Fiichtgebitt Cornelysmillen

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Cornelysmillen ass e geplangt Naturschutzgebitt ronderëm d'Cornelysmillen an der Gemeng Ëlwen. Tëscht Ëlwen, Kierchen a Wilwerdang läit laanscht d'Zuchstreck Ëlwen-Gouvy an déi fréier Streck Ëlwen-Wilwerdang e Fiichtgebitt mat ale Fëschbasengen, Baachen a Fiichtwisen, dat zu engem vun de leschten Auswäichsgebidder um héije Plateau fir vill bedreet Vullen a Planze vun der Gewan zielt.

Topographie a Renaturéierung[änneren | Quelltext änneren]

Op enger Héicht vu 420–470 m iNN breet sech d'Reserv op enger Fläch vun zirka 190 ha ronderëm d'Wolz, d'Kléngelbaach an d'Weierbaach aus. Dovun ass e groussen Deel Wisen a Weeden, de Rescht vun der Fläch deele sech Akerland a Bëscher, déi gréisstendeels aus geplanzte Fiichte bestinn. Den Haaptinteressi vum Gebitt läit bei de ronn 40 ha Fiichtwisen a -broochen, déi sech aus Heeden, naturnoe Wisen, Moueren a Suppen zesummesetzen. Dat naasst Gréngland a suppeg Fläche sinn duerch d'Uschwemme vun onduerchlässegem Leem entstanen, dee sech op de Schifersteng ofgesat huet a verhënnert, datt d'Waasser an de Buedem zitt.

Well sou Flächen ze naass si fir als Akerland benotzt ze ginn, goufe si extensiv als Weede fir d'Véi a fir ze Méie bewirtschaftet. Während de leschte Joerzéngte si grouss Deeler vun dësen aarteräiche Fläche verschwonnen, wéi déi extensiv Exploitatioun vum Grasland hiren ekonomesche Wäert verluer huet. E puer Planzenaarte wéi Filipendula ulmaria oder de Vulleseemchen (Phalaris arundinacea) konnten d'Iwwerhand huelen an hunn déi charakteristesch Fiichtwiseplanze verdriwwen. Vill Wise goufen mat forstwirtschaftlech interessante Fiichtemonokulturen ersat, aner sinn drainéiert an dréchegeluecht ginn an hunn dem intensiven Akerbau gedéngt.

Déi seelen a schützenswäert Fiichtwisen, déi haut am Gebitt nach iwwereg sinn, gi vu verschiddenen Naturschutzorganisatioune gefleegt. Dobäi sinn op verschiddene Plazen déi friem Fiichtemonokulturen ëmgehae ginn an et gouf probéiert, déi naass Zonen nees z'ersetzen. Fir datt d'Flächen net nees zouwuessen, gi si zanter 1999 vun engem 30-käppegen Trapp vu Moorschnucken, déi sech als natierlech Naturschützer bewisen huet, nees extensiv bewirtschaft. Zousätzlech sinn am Joer 1990 déi al Fëschweieren an en natierlechen Zoustand bruecht ginn a bidden haut Liewensraum fir verschidde Waasservullen. D'Reserv ass am Kader vun der EU-Habitatdirectiv (92/43/CEE) an der EU-Vulleschutzdirektiv (79/409/CEE) als Schutzzon ernannt ginn.

Ekologie[änneren | Quelltext änneren]

D'Reserv vun der Cornelysmillen ass eng vun de wéinege Plazen am Land, wou de Schwaarze Stuerk (Ciconia nigra), deen zanter ufanks den 1990er Joren zu Lëtzebuerg bréit, gutt Konditiounen huet fir Fudder ze fannen. Säi Bestand zu Lëtzebuerg ass am Joer 1999 op eng hallef Dose Koppele geschat ginn. De scheie Stuerk bréit a grousse rouege Bëscher an ass op Fiichtwise vu gudder Waasserqualitéit ugewise fir Fudder ze fannen. Hien ass meeschtens reegelméisseg baussent der Bruttzäit tëscht Juli an August ze gesinn, ier hie sech op de Wee no Süde mécht.

Nieft dem Schwaarze Stuerk sinn d'Waasserhéngchen (Gallinula chloropus) an de Fëschräer (Ardea cinerea) dacks am Uferberäich ze gesinn. De Giele Panewippchen (Motacilla flava), de Wisevillchen (Saxicola rubetra) an de Klengen Neimäerder (Lanius collurio), déi zu de rare Vullen zielen, fannen am Fréijoer do ideal Bruttméiglechkeeten. Während der Iwwerganksperiod ass kann en de Kormoran (Phalacrocorax carbo) oder d'Kleng Int (Anas querquedula) begéinen. An de keelste Méint vum Joer fënnt een déi Kleng Bekassin (Lymnocryptes minimus), de Waasserpiipsert (Anthus spinoletta) an de Brongen Hénkeldéif (Circus aeruginosus) an der Reserv.

Fréi am Joer bléit d'Botterblumm (Caltha palustris) an de Fiichtwisen. Nieft hir weise sech nach aner rar Fiichtplanze wéi d'Waasservioul (Viola palustris) d'Bëns mat spatze Bléien (Juncus acutiflorus) oder d'Waasseräerdbier Comarum palustre am Laf vum Joer.

Naturléierpad[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 2000 ass en Naturléierpad vun ongeféier 8,5 km amenagéiert ginn, deen zum Deel iwwer Holzsteeën no un d'Vegetatioun vun de Fiichtwisen eruféiert. Ënnerwee gëtt et interessant Panneauen op aacht Statioune mat vill Informatiounen iwwer d'Gebitt an déi verschidde Liewensraim. Eng enger gutt verstoppter Oberservatiounsbrak um Bord vun enger Fiichtemonokultur op de fréiere Fëschweieren kann ee Waasservullen observéieren. De Circuit vun ongeféier dräi Stonnen, dee laanscht d'Ëlwenter Gare féiert, ass liicht mam Zuch z'erreechen.

Op der Grenz[änneren | Quelltext änneren]

Beim belschen Noper gouf den 12. Juni 1997 ënner dem Numm réserve naturelle de "Cornelysmillen" eng Parzell vu ronn 37 Ar klasséiert.[1]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  • Broschür: Nature trail Cornelys Millen/Natuurpad Cornelys Millen.
  • Ries, Christian, 1993. Dossier de classement zum Naturschutzgebiet (RN ZH 04) Cornely's Millen. 111 S. Hrsg: Stëftung Hëllef fir d'Natur. Luxembourg.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Publikatioun am Moniteur belge de 16.09.1997