Fernand Lorang

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Fernand Lorang, gebuer de 16. Juni 1924 zu Lëtzebuerg an do gestuerwen den 3. Juli 2009, war e lëtzebuergesche Schoulmeeschter an Auteur.

Seng Enseignantscarrière huet de Fernand Lorang 1945 zu Munneref ugefaangen, duerno koum hien op Rëmeleng, wou e vun 1946 bis 1982 Schoul gehalen huet. Hie war Mataarbechter vum Luxemburger Wort, der Warte, dem Luxemburger Marienkalender, dem Letzeburger Sonndesblad, dem Lëtzebuerger Land, dem Républicain lorrain an der Hémecht.

A sengen Artikelen a Bicher huet hie virun allem regionalhistoresch Themen am Zesummenhang mat Rëmeleng an dem Keeldall behandelt, mat de Schwéierpunkten: Zweete Weltkrich, Biergbau, Liewen a fréieren Zäiten.

Seng Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • 1975: Im Vorfeld der Maginot-Linie 1939-1940: ein Bericht über die Kriegsereignisse in Rümelingen bis zum Waffenstillstand 1940. Luxembourg: Éd. "de Frendeskrès", Luxembourg, Imprimerie Saint-Paul, 302 S.
  • 1983: Villerouge-sur-Caille: Petites histoires du Val des Mines. Institut grand-ducal. Section de linguistique, de folklore et de toponymie, Luxembourg, P. Linden, 450 p.
  • 1985: Kayltaler Memorabilien unter besonderer Berücksichtigung der Stadt Rümelingen: ein Erinnerungsbuch. Freiwillige Feuerwehr, Rümelingen (Hrsg.), Editpress, Esch/Alzette, 296 S.
  • 1985: Briefe aus Rümelingen. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 172 S.
  • 1989-1992: Am Dauschen iwer d'Strooss vun Eisen. Bettemburg im Zweiten Weltkrieg. Rümelingen, cop. 1989-1992.
  • 1997: Dët an dat aus der Lëtzebuerger Biergbaugeschicht. 2. Oplo. Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 139 S. (1. Oplo 1996).
  • 1999: Bergbauliche Geschichtsblätter aus dem Land der Roten Erde: Zahlen, Daten, Fakten: unter besonderer Berücksichtigung der Kayltalortschaften; hrsg. von der Gemeinde Kayl. Luxemburg, Sankt-Paulus-Druckerei, 231 S.
  • 2003: Aus aler Zäit: Lëtzebuerger Duerftraditiounen, Volléksbräich a Sproochgewunnechten. Luxembourg: Éd. Saint-Paul, 127 S.
  • 2004: Deemools: Lëtzebuerger Duerftraditiounen, Volléksbräich a Sproochgewunnechten aus aler Zäit. Deel II. Luxembourg: Éd. Saint-Paul, cop., 116 S.
  • 2006: Aus aler Zäit: Lëtzebuerger Duerftraditiounen a Sproochgewunnechten. Deel III. Luxembourg: Éd. Saint-Paul, 110 S.
  • 2009: Aus aler Zäit: aus der Lëtzebuerger Sprooch tëscht fréier an haut: dëst an dat géint de Vergiess vun eisen ale Sproochgewunnechten. Deel IV. Luxembourg: Éd. Saint-Paul, 95 S.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • G. Goetzinger & C.D. Conter (2007): Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, 687 S. (F. Lorang: S. 382-383).
  • G. Hausemer (2006): Luxemburger Lexikon. Das Großherzogtum von A–Z. Editions Binsfeld, Luxembourg, 479 S. (F. Lorang: S. 254).
  • H. Leyder: In memoriam Fernand Lorang. Luxemburger Wort, Nr. 194, 22. August 2009, S. 18.
  • RoNa: Fernand Lorang †. Luxemburger Wort, Nr. 154, 6. Juli 2009, S. 12.