Feldhong

Vu Wikipedia
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Feldhong

Systematik
Räich: Déiereräich
Stamm: Chordata
Klass: Vullen
Uerdnung: Héngervullen (Galliformes)
Famill: Phasianidae
Gattung: Feldhénger (Perdix)
Wëssenschaftlechen Numm
Perdix perdix
L., 1758

D'Feldhong (Perdix perdix) ass eng Vullenaart aus der Famill vun de Phasianidae.

D"Feldhénger liewen an de Steppen- an Heedlandschaften a groussen Deeler vun Europa an Asien. Si friesse virun allem Geseems, Wëllkraider a Kären. Vu wäitem gesi se monoton gro aus, wat hinne bei der Tarnung hëlleft. Vun No gesäit een awer gutt de roudelzege Kapp, dee mam groen Hals kontrastéiert, sou wéi och den donkelen houfeisefërmege Fleck vir op der Broscht. De Schwanz ass raschtrout.

An Europa ass zanter den 1970er d'Zuel vun de Feldhénger staark zeréckgaangen; tëscht 1980 an 2016 ëm 94 %. Schold dorun hunn d'Zerstéierung vun hirem Habitat an d'intensiv Landwirtschaft.

Beschreiwung[änneren | Quelltext änneren]

Verbreedung[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Ernierung[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Verhalen a Fortplanzung[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

D'Feldhong zu Lëtzebuerg[änneren | Quelltext änneren]

Ufanks vum 20. Joerhonnert gouf et nach ronn 20.000 Feldhénger am Land. Am Laf vun de Joren huet de Bestand sech awer dramatesch zeréckentwéckelt. 2020 goufen nëmme méi zwee Feldhénger zu Lëtzebuerg nogewisen an dat obschonn zanter 2017 de SIAS, zesumme mat de Baueren an der Géigend ronderëm d'Uertschafte Fréiseng, Fëlschdref a Biermereng, Brooche mat Blummewisen ugeluecht huet fir de Feldhénger Deckung a Fudder ze bidden.[1]

2021 gouf d'Feldhong vun natur&ëmwelt zum Vull vum Joer ausgeruff.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Perdix perdix – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Figut, Irina, 2022. Ein viel zu seltener Gast auf Blumenwiesen. Dramatischer Verlust der Rebhuhn-Bestände: Das SIAS-Projekt soll die lezten Vorkommen im Osten des Landes erhalten. Luxemburger Wort vum 27. Juni 2022, S. 16.