École privée Fieldgen

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Fieldgen)
École privée Fieldgen
De Fieldgen an der Antwerpener Strooss op der Gare
(EPF)
Typ Secondairesschoul, Privatschoul
Regimm Classique, General
Land Lëtzebuerg
Uertschaft Lëtzebuerg
Schülerzuel 1.517
  September 2022
Ënnersteet der/dem Schwëstere vun der Doctrine chrétienne
Gegrënnt 1891
Um Spaweck https://www.epf.lu/

D'École privée Fieldgen oder Lycée privé Fieldgen, kuerz einfach de Fieldgen, ass eng lëtzebuergesch kathoulesch Privatschoul an der Stad Lëtzebuerg, an der Antwerpener Strooss am Garer Quartier. Se gehéiert dem Uerde vun de Schwëstere vun der Doctrine chrétienne an ass en Deel vun engem Reseau, dee 6 verschidde Schoulen ze Lëtzebuerg, Frankräich an der Belsch matenee verbënnt. De Fieldgen war 126 Joer laang just fir Meedercher; zanter der Rentrée 2017 ass de Lycée fir Jongen a Meedercher.

Schoulesch Offer[änneren | Quelltext änneren]

D'Ecole Privée Fieldgen huet Classiques-, Général- an Préparatoire-Klassen. Och wann et eng Semi-Privatschoul ass, kréien d'Première-Schüler den offiziellen Ofschloss, dee s'och a staatleche Schoulen géife kréien.[1]

Klassendynamik[änneren | Quelltext änneren]

D'Klassen hunn am Duerchschnëtt 19.1 Schüler. Et si souwuel Jonge wéi och Meedercher an de Klassen, mä beim Umellen duerf och gewielt ginn, an eng Meederchersklass ze kommen.  

Sproochefokus[änneren | Quelltext änneren]

Babel: Et huet een vu 7ième un als Classique-Schüler de Babel-Programm. D'Schüler kënne wielen, ob se Geschicht a Geographie gär op Däitsch oder op Franséisch hätten.

ALLEM-ALLET: D'Schüler vum Classique ginn op 7ième fir den Däitschcours an een ALLEM-ALLET System agedeelt.

Den ALLEM-Cours ass den Däitschcours, wéi een en och an den staatleche Schoule fënnt. Den ALLET-Kuer ass fir déi Schüler gemaach, déi nach méi Schwieregkeeten am Däitschen hunn.

Englesch vu 7ième un: Op 7ième Classique hunn d'Schüler an der Ecole Privée Fieldgen schonn Engleschcoursen.

Schoulesch Hëllef: Et gëtt Hausaufgabenhëllef ugebueden, wou Schüler aus verschiddene Klasse vun engem Proff vum deementspriechende Fach déi néideg Hëllef kréien. Et gëtt och nach den "SOS Études dirigées", souwéi de “Clever léieren”, soudass de Schüler vill Dieren opstinn, fir am Lycée selwer schoulesch Hëllef ze kréien.

Et gëtt och e Schüler-hëllefe-Schüler-Programm, wou d'Hëllef net vun de Proffen ausgeet, mee vun anere Schüler.

Liewen an der Schoul[änneren | Quelltext änneren]

D'École Privée Fieldge proposéiert eng Panoplie vun Raim, wou d'Schüler hiren alldeegleche Besoinen no kënne goen.

Hei zielt zum Beispill d'Cafeteria dozou. Do kënne si sech an de Pausen treffen an eppes z’iessen oder ze drénke kafen. Verschidde Klassen dierfen sech och dohi setze fir ze léieren.

Donieft kann een och an der Mëttegpaus säin Iesse mat an d'Picknicksäll huelen.

Och gëtt et eng Kantin. D'Schüler kënnen um Site Iesse bestellen an dat do iessen. Den Ament (Stand: 2023) ass eng nei Kantinn an der Maach. Dës ass op zwéi Stäck an huet eng Terrass.

