(Anser albifrons)

65 bis 76 cm Zentimeter laang. Donkel grobrong gefierft mat enger messchtens heller Ënnersäit an onreegelméissege bronge Flecke queesch iwwer de Bauch. Ausgewuesse Vigel hunn eng wäiss Bless, e rosa Schniewel an orange Féiss. Britt an arktesche Géigenden am Norde vum europäesche Russland bis Ostsibirien, am arkteschen Nordamerika an op Grönland.
Zwerggäns

(Anser erythropus)

53 bis 66 Zentimeter laang. Spanwäit vun de Flilleke vun 120 bis 135 cm, weit 1,4 bis 2,2 kg. Méi kleng a méi donkel wéi d'Blessgäns. Britt am Norde vu Skandinavien
Grogäns

(Anser anser)

75 bis 90 Zentimeter laang. Méi hell wéi déi aner gro Gänsen. Viischt Flilleke sinn opfälleg hell, de Bauch huet schwaarz Flecken. Schniewel a Féiss sinn orangefaarweg. Britt an Nord- an Osteuropa an an Asien. Als Zuchvull a ganz Europa ze fannen.
Kuerzschniewelgäns
Anser brachyrhynchus
66 Zentimeter laang. Gläicht vill der Anser fabalis. Kuerze Schniewel mat engem rosae Band. Rosa Patten, donkle Kapp, grobrong gesträift Fiederen, um Réck méi hell. Britt op Grönland, Island a Spitzbergen, iwwerwantert op de Britteschen Inselen, an der Belsch an an Holland, an de Küsteregioune vun Norddäitschland an Dänemark.
Mouergäns
Anser fabalis
65 bis 90 cm laang. Plomme grobrong, um Hals an um eckege Kapp donkelbrong. Broscht a Bauch hellbrong, zum Schwanz hi wäisselzeg, Flilleken donkelbrong. Schniewel orange, un der Spëtzt an um Usaz schwaarz. Féiss orange. Britt an der Taiga an an der Tundra vun Nordskandinavien am Weste bis an Ostsibirien. Iwwerwantert a Mëtteleuropa vu Südschweden bis op d'kroatesch Adriaküst.
Schwanegäns

(Anser cygnoides)

Brong, ganz grouss Gänsenaart mat laangem donkle Schniewel, deem seng Basis wäiss ass. Britt a Sibirien an an der Mongolei, iwwerwantert a China.
Indesch Gäns

(Anser indicus)

70 bis 75 Zentimeter laang. Zwou schwaarzbrong Sträifen um Kapp. Hellsëlwereggro Fiederen um Kierper, wäisse Bauch, laanscht d'Säit eppes méi donkel, Fluchfiedere schwaarz. Hell- bis orangegiele Schniewel, orange Féiss. Britt um Héichplateau vun Zentralasien, a Südostrussland, Tibet, Deeler vun Nordindien, der Mongolei a China. Iwwerwantert südlech vum Himalaya am Nordwesten an am zentrale Süde vun Indien, a Pakistan, Bangladesch, Nepal a Burma bis an d'Héichlage vum Tibet.

Chen[änneren | Quelltext änneren]

Dës Gattung besteet aus dräi Aarten:

Numm Bild Charakteristiken Verbreeedung
Keesergäns

(Chen canagicus oder Anser canagicus)

66 cm Zentimeter laang, relativ kuerz Been. Gesperbert Flilleken, wäisse Kapp. Béid Geschlechter gesinn d'selwecht aus. Nordsibirien bis an den Nordweste vun Alaska an op de virgelagerten Insele vum Nord- a Beringmier. Britt net a Kolonien.
Schnéigäns

(Chen caerulescens oder Anser caerulescens)

  • Ënneraart: Grouss Schnéigäns (A. caerulescens atlanticus)
  • Ënneraart: Kleng Schnéigäns (A. caerulescens caerulescens)
60 bis 75 cm laang. Weist sech an zwou Phase vun der Fierwung: bis op déi schwaarz Flillekefiedere vun der Hand schnéiwäiss, oder awer bis op de wäisse Kapp an Hals an e wäissen Hannebauch blogro . Britt am nordwestleche Grönland, am nërdleche Kanada an am nordëstleche Sibirien. Wanterquartieren an de Vereenegte Staaten an an Europa.
Zwergschnéigäns

(Chen rossii oder Anser rossii)

53 bis 66 Zentimeter laang. Gläicht vill der Chen caerulescens, ma ass däitlech méi kleng an huet e Schniewel, dee méi kleng a rosa ass, an den um Usaz kleng bloelzeg Virspréng huet. Rosa Féiss. Britt am Nordweste vu Kanada bis op d'sibiresch Wrangelinsel, Wanterquartieren a Kalifornien, New Mexico an dem Héichland vu Mexiko.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Erich Rutschke: Wildgänse, Lebensweise - Schutz - Nutzung, Berlin: Parey, 1997
  • H. Kolbe, Die Entenvögel der Welt, 5. Aufl., Eugen Ulmer Verlag (1999) (nicht eingesehen) - ISBN 3-8001-7442-1
  • National Geographic Society, Field Guide to the Birds of North America, S.22; 2006

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Anser – Biller, Videoen oder Audiodateien