Fensch (Floss)

Vu Wikipedia
Fensch
Längt 15,17 km
Fläch vum Baseng 83 km²
Originn
Originn Quell
Plaz Fontoy
Héicht 239 m
Koordinaten 49° 21’ 11.23’’ N
      5° 59’ 52.65’’ O
Konfluenz
Leeft an Musel
Plaz Illange
Héicht 153 m
Koordinaten 49° 19’ 54.21’’ N
      6° 10’ 4.88’’ O
Haaptnieweflëss Kribsbach, Marspich
Geographie
Land Frankräich
Regioun Grand Est
Uertschaften Florange
Fontoy
Hayange
Illange
Knutange
Nilvange
Serémange-Erzange
Thionville

D'Fensch oder och nach Fentsch ass e franséische Floss dee seng Quelle bei Fensch am Weste vum Museldepartement huet.

Si leeft duerno duerch Knutange, Nilvange, Hayange, Serémange-Erzange a Florange fir tëscht Metz an Diddenuewen an d'Musel ze lafen.

D'Fensch huet véier gréisser Nieweflëss: d'Petite Fensch de Krisbach an d'Baache vun Algrange a Marspich.

D'Quelle vu Morlange an der Gemeng Fameck an déi vu Ranguevaux, aus dem Anzuchsgebitt vun der Fensch goufen 1866 gefaasst a mat enger 10 km. laanger Waasserleitung op Diddenuewen geleet.

Den Dall vun der Fensch ass haaptsächlech wéinst der Eisenindustrie bekannt, an eng Partie vum Floss ass komplett vun de Schmelze vu Florange abëtonéiert ginn.

De Bernard Lavilliers hat sech vum Dall beaflosse gelooss fir den Haapttitel vu sengem éischten Album, Fensch Vallée, am Joer 1976.