Fernão Mendes Pinto

Vu Wikipedia
Fernão Mendes Pinto
Gebuer 1509 jul.
Gestuerwen 8. Juli 1583
Aktivitéit Explorateur, Schrëftsteller
Titelsäit vun der 1. Editioun vu Peregrinação.

De Fernão Mendes Pinto (am ale Portugisesch Fernam Mendez Pinto), gebuer ëm 1509 zu Montemor-o-Velho a gestuerwen den 8. Juli 1583 zu Almada, Pragal, war e portugiseschen Entdeckungsreesenden a Schrëftsteller.

Hien ass virun allem bekannt fir säi Buch Peregrinação ("Pilgerfaart"), dat posthum 1614 erauskoum, eng Autobiographie vun där awer haut net méiglech ass, ze soen, wéi autentesch se ass. An dësem beschreift hie seng Reesen an den Noen a Fären Osten, an Ethiopien, d'Arabescht Mier, China (vu wou en erzielt, datt en als Zwangsaarbechter un der Chineesescher Mauer geschafft hätt), Indien a Japan. Hie behaapt ë. a. d'Gewier 1543 do agefouert ze hunn. Et ass beluecht, datt hien déi éischt chrëschtlech Kierch a Japan gegrënnt huet, nodeem e sech mam kathoulesche Missionnaire a Grënnungsmember vum Jesuittenuerden, dee spéider als hellege François Xavier bekannt sollt ginn, befrënnt huet. De Pinto selwer war och eng Zäitche Jesuitt, ass awer dann nees aus dem Uerden ausgetratt.

Säi Buch Peregrinação ass fir seng Zäit eng zimmlech schaarf Kritik um portugisesche Kolonialismus an Asien. Hie beschreift seng moralesch a reliéis Awänn géintiwwer deem, wat en als eng giereg an hypokritesch Entreprise gesäit, déi sech hanner enger reliéiser Missioun verstoppt.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Breve História da Literatura Portuguesa, Texto Editora, Lisboa, 1999
  • A. J. Barreiros, História da Literatura Portuguesa, Editora Pax, 11th ed.
  • A. J. Saraiva, O. Lopes, História da Literatura Portuguesa, Porto Editora, 12tg ed.
  • Verbo – Enciclopédia Luso-Brasileira de Cultura, 15th ed., Editorial Verbo, Lisboa
  • Lexicoteca – Moderna Enciclopédia Universal, vol. 15, Círculo de Leitores, 1987
  • The Travels of Mendes Pinto, ISBN 0-226-66951-3
  • Collis, Maurice, The Grand Peregrination, Faber and Faber 1949.
  • Fernão Mendes Pinto and the Peregrinação - studies, restored Portuguese text, notes and indexes, directed by Jorge Santos Alves, Fundação Oriente, Lisbon, 2010, ISBN 978-972-785-096-9

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Fernão Mendes Pinto – Biller, Videoen oder Audiodateien