Ferdinand Buisson

Vu Wikipedia
Ferdinand Buisson
Gebuer 20. Dezember 1841
1. Arrondissement von Paris
Gestuerwen 16. Februar 1932
Thieuloy-Saint-Antoine
Nationalitéit Frankräich
Educatioun Lycée Condorcet,
Faculté des lettres de Paris
Aktivitéit Politiker, Professer, Pedagog, Philosoph
Partei Parti républicain, radical et radical-socialiste
Member vun Franséisch Liga fir Mënscherechter

De Ferdinand Edouard Buisson, gebuer den 20. Dezember 1841 zu Paräis a gestuerwen de 16. Februar 1932 zu Thieuloy-Saint-Antoine, am Departement Oise, war e franséische Pedagog a Politiker. Hie war e Pionéier vun der Iddi vum Vëlkerbond, Matgrënner a vun 12913 bis 1926 President vun der Franséischer Liga fir Mënscherechter.

1927 krut hien zesumme mam Ludwig Quidde de Friddensnobelpräis.

Hie gouf vum Jules Ferry zum Generalinspekter fir d'Educatioun ernannt, an hat déi Funktioun 17 Joer laang. Hien huet e puer Bicher iwwer Pedagogik geschriwwen a war vun 1896 bis 1906 Professer op der Sorbonne. Vun 1902 bis 1914 a vun 1919 bis 1923 war de Buisson Deputéierte vum Parti radical.

Do dernieft war hien aktiv an der Friddensbeweegung an hien huet sech fir Mënschen- a Biergerrechter engagéiert. Sou huet hie sech dofir agesat, datt de Prozess ëm den Alfred Dreyfus, bekannt als Affaire Dreyfus, nees opgemaach sollt ginn.

1924 huet hie sech virum däitsche Reichstag dofir ausgeschwat, datt Däitschland a Frankräich sech nees verdroe sollten.

Wierker[änneren | Quelltext änneren]

  • Condorcet. Alcan, Paris 1929
  • Dictionnaire de pédagogique et d'instruction primaire. Alcan, Paris 1929
  • Education et Republique. Kimé, Paris 2003, ISBN 2-84174-293-8

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Patrick Dubois: Le dictionnaire de Ferdinand Buisson. Lang, Bern 2002, ISBN 3-906768-10-4
  • Laurence Loeffel: Ferdinand Buisson. Hachette, Paris 1999, ISBN 2-01170595-9
  • Bernhard Kupfer: Lexikon der Nobelpreisträger. Patmos Verlag, Düsseldorf 2001

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ferdinand Buisson – Biller, Videoen oder Audiodateien