Ferrières (Léck)

Vu Wikipedia
Ferrières
An anere Sproochen wa: Fèrîre
Land Belsch
Regioun Wallounien
Communautéit Franséisch Communautéit
Provënz Léck
Arrondissement Huy
Awunner 4.918 (1. Januar 2018)
Fläch 5 690 ha
Koordinaten 50°24'0,00"N, 5°35'59,77"O
Telefonszon 086
Postcode 4190
Websäit http://www.ferrieres.be
Lag vu Ferrières an der Provënz Léck
Gemengenhaus mat op der Stroossesäit am Giewel d'Entrée vum Postbüro
D'Ferme Ferot

Ferrières, op Wallounesch Fèrîre, ass eng Uertschaft an der der belscher Provënz Léck, an den Haaptuert vun der Gemeng mat dem selwechten Numm.

Uertschaft[änneren | Quelltext änneren]

Skulptur virum Spillmusée

Ferrières läit praktesch am Zentrum vun der Gemeng op enger Héicht vu ronn dräihonnert Meter. Duerch d'Uerschtschaft déi haaptsächlech an engem Nordhank läit lafen e puer kleng Baachen déi d'Uertschaft mat hire Griechten opsplécken. Et sinn dëst de Ruisseau de Grandpré an de Ruisseau de la Cherhale déi zesummen d'Logne bilden.

Op de Koppe ronderëm d'Uertschaft leien iwwerall Bëscher.

Eng Attraktioun am Duerf ass de Musée du Jouet an deem Spillsaache vum Ufank vum 20. Joerhonnert erëm ze fanne sinn. Z'ernimme sinn eng grouss Zuel vu Marionetten a verschidde Schaukelpäerd a Bayarden. Besonnesch intressant sinn déi éischt Bausténg vum Spillsachefabrikant Batima e Virleefer vum Lego, grouss Poppenhaiser, Spillbuttécker a verschiddene Variatiounen, Spillkachmaschinnen, eng Sammlung vun Dinky Toys, déi vum Fabrikant Frank Hornby waren, a Modeller vum Lécker Fabrikant Gils. Miniatur-Dampmaschinnen a Konstruktioune mat Mecano sinn och vertrueden, gad sou wéi zwéi Miniaturkarussellen. De réliéise Beräich ass net vergiess ginn, an et kann e z. B. Poppe gesinn, déi Nonnen duerstellen an zwéi Miniatur-Alteeër.

Gemeng[änneren | Quelltext änneren]

Zu der Gemeng gehéieren d'Uertschafte My, Sy, Vieuxville, Logne, Werbomont, Xhoris (ausgeschwat Horris), a Burnontige.

Plaze wéi d'Lieu-diten Rouges Minières a Ferot-le-Fourneau erënneren un d'industriell Vergaangenheet.

Geographie[änneren | Quelltext änneren]

D'Gemeng läit am Süde vun der Provënz Léck, a stéisst mat senger ganzer südlecher a südwestlecherGrenz un d'Gemeng Durbuy an der Provënz Lëtzebuerg. An der Provënz Léck grenzt se am Nordwesten an Norden un d'Uertschaften Hamoir, Filot a Comblain-la-Tour an der Gemeng Hamoir, am Osten un d'Uertschaften Awan an Ernonheid an der Gemeng Aywaille, am Südosten un d'Uertschaft Chevron an der Gemeng Stoumont.

Duerch d'Gemeng leeft am Norden d'Baach Pouhon mat sengen Niewebaachen der Velle, dem Pourceau Pré, der Logne, souwéi am Süden de Ruisseau du Fourneau mat senger Niewebaach Ruisseau de Wésomont. Op enger klenger Strëpp vu 400 Meter am Norden op der Héicht vun de Fielse mat dem Numm Rochers de la Vierge stéisst se un d'Ourthe

Un de Verkéier ass d'Gemeng ugeschloss duerch d'Nationalstroossen N66 an N30 déi allen zwou Uschloss un d'Autobunn A26 (E25) hunn.

Geologie[änneren | Quelltext änneren]

En Haus an der Gemeng Ferrières. Et gesäit een den Afloss vun den zwou Zorte Steng beim Bau. De Giewel ass aus Ardennersteng, d'Fass ass eng Mëschung vu Permangen aus bloe Steng an Ardennersteng, an d'Gewänner an d'Rumme sinn am bloe Granit.

