Fichier:Alain Nacache, Pos Stolpersteng Joseph Kinman a Jakob Hayum, Munneref-102.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Original Fichier(1.710 × 2.084 Pixel, Fichiersgréisst: 2,96 MB, MIME-Typ: image/jpeg)

Dëse Fichier ass vu(n) Wikimedia Commons an däerf vun anere Projete benotzt ginn. D'Beschreiwung op senger Beschreiwungssäit steet hei ënnendrënner.

Resumé

Beschreiwung
Lëtzebuergesch: Als ofschléissend Aktioun am Kader vu "Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess" huet d'Gemeng Munneref de 6. November 2015 eelef Stolpersteng vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig verleeë gelooss. 18 Lokalassociatiounen hunn de Parrainage iwwerholl.

Bei fréieren Hotel Windsor sprécht den Alain Nacache, Groussrabbiner vu Lëtzebuerg, e Gebied fir d'Affer vum Holocaust.

  • De Joseph Kinman, gebuer de 15. Dezember 1906 zu Warschau, verléisst seng Heemecht 1923 a kënnt 1927 op Munneref, nodeem hie virdunn zu Paräis an zu Bréissel geschafft huet. De 25. Mäerz 1928 bestit hien d'Jeanne d'Probst. 1935 associéiert säi Schwéierpapp, den Adolphe Probst hien un der Gérance vum Hotel Bristol, deen d'Famill Probst-Seckler kuerz virdrunn iwwerholl hat. Wéi de Familjebetrib du richteg prosperéiert huet, war dat net zur Freed vun der Konkurrenz. Et goung sou wäit dat d'Gendarmerie obligéiert war eng Enquête ze maachen woubäi awer näischt Negatives iwwer de Probst oder de Kinman eraus koum. An hirem Rapport hunn d'Gendaarme awer missen antisemitisch Aussoen notéiere wéi "Wie ist es nur möglich, dass so einem polnischen Juden hier der Betrieb eines Hotels gestattet wird?"

Beim Iwwerfall vun den däitschen Truppe flücht d'Famill Kinman-Probst a Frankräich wou se an der Géigend vun Nice ënnerkommen. 1943 wunne se ënner falschen Nimm zu Valence, wou si de 24. Dezember 1943 vun der Gestapo festgeholl gi wéinst "activité au profit de la résistance française, fabrication de fausses cartes d'identité pour les réfractaires du STO et pour les hommes du maquis". De Joseph Kinman kënnt an de Camp vun Drancy, vu wou hien de 27. Mäerz an d'KZ Auschwitz deportéiert gëtt. Ënner der Nummer 176258 gëtt hien engem "Arbeitskommando" zougedeelt. Hie stierft den 18. Mee 1944 - "tödlich verunglückt".


  • De Jakob Hayum gouf den 19. Juli 1908 zu Könen, haut e Staddeel vu Konz am Landkrees Tréier-Saarburg, gebuer. 1935 gëtt hie beschëllegt eng Falschausso an engem Prozess gemaacht ze hunn a wéinst Meeneed zu engem Joer an 9 Méint Prisong condamnéiert, déi hien zu Tréier, Münster an Herford ofgesat huet. Den 21. Juni 1938 koum hien als "Häftling 3823" an d'KZ Sachsenhausen, wou hien als "arbeitsscheuer Jude" agedroe gouf. Dunn huet säi Cousin Sylvain Hayum, Directeur adjoint beim Comptoir des fers et métaux, sech dofir agesat, datt hien e Permis de séjour fir Lëtzebuerg sollt kréien. Sou krut hien eng Openthaltserlaabnis fir zwéi Méint a koum den 28. September 1938 iwwer de Prisong vun Tréier op Lëtzebuerg. Well seng Pläng no Iwwerséi ze emigréieren awer kee Succès haten, huet hie gefrot fir de Permis prolongéiert ze kréien. Ënner der Conditioun op Munneref wunnen ze goen ass dat du geschitt.

