Fichier Diskussioun:TuerFiel24.JPG

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

"Lizenz: Dëst Bild ka fräi benotzt ginn, ënnert de Conditounen datt et fir net-kommerziell Zwecker ass, datt den Auteur mentionnéiert gëtt, datt all weider Reproduktioun, Representatioun oder Verännerung vun dësem Bild och ënnert dëser Lizenz steet an datt dës Lizenz integral am Zesummenhang mam Bild zitéiert gëtt ": Firwat (an nëmmen dëst Bild als Beispill) reagéiert kee bei Lizenzen, déi et guer net ginn? --Cornischong 00:28, 9 Oktober 2007 (UTC)

Bass de Sysop oder net, a firwat geséis de op eemol elo eppes wat der virun 2 Joer egal war. Als Sysop wees de jo sécher wats de an esou engem Fall ze maachen hues, ode maache kanns. 81.244.189.208 07:15, 9 Oktober 2007 (UTC)
"wat der virun 2 Joer egal war": Fir Frechheete muss anscheinend eng IP duerhalen. --Cornischong 07:51, 9 Oktober 2007 (UTC)


Gudde Moien,
Wann ech esou an onsem System kucken, da stellen ech fest datt Biller déi eng vun deene Lizenzen hunn, déi ee beim Eroplueden nëmme brauch unzeklicken fir datt se soll bei d'Bild stoe kommen , oder eng vun deenen déi an dëser Kategorie opgelëscht sinn Category:Wikipedia:Virlag:Lizenze fir Biller (56 Stéck), da kritt dat Bild och automatesch eng Kategorie. Et ass also einfach festzestellen op e Bild eng Lizenz huet oder net.
Wann ech dann hei kucken Biller ouni Kategorie de facto also ouni Lizenz, gesinn ech datt dat der 3.844 sinn. Dovunner hunn der en etlech guer keng, anerer Fantasielizenzen, an dann déi déi zwar eng hunn awer net vum Systeem erfasst gëtt well de Link op d'Schabloun falsch geschriwwen ass.
Wann et misst sinn kann ech och nach d'Statistik maachen bei water Useren do d'Kromm an der Heck läit. Les Meloures 09:35, 9 Oktober 2007 (UTC)
Nee Merci. Et sinn der a leschter Zäit genuch hei erausgegrujelt ginn; et geet elo mol duer fir eng Zäitchen, mengt de --Cornischong 23:43, 12 Oktober 2007 (UTC)


Do kënnt da meng al Leier un d'Rei: Entwerder mer kucken alles no, a setzen et an d'Rei. Fir punktuell bei all Bild all Kéiers e Kommentar ze maachen, brengt ons och net weider.

Les Meloures 09:45, 9 Oktober 2007 (UTC)

Lo kënnt natierlech d'Fro: A wie soll dat da maachen.???
Dofir elo mol e ganz einfache Rot: Een dee sech hei net well un der Aarbecht bedeelegen, ka sech och spéider all Kommentar spueren. Les Meloures 10:22, 9 Oktober 2007 (UTC)


De Statistiker päckt eng Hand mat un, awer eréischt vum nächste Mëtwoch un. Et gëtt nach aner Honn ze beetschen bis e Mëttwoch. An eng Statistek maachen ech ech dann och driwwer.
De Cornischong seet hei uewen iwwer dem Les Meloures seng Propositioun neen. Firwaat. Hie behapt et wieren der schonns genuch erausgegrujelt ginn. Duerch Statistike sollen der erausgegrujjelt gi sinn. Déi géif ech da gäre gesinn. Oder fäert de Cornischong datt vläicht eppes bei sou enger Statistik eraus kennt, dat him net gefällt. De Statistiker 05:10, 13 Oktober 2007 (UTC)

Waarm Loft[Quelltext änneren]

"De Statistiker päckt eng Hand mat un, awer eréischt vum nächste Mëtwoch un ...." Nom Kollektivcongé , elo de Wanterschlof? --Cornischong 10:25, 3 November 2007 (UTC)