Ferdinand Nothomb
Ausgesinn
| Ferdinand Nothomb | |
|---|---|
| Gebuer |
30. Mee 1811 Esch-Uelzecht |
| Gestuerwen |
25. November 1848 Diest |
| Alter | 37 Joer |
| Nationalitéit | Lëtzebuerg |
| Aktivitéit | Offizéier |
|
| |
De Ferdinand Nothomb, gebuer den 30. Mee 1811 zu Esch-Uelzecht, a gestuerwen de 25. November 1848 zu Diest, an der Belsch, war e Majouer an der Belscher Arméi.[1]
Liewen
[änneren | Quelltext änneren]De Ferdinand Nothomb war de Jong vum Escher Nottär Jean-Pierre Nothomb.
Wärend der belscher Revolutioun, 1830 huet hien an engem lëtzebuergesche Fräiwëllegebattailloun géint d'Hollänner gekämpft.
1834 gouf hien zum Kapitän, an 1848 zum Majouer ernannt.
Kuerz dono, dat selwecht Joer, ass hien zu Diest vum Päerd gefall an dobäi déidlech verongléckt.
Fir un hien z'erënneren, huet den Escher Gemengerot den 23. September 1885 eng Strooss am Quartier Al Esch no him genannt[2].
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]Referenzen
[Quelltext änneren]- ↑ Quell vum Artikel, wou net anescht uginn: Willy Allamano, Gérard Bernardini: Esch-sur-Alzette et ses rues. Esch an der Alzette und seine Straßen. 'De l'histoire à chaque pas. Geschichte auf jedem Schritt.'. Esch-sur-Alzette, 2013. ISBN 978-2-87964-136-2, S.179.
- ↑ Rue Ferdinand Nothomb, L-4264
