Fernando Pessoa
| Fernando Pessoa | |
|---|---|
|
| |
| Gebuertsnumm | Fernando António Nogueira Pessoa |
| Pseudonym | Alberto Caeiro, Álvaro de Campos, Ricardo Reis, Bernardo Soares |
| Gebuer |
13. Juni 1888 Lissabon |
| Gestuerwen |
30. November 1935 Lissabon |
| Doudesursaach | Liewerzirros |
| Nationalitéit | Portugal, Portugal |
| Educatioun |
Universitéit vu Lissabon, Universitéit vu Südafrika |
| Aktivitéit | Dichter, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Philosoph, Essayist, Literaturkritiker, Prosaist |
| Liewenspartner(in) | Ofélia Queiroz |
|
| |
De Fernando Pessoa, gebuer den 13. Juni 1888 zu Lissabon, an och do den 30. November 1935 gestuerwen; mam ganzen Numm Fernando António Nogueira de Seabra Pessoa, war e portugiseschen Dichter, Schrëftsteller a Geeschteswëssenschaftler. Hien huet haaptsächlech ënner de Pseudonymer Alberto Caeiro, Ricardo Reis, Álvaro de Campos a Bernardo Soares publizéiert.
De Pessoa gëllt nom Luís de Camões als bedeitendste Lyriker aus dem Portugal; hien ass ee vun de wichtegsten Dichter a portugisescher Sprooch an hie gehéiert zu de bedeitendsten Auteure vum 20. Joerhonnert.
Wierk
[änneren | Quelltext änneren]Zu Liefzäiten huet de Pessoa wéineg Unerkennung fonnt. Wéi e gestuerwen ass, huet en eng Tru mat 24.000 onpublizéierte Textfragmenter hannerlooss: Prosa, Dichtungen, Skizze vun Theaterstécker, an och politesch a soziologesch Texter.
Säi Livro Do Desassossego ("Buch vun der Onrou") gëtt als seng wichtegst Prosaaarbecht ugesinn.
Literatur
[änneren | Quelltext änneren]- Ángel Crespo: La vida plural de Fernando Pessoa. Barcelona: Seix Barral 1988. (dt.: Fernando Pessoa. Das vervielfältigte Leben. Zürich Ammann 1996.)
- Robert Bréchon: Etrange étranger. Paris 1996.
- João Gaspar Simões: Vida e obra de Fernando Pessoa. Lisboa 1991.
- Burghard Baltrusch: Bewusstsein und Erzählungen der Moderne im Werk Fernando Pessoas. Lang, Frankfurt 1997, ISBN 3-631-31406-X.
- Antonio Tabucchi: Wer war Fernando Pessoa? Carl Hanser, München 1992, ISBN 3-446-16462-6.
Um Spaweck
[änneren | Quelltext änneren]| Commons: Fernando Pessoa – Biller, Videoen oder Audiodateien |