Hien huet sech am jüdeschen Hotel Hemmendinger ugemellt a schéngt am Hotel Bristol bei der Famill Probst-Seckler geschafft ze hunn. 1939 huet de Jacques (wéi hie sech lo genannt huet) Hayum d'däitsch Nationalitéit verluer a krut provisoresch lëtzebuergesch Pabeieren. Kuerz vrum Amarsch vun den däitschen Truppen ass hien zesumme mat der Famill Probst a Südfrankreich geflücht, wou hien hir jéngsten Duechter d'Relly bestuet huet. De 7. Abrëll koum hir Duechter Paulette zu Montpellier op d'Welt. Zu Pierrefiche, wou hie bei engem Bauer geschafft huet, gouf den Hayum bei enger Razzia opgegraff a koum de 25. Februar 1943 an de Camp zu Gurs, an den Dag drop an de Camp zu Drancy. Mam "Convoi 50" gouf hien de 4. Mäerz an d'KZ Majdanek deportéiert, vu wou hien net méi zréck koum.

Seng Fra Relly, seng Duechter an d'Schwéiereltere konnten de 4. Mäerz 1943 an d'Schwäiz flüchten an hunn de 15. Juni 1945 d'Heemrees op Lëtzebuerg ugetrueden. Vum Hayum senger Famill huet just eng Schwester an e Brudder den Holocaust iwwerlieft.
Datum
Quell Eegent Wierk
Auteur Jwh
Kamerapositioun49° 30′ 14,54″ N, 6° 16′ 48,43″ O Kartographer map based on OpenStreetMap.Dëst an aner Biller op OpenStreetMapinfo

Lizenz

Jwh at Wikipedia Luxembourg, de Besëtzer vum Copyright vun dësem Wierk, publizéiert et ënner dëser Lizenz:
w:lb:Creative Commons
Attributioun ënner deselwechte Bedingunge weiderginn
Dëse Fichier ass ënner der Creative Commons Attribution-Share Alike 3.0 Luxembourg Lizenz disponibel.
Attributioun: Jwh at Wikipedia Luxembourg
Dir kënnt:
  • D'Wierk deelen – kopéieren, verdeelen a weiderginn
  • D'Wierk kombinéieren – adaptéieren
Ënner dëse Konditiounen:
  • Attributioun – Dir musst appropriéiert Informatiounen iwwer den Auteur uginn, e Link op d'Lizenz maachen, an uginn ob Ännerunge gemaach goufen. Dës Informatioune kënnen op eng räsonabel Manéier gi ginn, awer ouni datt den Androck entsteet datt deen deen d'Lizenz ginn huet Iech oder Är Benotzung approuvéiert oder ënnerstëtzt.
  • ënner deselwechte Bedingunge weiderginn – Wann Dir dëst Wierk ännert, transforméiert oder dorop opbaut, dierft Dir dat Wierk, dat doraus entsteet, nëmmen ënner der selwechter oder enger kompatibeler Lizenz, verbreeden.
Personality rights Although this work is freely licensed or in the public domain, the person(s) shown may have rights that legally restrict certain re-uses unless those depicted consent to such uses. In these cases, a model release or other evidence of consent could protect you from infringement claims. Och wann en dozou net verpflicht ass, kann deen deen de Fichier eropgelueden huet Iech eventuell dobäi hëllefen esou Beweiser ze kréien. Kuckt eis allgemeng Konditioune fir méi Informatiounen.

Beschreiwungen

Setzt eng Erklärung an enger Zeil derbäi wat dëse Fichier duerstellt

In dieser Datei abgebildete Objekte

Motiv

49°30'14.54314"N, 6°16'48.42818"E

aufgenommen mit Däitsch

Nikon D800 Däitsch

Belichtungszeit Däitsch

0,0125 sec.

Blendenzahl Däitsch

3,5

Brennweite Däitsch

70 Millimeter

ISO-Wert Däitsch

400

MIME-Typ Däitsch

image/jpeg

Prüfsumme Däitsch

e0661262e91f89617e3c4358cdb83c37d11c915c

Dateigröße Däitsch

3.102.439 Byte

2.084 Pixel

1.710 Pixel

Versiounen

Klickt op e bestëmmten Zäitpunkt fir déi respektiv Versioun vum Fichier ze kucken.

Versioun vumMiniaturbildDimensiounenBenotzerBemierkung
aktuell00:17, 27. Nov. 2015Miniaturbild fir d'Versioun vum 00:17, 27. Nov. 20151.710 × 2.084 (2,96 MB)JwhVicuñaUploader 1.20

Dës Säit benotzt dëse Fichier:

Globaalt Benotze vum Fichier

Dës aner Wikie benotzen dëse Fichier:

Metadaten