Op den Inhalt sprangen

Fielsendoum

Vu Wikipedia
Fielsendoum
Geographesch Donnéeën
Land Palestina
Gemeng Alstad vu Jerusalem
Koordinaten 31°46'41"N, 35°14'7"O
Donnéeë vum Gebai
Material Marber
Statut Weltierwen
Datum vum Bau 691 (julianesch)
Vue vu bannenan (2018)

De Fielsendoum (Arabesch: قبة الصخرة qubbat as-sachra; Hebräesch: כיפת הסלע; Kippat ha-Sela) zu Jerusalem ass deen eelste monumentale Sakralbau vum Islam an eent vun den islameschen Haapthellegtemer. E steet um Tempelbierg am südëstlechen Deel vun der Jerusalemer Alstad a gouf ëm 690 gebaut an zanterhier ëmmer nees restauréiert, verännert a vergréissert, fir d'lescht an den 1990er Joren.

Den Numm "Fielsendoum" geet op d'Form zeréck (Doum am Sënn vu Kuppel) an op de Fiels am Zentrum vum Gebai. Der jiddescher Traditioun no wier dorop d'Welt gegrënnt ginn, a wier hire Mëttelpunkt. Op där Plaz hätt och den Abraham säi Jong Isaak wëllen afferen, an och d'Arch vun der Allianz wier do versuergt ginn.[1] No der islamescher Traditioun wier de Mohammed vun dësem Fiels an den Himmel gefuer.

De Fielsendoum ass e Meeschterwierk vun der islamescher Architektur vum fréien Umayyadenstil an iwwerhëlt den Typus vum fréichrëschtlech-byzantineschen Zentralbautyp. En ass bannendran 11,5 m héich an huet en Duerchmiesser vun 20,40 m[2].

Den Daach ass aus vergëlltem galvaniséierte Blech. Bis 1962 war en aus schwaarzem Bläi. All Mauere si vun enger Héicht vun 3 Meter u mat orientalesche Motiver op bloe Plättercher dekoréiert.

Grondrëss

Den aachteckege Grondrëss ass an e Krees mat knapps 55 Meter Duerchmiesser agepasst. De banneschte Sailekrees huet en Duerchmiesser vun 20,37 Meter. Et gi véier Entréeën, an all Himmelsrichtung eng. D'Haaptpaart am Süden huet e Portikus.

De Fiels bannendran
 Commons: Fielsendoum – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

[Quelltext änneren]
  1. Gerald Y. Bildstein, in: Encyclopaedia Judaica. 2. Oplo (Detroit, 2007): „Even Shetiyya“
  2. Busse, Heribert / Georg Kretschmar: Jerusalemer Heiligtumstraditionen in altkirchlicher und frühislamischer Zeit. Otto Harrassowitz: Wiesbaden, 1987, ISBN 3-447-02694-4, S. 5.