Festungstuerm

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Tierm sinn héich, vu Mënsche gebaut Strukturen, déi als Verdeedegung vun enger Plaz agesat kënne ginn. Tierm si generell méi héich wéi breet a kënnen eleng stoen oder an eng méi grouss Struktur agegliddert sinn. Well Tierm eng einfach Méiglechkeet duerstellen, sech Schutz an e Virdeel bei der Verdeedegung ze verschafen, gi si zanter prehistoreschen Zäite benotzt.

Entwécklung[änneren | Quelltext änneren]

De Bau vun Tierm ass eng vun den einfachsten an effektiivste Méiglechkeete, fir sech virun engem direkten Ugrëff ze schützen. Aus deem Grond ginn Tierm a quasi alle Kulture queesch duerch d'Geschicht benotzt. Dat eelst bekannte Beispill vun Tierm am Kontext vun enger Befestegung ass den Tuerm an der Mauer vun der Stad Jericho. Déi Mauer ass an d'Jongsteenzäit datéiert ginn, op ëm 8000 viru Christus.

Déi verschiddenst Kulturen hunn Tierm dunn als Verdeedegungsbauwierker iwwerholl, ugefaange vun de Babylonier, Phenizier, Griichen a Chineesen bis bei d'Réimer. Tierm konnten dobäi verschidde Grondrësser hunn, vu véiereckegen Tierm (Beispill: Chinesesch Mauer), bis zu 8-eckegen oder ronnen Tierm bei de Réimer.

Besonnesch vun de Réimer si vill Tierm, sief et an hire Fundamenter, oder als integral Bauwierker, erhale bliwwen. Besonnesch erauszesträiche sinn hei déi Tierm vum Limes déi eleng stinn, an Tierm déi a Festungsmaueren agegliddert waren, wéi zum Beispill zu Augusta Tereverorum, dem haitegen Tréier. Wéinst hirer zolitter Bauweis sinn déi Tierm dacks an de Joerhonnerten duerno iwwerholl an ausgebaut ginn.

Am fréie Mëttelalter (10. Joerhonnert) sinn du fir déi éischt Kéier Tierm als Residenz- a Militärbauten opgedaucht, déi sougenannt Motten. Dës hunn aus engem hëlzenen Tuerm bestanen, dee vun enger Palissade ëmgi war, déi déi sougenannt Basse-cour, oder Virbuerg ëmschloss huet.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Motte

Aus deenen Tierm hu sech an Europa stenge Bauten entwéckelt déi méi grouss a méi héich gi sinn, déi sougenannt Donjonen. Déi waren d'Kärstéck vun den héichmëttelalterleche Buergen, gläichzäiteg Militärbauten, Wunnbauten, Lager an Demonstratioun vun der Muecht vum Adel.

Nuvola apps xmag.png Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Buergfrid (Buerg)

Gläichzäiteg ass d'Palissade duerch stenge Maueren ersat ginn, déi méi e groussen Areal ëmfaasse konnten. Déi Mauere krute Wiergäng an eegen Tierm fir engem Géigner d'Approche un de Fouss vun enger Mauer méi schwéier ze maachen.

Tierm sinn am Laf vun de Joerhonnerten un hir Aufgaben ugepasst ginn. Sou ass et schwéier, een Typus Tuerm a seng Entwécklung ze beschreiwen. Jee no Baumaterial, Beschafenheet vum Buedem a Funktioun konnten Tierm ronn oder eckeg sinn. Verschiddener si reng als Verdeedegungselementer vu Festunge gebaut ginn, anerer goufen als Prisong benotzt (Beispill: Porte de Hal (Bréissel)), op Puerte gebaut (Beispill: Porte d'Eich, Porte des Bons-Malades (Festung Lëtzebuerg)), oder als Wuechttierm benotzt. An der Gréisst variéieren Tierm vu klengen, 1-Mann Tierm, déi zu Lëtzebuerg och nach Spuenesch Tiermercher genannt ginn, bis zu grousse Bauten déi 40 oder méi Meter kënnen erreechen an als Residenz fir eng ganz Famill benotzt goufen.

Am Festungsbau sinn Tierm vum 15. Joerhonnert un duerch Bastiounen a Redanen ofgeléist ginn. Duerch d'Entwécklung vun Artillerie sinn Tierm, wéinst hirer Gréisst an hirer relativ schwaacher Bauweis zu hirer Spëtzt zou, zu liichten Ziler vu Beschoss ginn. Sou sinn zum Beispill d'Tierm op der Rumm an der sougenannter Wenzel-Mauer noweislech während der franséischer Belagerung vu 1684 schwéier beschiedegt ginn.

Gläichzäiteg haten déi mëttelalterlech Tierm, déi fir d'Verdeedegung duerch Fousstruppen ausgeluecht waren, keng Plaz fir eegen Artillerie opzestellen an hu misse modifizéiert gi fir Paarten anzebauen, duerch déi konnt geschoss ginn. Verschiddentlech ass dat geschitt, ma d'Weiderentwécklung vun der Belagerungsartillerie huet et néideg gemaach, Festungsdeeler méi am Terrrain ze versenken an déi eenzel Wierker den neie Bedingungen unzepassen. Aus deem Grond sinn d'Tierm vum mëttelalterleche Festungsbau hirer Aufgab net méi gerecht ginn a si goufen duerch Bastiounen ersat.

Op eenzele Plaze si si awer bestoe bliwwen, entweder well si dem Bau vun neien, bastionéierte Festungswierker net am Wee waren, oder well si a Regioune leien, déi am spéide Mëttelalter net méi imminent vu Belagerunge bedreet waren. Och Buergen oder Schlässer hu meeschtens hir Tierm behalen, well et sech militäresch a finanziell net gelount huet, ronderëm eng kleng Plaz e Bastionärssystem unzeleeën.

Militäresch Funktioun[änneren | Quelltext änneren]

Tierm sollten et engem Verdeedeger méiglech maachen, e méiglechst groussen Areal z'iwwerblécken. Vun der erhéichter Positioun konnten Distanzwaffe wéi Béi an Armbrëscht mat méi Duerchschlagskraaft benotzt ginn. Gläichzäiteg hu Scharten, Broschtwier an Zënnen Deckung gebueden. Déi iewescht Plattform konnt oppen oder iwwerdaacht sinn.

Tierm si meeschtens an eng Buerg- oder Festungsmauer integréiert ginn, fir si ze verstäerken an et de Verdeedeger vun hirer avancéierter Positioun aus z'erméiglechen, de Fous vun der Courtine ze beschéissen, fir datt géigneresch Truppen et méi schwéier kruten, d'Mauer ze stiermen. Ronn oder hallefronn Tierm hunn als besonnesch Resistent géint Ugrëffer gegollt, ma besonnesch d'Ënnerminéierung duerch Sapë konnt hinne geféierlech ginn.

Verschiddentlech, haaptsächlech bei Fetsungstierm, ass déi hënnescht Säit op bliwwen, fir engem Géigner deen een Tuerm geholl hat keng Deckung ze bidden.

Tierm konnten och als isoléiert Bauwierker stoen an als Fliehbuerge benotzt ginn, an déi sech d'Bevëlkerung um Land séier konnt zréckzéien.

Typen[änneren | Quelltext änneren]

Beispiller[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]