Den CDI ass eng Bibliothéik a gläichzäiteg eng Plaz fir a Rou oder och a Gruppen (a schalldichte Raim) ze schaffen. Déi zwou Bibleothecairinnen organiséieren iwwert d'Joer och Aktivitéite fir d'Schüler, wéi zum Beispill e Buchclub oder d'Harry-Potter-Booknight.

D'ganzt Schouljoer duerch ginn Aktivitéite wéi zum Beispill Excursiounen, eng Semaine Projets, eng Semaine Raoul Follereau, divers Projeten mat Klassen, e Chrëschtbazar, Mini-Entreprisen... proposéiert.

All Muere gëtt et um Fieldgen eng Annonce um Mikro, fir wichteg Informatiounen duerchzeginn an de “Gedanke vum Dag” (e kuerze Motivatiounsmessage) virgelies. All Woch gëtt och de Kontakt, an all Trimester den Trait d'Union verschéckt, wou Neiegkeeten, Infoen a Fotoe verëffentlecht sinn.

Och gëtt déi sou genannt École à la carte offréiert. Hei kënne Schüler no de gewéinleche Schoulstonnen hiren eegenen Interessien nogoen. Si kënnen zum Beispill Sport praktizéieren, Friemsprooche léieren, bitzen, sech fir d'Ëmwelt engagéieren, asw.

Als kathoulesch Schoul gëtt et um Fieldgen och eng Aumônerie. Dës këmmert sech zum Beispill em d'Massen, déi dräi mol am Joer gehale ginn: fir den Ufank vum Schouljoer, fir Chrëschtdag an d'Faaschtenzäit. Et kann een awer och mat de Membere vun der Aumônerie schwätzen, wann ee perséinlech Problemer oder Froen (zum Beispill iwwert de Glawen) huet.

Bei perséinleche Problemer kënnen d'Schüler sech och un d'Psychologe vum SEPAS wenden. Dëst bidden och hir Hëllef zum Beispill bei Léierschwieregkeeten un.

Internat[änneren | Quelltext änneren]

Zum Fieldgen gehéiert och en Internat nëmmen fir Meedercher, wou aktuell ca. 70 Schülerinnen zesumme léieren a liewen. Se ginn vun enger Ekipp Educateuren encadréiert, déi reegelméisseg Aktivitéiten a Projeten organiséieren an d'Schülerinne schoulesch a perséinlech ënnerstezen.  

Historique[änneren | Quelltext änneren]

Grënnung[änneren | Quelltext änneren]

Op Ufro vum Staatsminister a Regierungspresident Paul Eyschen hunn d'Soeurs de la Doctrine chrétienne d'École ménagère agricole gegrënnt, déi de 15. Oktober 1891 an der Villa Simonis zu Gaasperech opgaangen ass.

Praktesch Plaz[änneren | Quelltext änneren]

D'Meedercher sollten eng theoreetesch a praktesch Ausbildung kréien, fir doheem um Haff fir e bëssen neie Wand ze suergen an d'Zoustänn ze verbesseren. 1893 gouf den Terrain "um Fieldgen" an der Antwerpener Strooss kaaft. Deemools louch dat nach wäit virun der Stad, d'Nei Bréck an d'Nei Avenue gouf et nach net. Mä et wor praktesch, datt d'Gare net wäit ewech war, well domat gerechent gouf, datt d'Meedercher alt och mam Zuch vu méi wäit géife kommen. Ausserdeem war et wichteg, genuch Plaz ronderëm d'Schoul ze hunn, well bei d'Gebai selwer koum nach e klenge Muster- an Übungsbetrib mat Kéi, Schwäin, Hénger, enger Molkerei an engem Geméisgaart.

1894 gouf dat éischt Gebai an der Antwerpener Strooss gebaut an 1908 erweidert. Zur Schoul hunn och de Pensionnat de la Ste Famille an eng Haushaltungsschoul gehéiert. Eng 15 Schwëstere hu sech ëm 98 Schülerinne gekëmmert.

