Op den Inhalt sprangen

Fiels vun der Aphrodite

Vu Wikipedia
Petra tou Romiou / Fiels vu der Aphrodite op der Plage
Schëld Petra tou Romiou (am Hannergrond de Fiels)

De Fiels vun der Aphrodite, och bekannt als Petra tou Romiou - Πέτρα του Ρωμιού, "Fiels vun de Réimer“ (= Byzantiner) ass e Fiels am Mëttelmier, op der südwestlecher Küst vun Zypern, zu Kouklia, wou enger lokaler Traditioun no déi griichesch Gëttin Aphrodite aus dem Schaum vun de Wellen aus dem Mier erauskoum.

E läit bei enger kiseleger Plage laanscht d'Strooss B6, 25 km südwestlech vu Paphos. Fir d'Touriste gouf eng Parkplaz laanscht d'Strooss ageriicht, vu wou een duerch en Tunnel op d'Plage kënnt.

Nationalpark Petra tou Romiou

[änneren | Quelltext änneren]

Zanter 2001 ass de Streech mat der Plage a mam Fiels als Nationalpark (CY5000005) geschützt.

  • Baedeker-Reiseführer Zypern, Ostfildern, 2011
 Commons: Petra Tou Romiou – Biller, Videoen oder Audiodateien