Fichier:Stolpersteng MEYER-KAHN, HAYUM, JOSEPH, 6, rue de la Gare, Réimech-101.jpg

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Original Fichier(7.116 × 4.057 Pixel, Fichiersgréisst: 25,7 MB, MIME-Typ: image/jpeg)

Dëse Fichier ass vu(n) Wikimedia Commons an däerf vun anere Projete benotzt ginn. D'Beschreiwung op senger Beschreiwungssäit steet hei ënnendrënner.

Resumé

Beschreiwung
Lëtzebuergesch: Vrum Krich hunn zu Réimech fënnef jüddesch Famille gewunnt. Dräizeng Mënsche vun hinne goufen ëmbruecht, nëmme fënnef hunn den Holocaust iwwerlieft - alleguerte ware si Affer deene bis dohi vun offizieller Säit net geduecht gouf. Dofir huet d'Stad Réimech als ofschléissend Aktioun am Kader vu "Mémoires communes - verfollegt, verdrängt, vergiess" de 24. Juni 2016 fir déi Doudeg siwwenzéng Stolpersteng vum däitsche Kënschtler Gunter Demnig verleeë gelooss.

D'Stad Réimech, de Buergermeeschter Henri Kox, d'Membere vum Schäffen- a Gemengerot an aacht Lokalassociatiounen hunn de Parrainage vun dëse Steng iwwerholl. Den nämmlechten Dag huet d'Gemeng dann och an Zesummenaarbecht mat der asbl MemoShoah Lëtzebuerg eng Plaz fir d'Affer vun der Shoah ageweit. Domat ass Réimech déi éischt Uertschaft am Land déi sou ausdrécklech hir fréier jüddesch Awunner éiert.

  • D'Famill Meyer-Kahn huet op Nr 6 an der Rue de la Gare gewunnt wou se e Véihandel bedriwwen hunn. Den Herrmann Meyer, 1870 zu Wawern bei Prüm gebuer, ass 1932 zu Rémech gestuerwen. D'Fanny Meyer-Kahn, 1878 zu Bus gebuer, gouf de 16.Oktober 1941 mam sougenannte "Luxemburger Transport" an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert, vu wou si op Auschwitz koum, wou si 1944 ermuert gouf. d'Koppel hat dräi Kanner: De Jules, den Arthur an d'Renée.
  • De Jules, 1906 zu Réimech gebuer, ass 1927 a Frankräich op Vitry-le-François ausgewandert an do 1991 gestuerwen.
  • Den Arthur, 1909 zu Réimech gebuer, war mat der Caroline Kahn vu Miedernach verlobt. Hie gouf de 16.Oktober 1941 zesumme mat senger Mamm an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert an duerno an d'Vernichtungslager Chelmno, wou hien an engem Gascamion ermuert gouf.
  • Um nämmlechten Transport war och seng Schwester Renée, 1914 zu Réimech gebuer. Duerno koum si op Auschwitz a gouf do 1944 ermuert.
  • De Leo Hayum, 1907 zu Kirf bei Tréier gebuer war mat der Renée Meyer bestuet an hat ee Liederhandel. Och hie gouf de 16. Oktober 1941 an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert, wou hie qualvoll gestuerwen ass.
  • Den Heinz Joseph, 1925 zu Laufersweiler am Hunsrück gebuer, war en Neveu vum Leo Hayum. Hien ass 1938 op Lëtzebuerg bei d'Famill op Réimech geflücht. De 16. Oktober 1941 gouf hien an de Ghetto vu Litzmannstadt deportéiert. Hien huet e puer Lageren, ë.a. Auschwitz a Bergen-Belsen iwwerlieft. Den Heinz Joseph ass 2002 an den USA gestuerwen.
E grousse Merci un den Norbert Lindenlaub fir seng Recherchen zu den eenzelne Familljegeschichten.
Datum
Quell Eegent Wierk
Auteur Jwh
Kamerapositioun49° 32′ 43,94″ N, 6° 21′ 55,21″ O Kartographer map based on OpenStreetMap.Dëst an aner Biller op OpenStreetMapinfo

Lizenz

Jwh at Wikipedia Luxembourg, de Besëtzer vum Copyright vun dësem Wierk, publizéiert et ënner dëser Lizenz:
w:lb:Creative Commons
Attributioun ënner deselwechte Bedingunge weiderginn
Dëse Fichier ass ënner der Creative Commons Attribution-Share Alike 3.0 Luxembourg Lizenz disponibel.
Attributioun: Jwh at Wikipedia Luxembourg
Dir kënnt:
  • D'Wierk deelen – kopéieren, verdeelen a weiderginn
  • D'Wierk kombinéieren – adaptéieren
Ënner dëse Konditiounen:
  • Attributioun – Dir musst appropriéiert Informatiounen iwwer den Auteur uginn, e Link op d'Lizenz maachen, an uginn ob Ännerunge gemaach goufen. Dës Informatioune kënnen op eng räsonabel Manéier gi ginn, awer ouni datt den Androck entsteet datt deen deen d'Lizenz ginn huet Iech oder Är Benotzung approuvéiert oder ënnerstëtzt.
  • ënner deselwechte Bedingunge weiderginn – Wann Dir dëst Wierk ännert, transforméiert oder dorop opbaut, dierft Dir dat Wierk, dat doraus entsteet, nëmmen ënner der selwechter oder enger kompatibeler Lizenz, verbreeden.

Beschreiwungen

Setzt eng Erklärung an enger Zeil derbäi wat dëse Fichier duerstellt

In dieser Datei abgebildete Objekte

Motiv

49°32'43.937"N, 6°21'55.213"E

aufgenommen mit Däitsch

Nikon D800 Däitsch

Versiounen

Klickt op e bestëmmten Zäitpunkt fir déi respektiv Versioun vum Fichier ze kucken.

Versioun vumMiniaturbildDimensiounenBenotzerBemierkung
aktuell00:33, 28. Jun. 2016Miniaturbild fir d'Versioun vum 00:33, 28. Jun. 20167.116 × 4.057 (25,7 MB)JwhVicuñaUploader 1.23

Dës Säit benotzt dëse Fichier:

Metadaten