Op den Inhalt sprangen

Fetschenhaff

Vu Wikipedia
Fetschenhaff
De Plateau um Fetschenhaff. Am Hannergrond de Fort Rubamprez an de Sportlycée
An anere Sproochen fr: Fetschenhof
de: Fetschenhof
Land Lëtzebuerg
Kanton Lëtzebuerg
Gemeng Lëtzebuerg
Buergermeeschter Lydie Polfer (DP)
Koordinaten 49° 36’ 46.6’’ N
      06° 09’ 12.8’’ O


Vum Fetschenhaff d'Tréierer Strooss erof an de Gronn (1905)

Fetschenhaff ass e Lieu-dit an e fréieren Haff am Südweste vum Quartier Zens vun der Stad Lëtzebuerg.

Ursprong vum Numm

[änneren | Quelltext änneren]

Fir d'éischt ernimmt gëtt de Fetschenhaff an engem Dokument vum 1. August 1255, mat deem d'Elisabeth, Wittfra vum Stadschäffe Walter, dem Helleg-Geescht-Klouschter 14 Muerge Land um Kéibierg bei der Vecchenuel vermaacht huet.

Méiglecherweis kéint den Numm vum mëttelhoudäitschen „Uel“ ((de) Aue), enger Wiss a vun „Vecchen“ oder „Vetschen“ fir Wick (Vicia) hierkommen. Den Numm wär deemno op eng Wickenaue, eng Wiss mat Wicken zeréckzeféieren.

Eng aner Erklärung kéint sinn, datt den Numm vu „Fetzienuel“ ofgeleet gouf, woubäi „Fetzies“ dem gebräichlechen Numm fir den Hellege Bonifatius war. Et wär deemno d'Bonifatius-Wiss.

Enger anerer Theorie no, kéim den Numm vum Haff am Flouer Hecchenowel vum algermaneschen „hetze“ ((de) Elster, Geier, Falke). Dëst wier eng Verstümmelung vum Wuert „hetschen“ ((de) bummeln). Zanter 1441 ass den Ufankskonsonant „H” duerch en „F“ ersat ginn an den Uert gouf dunn Fetzenail, 1507 Fetzenaillerborn a 1562 Fetschendal. Duerno huet sech de Suffix zu hof entwéckelt: Fetsenhof (1589), Fetzschenhof (1605), Vetschenhofner borren (1627) a schliisslech Fetschenhof[1].

Nodeems d'Elisabeth 1255 dem Helleg-Geescht-Klouschter Land vermaacht hat, ass gewosst, datt e gewësse Philipp Girrardens[1], genannt Girardeus, de 6. Januar 1292 der Mënsterabtei säin Haff am Flouer Hecchenowel[1] an ongeféier 80 ha Land geschenkt huet, en Terrain dee sech vum Kéibierg bis op den Zens a vun de Fielsen iwwer Clausen an dem Neiduerf bis an den Hammer Dällchen an op d'Polvermillen ausgedeent hat.

A groussen Deeler um Réck vum Hiwwel war deemools nach en dichte Bësch an et war schwiereg fir vun der Abtei op de Fetschenhaff oder an de Fetschendall ze kommen, well keng Weeër bestanen hunn. D'Patere vun Almënster hunn dowéinst hir Gäert a Wise léiwer am Pafendall ugeluecht.

De Plateau vum Fetschenhaff louch vu jeehier kamoud fir all Arméi, déi d'Festung vun Osten hir ugräife wollt, well ee vun der Héicht aus e gudden Iwwerbléck op d'Stad hat. Sou gouf d'Festung 1684 vum François de Créqui belagert, vum Fetschenhaff aus bombardéiert an de 4. Juni 1684 eruewert.

Den 21. November 1794 gouf d'Festung nees vun de Fransousen, déi Kéier vun den Truppe vum Directoire, vum Fetschenhaff aus belagert. Bei där Belagerung ass och den „Fetschenhaff“ a Flamen opgaangen.

De Fetschebuer am Äppelwee
Commons: Fetschenhaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

[Quelltext änneren]
  1. 1,0 1,1 1,2 Josef Hanck (J.H.), Straßennamen erzählen die Geschichte der Stadt an: Luxemburger Wort vum 13. Januar 1943, S. 3