Lehrerbildungsanstalt[änneren | Quelltext änneren]

Wärend dem Zweete Weltkrich gouf d'Schoul 1941-1944 vun den Nazië konfiszéiert, déi do eng "staatliche Zubringerschule zur Lehrerbildungsanstalt", dann eng "Lehrerinnenbildungsanstalt" ageriicht hunn. Am November 1944 konnten d'Schwësteren de Schoulbetrib nees deelweis weiderféieren, si hu Flüchtlinge vun der Musel a vu Virton opgeholl an haten en amerikanesche Radiossender aquartéiert.

Erweiderungen[änneren | Quelltext änneren]

Tëscht 1949 an 1953 goufen déi zwéin nei Fligelen A an C gebaut. De Bâtiment A gouf 1953-1963 un de Staat verlount fir d'"École normale d'institutrices", d'Léierinnenormalschoul.

1985 gouf mam Bau vun enger neier Turnhal mat enger ënnerierdescher Déifgarage ugefaangen, déi 1987 fäerdeg waren. 1997 war och den neie "Quartier des sciences" prett, deen um Nopeschterrain gebaut gi war a wou Chimies-, Physiks- a Biologiessäll sinn, donieft nach d'Schoulkichen an d'Bibliothéik.

Vervollstännegung[änneren | Quelltext änneren]

2006 huet de Bau vu enger zweeter Turnhal hanner der Schoul ugefaangen (fir d'Schouljoer 2007-2008 prett), a fir d'Schouljoer 2008-2009 gouf en neit Gebai mat Klassesäll um Terrain N° 19 fäerdeg. Vun 2007 u gouf um fréiere Parking Lahr an der Gliesener Strooss e Gebai mat enger Cafeteria a Studentenzëmmere gebaut.

Grad ewéi d'Gesellschaft sech am Laf vun der Zäit verännert huet, sou huet sech och de Fieldge verännert an de jeeweilegen neien Ëmstänn ugepasst.

1891 huet d'Geschicht vum Fieldgen als Haushaltungsschoul ugefaangen, mä d'Sektioun "agricole ménagère" gëtt et scho laang net méi.

Vun 1894 un gouf et e Virbereedungscours vun 2 Joer fir d'Léierinnennormalschoul, kuerz drop e Cours fir Commerce an d'Virbereedung op den Diplom vun der "Alliance française".

1918 krut de Fieldgen d'Erlabnes, eng "Fortbildungsschule" opzemaachen a Léierinne fir Handaarbecht a Stot auszebilden. An den 1920er Joren ass d'"section agricole" lues a lues verschwonnen.

Vun 1929 un gouf et den "enseignement secondaire" wéi an de staatleche Lycéeën, an den "enseignement secondaire technique" als Folleg vun der Haushaltungsschoul.

1953 goufen déi iewescht Lycéesklassen agefouert, soudatt d'Meedercher vun do un och hir Première um Fieldge maache konnten, wat vun 1957 un de Fall ass.

Directricë vum Fieldgen[änneren | Quelltext änneren]

Zu Gaasperech[änneren | Quelltext änneren]

  • 1891 Sr Epiphanie Daleyden
  • 1891-1894 Sr Azarie Lacaff

Um Fieldgen[änneren | Quelltext änneren]

  • 1894-1926: Sr Azarie Lacaff
  • 1926-1927: Sr St-François Fonck
  • 1927-1936: Sr Angela Heisbourg
  • 1936-1941: Sr St-François Fonck
  • 1941-1944: Sr Marie-Adélaïde Melchior (supérieure)
  • 1944-1954: Sr St-François Fonck
  • 1954-1960: Sr Xavéria Becker
  • 1960-1966: Sr Pauline Richard
  • 1966-1982: Sr Monique Hoffmann
  • 1982-2012: Sr Danièle Faltz
  • 2013-2022: Renelde Urbain
  • zanter 2022 Sylvie Wagner

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: École privée Fieldgen – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Tableau général de toutes les classes op epf.lu (nogekuckt 2023-06-30).