Fergana

Vu Wikipedia
Statu vum al-Farghani am Park mam selwechten Numm

Fergana, Ferghana oder Fargʻona (op Usbeekesch: Fargʻona/Фарғона, op Tadjikesch: Фарғона/Farƣona, op Kirgisesch: Фергана, op Russesch: Фергана) ass mat 164.334 Awunner (Stand 1. Januar 2005) d'Haaptstad vun der Provënz Fergana am Oste vun Usbekistan.

Si läit am Ferganadall an ass als "gréng Stad" bekannt fir hir Kottengproduktioun a Veraarbechtung, grad wéi fir hir pëtrolcheemesch Industrie.

Duerch de Ferganadall ass fréier d'Seidestrooss gaangen. Déi modern Stad Fergana gouf 1876 als Garnisiounsstad net wäit ewech vu Margilan gegrënnt, mam Numm "Nei Margilan" (Новый Маргелан). 1910 gouf se a Skobelew (Скобелев) ëmbenannt, nom deemolege russesche Militärgouverneur Michail Dmitrijewitsch Skobelew. Nodeems d'Bolschewiken d'Regioun ageholl haten, krut d'Stad hiren haitegen Numm, no der Provënz vun där si den Zentrum ass.

Mat enger relativ héijer Proportioun vu Russen a Wolga-Tataren am Verglach zu aneren usbeekesche Stied huet Fergana e gewësse sowjetesche Charme behalen. Mat hire breeden Avenuen, ville Beem an Haiser am tsaristesche Kolonialstil vum 19. Joerhonnert gëtt gesot, si géif e bëssen ausgesi wéi Taschkent virum groussen Äerdbiewen.

Lag vu Fergana op der Kaart