D'Gemeng verdeelt sech op zwou geologesch Schichten, an zwar d'Kallekschichte wéi se am Baseng vun der Meuse virkommen, an déi méi sauer Schicht vun den Ardennen. Am Norden an am Weste schléisst se un den Ostrand vum sougenannte Bassin de Dinant un an am Südosten un de westleche Bord vum Kambrium vu Stavelot.

Dës speziell Situatioun beaflosst d'Varietéit vun der Vegetatioun an der Déierewelt, grad sou wéi vum Relief, a vun de Buedemschätz. Op ville Plaze steet de plakege Fiels un.

D'Gebaier an der Gemeng sinn och dovu markéiert. Sou sinn am Süde vun der Gemeng typesch Ardennerhaiser ze fannen déi am Sandsteen gebaut sinn mat Suedeldiecher déi mat sougenannte cherbins gedeckt sinn. Cherbin ass e Wuert dat un dat lëtzebuergescht Wuert Schierbel erënnert oder Scherben op Däitsch. Et si Leeën déi onreegelméisseg Déckten hunn, well se nëmme graff op der Hand gespléckt goufen. Am nërdlechen Deel sinn d'Haiser am Stil vum Condroz gebaut, haaptsächlech mat Kalleksteen.

Ekonomie an Handwierk[änneren | Quelltext änneren]

Ferrières huet e Parc artisanal vu 15 ha, deen Uschloos un d'E25 huet, an un Nationalstrossen N66 an N30.

Tourismus[änneren | Quelltext änneren]

D'Landschaft ëm Ferrières déi haaptsächlech aus Felder a grousse Bëscher besteet, mat enger Hellewull Trëppelpied (ronn 120 km) zitt vill Touriste besonnesch aus Holland un. An der Gemeng kann e vill all Gebaier am ländleche Stil gesinn déi meeschtens am bloe Steen oder mat dem eisenhaltege Granit aus der Géigend gebaut sinn.

Ënner de Schlässer an der Géigend ass besonnesch d'Schlass vu Grimonster z'ernimmen, an de Schlasshaff Ferme Ferot. Dëse groussen Haff gouf bekannt duerch de Film Folle embellie vun der Dominique Cabrera mat der Miou-Miou, Jean-Pierre Léaud, Morgan Marinne, Marilyn Canto a Julie-Marie Parmentier. Eng grouss Partie vun de Statisten am Film sinn Awunner vu Ferrières an Hamoir.

Z'ernimme sinn nach déi grouss Zuel vu Bauerenhäff déi all hanner Mollongsmauere leien, sou wéi La House zu Ferrières selwer, an den Haff La Bouverie zu Vieuxville. Den Architekturpatrimoine gëtt nach vun enger Abberzuel fréieren adlege Gidder a klenge Privatschlässer beräichert.

Op der Buerg vu Logne fënnt e sech an der Atmospär vum Mëttelalter erëm, mat den ënnerierdesche Gäng, an deenen déi sougenannt Gatte d'Or spuke soll. Vun de Mauere vun dëser Festung huet en eng vun de schéinste Vuën op den Dall vun der Ourthe.

Naturschutz[änneren | Quelltext änneren]

An der Gemeng gëtt et dräi Naturreserven déi der Gemeng gehéieren. Dozou gehéieren eng Fiichtwiss an zwou Bëschreserven, d'Réserve naturelle de Grimonster an d'Réserve naturelle de Picherotte.

Kräiz vum Victor Lamer[änneren | Quelltext änneren]

Kräiz vum Victor Lamer

D'Croix Lamer ass e Weekräiz op der Gewaan vum Uertsdeel Le Houpet am Weste vu Ferrières. Et steet um Flouer sol Herlo laanscht ee Feldwee dee vun der Ferme Ferot op den Hé de l'Afrut geet, um Bord vum Bësch vu Grimonster. D'Kräiz gouf opgeriicht well op där Plaz an der Nuecht vum 18. Oktober 1828 de Fierschter Victor Lamer de leschten Dag éiert e seng Pensioun sollt kréien, vun engem Braconnier erschoss gouf. Um Sockel vum Kräiz ass agravéiert: Ici le 18 octobre 1928 à minuit d'un coup de feu mortel succomba victime de son devoir Victor Lamer Garde-Champêtre 66 ans priez pour lui.

Jumelagen[änneren | Quelltext änneren]

  • Ferrières ass mat Chablis jumeléiert.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ferrières (Léck) – Biller, Videoen oder Audiodateien