Filip Markiewicz

Vu Wikipedia
Filip Markiewicz
Gebuer 3. Mäerz 1980
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Kënschtler
Installatioun Alterviolence, galerie Beaumontpublic, 2010.

De Filip Markiewicz, gebuer den 3. Mäerz 1980 zu Esch-Uelzecht, ass e lëtzebuergesche Kënschtler.

Dem Filip Markievicz seng Famill kënnt aus Polen, hien ass zu Lëtzebuerg opgewuess. Vun 2001 un huet hien op der Universitéit Marc Bloch zu Stroossbuerg Konscht studéiert a mat enger Maîtrise ofgeschloss. An där Zäit huet hie sech haaptsächlech mat Musek beschäftegt, sou wéi mat Performancen a Videopclippen. Hien huet d'Poprock-Band Raftside gegrënnt.

2007 huet hie fir d'Association internationale des critiques d'art (AICA) d'Installatioun Zollzeit geschaf. Kuerz drop huet hien d'Installatioun Empire of dirt an der Galerie beaumontpublic opgeriicht, an 2008 am Kader vun am Mudam d'Installatioun Disco Guantanamo.

Enn 2008 hat de Filip Markievicz mam Bruce Geduldig (Tuxedomoon) Pale Exploding Imitation an der Philharmonie Lëtzebuerg. 2010 huet hien op en Neits an der Galerie beaumontpublic ausgestallt, dës Kéier eng Performance ënner dem Titel Alterviolence.

Am August 2010 huet hien eng Woch laang Dreaming Golden Lady am Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung zu Shanghai ausgestallt.

Fir d'Fiac huet hien 2010 d'Zeechnung Banque de tolérance geschaf, an 2011 fir de Mudam d'Zeechnung Mao Dollar.

2012 huet hien an der Abtei Neimënster d'Installatioun Silentio Delicti ausgestallt.

2013 koum säi Buch mat Zeechnungen zu der Affaire Bommeleeër mam Titel Stay Behind eraus.

2015 huet de Filip Markiewicz Lëtzebuerg op der 56. Biennale vu Venedeg representéiert, wou en ënner dem Titel Paradiso lussemburgo an der Ca’ del Duca, dem Lëtzebuerger Pavillon, ë. a. Zeechnungen, Skulpturen, Installatiounen a Videoen ausstellt, déi sech ironesch oder kritesch mat verschiddene Clichéen iwwer Lëtzebuerg auserneesetzen.[1]

Am 2. Semester 2015, am Kader vun der Lëtzebuergescher Presidentschaft vum EU-Conseil, war säi Bild mam Titel Hello Dictator Deel vun enger Ausstellung mam Numm Cabinet de curiosité(s) am Conseilsgebai zu Bréissel. Et weist de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker a verschiddene Posë mat Invitéë vun engem Sommet zu Riga.[2]

Banque de Tolérance, 320 x 150 cm, Bläistëft op Pabeier, 2010.

2020 krut hien, zesumme mat der Lisa Kohl, de Prix Pierre-Werner.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Filip Markiewicz. Hatje Cantz, 2020, 224 p.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Filip Markiewicz – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Son portrait décalé du Luxembourg part à Venise." lessentiel.lu, 8 mai 2015 09:00; Act: 08.05.2015 15:29.
  2. "'Hello Dictator': Juncker croqué en quelques coups de crayon." wort.lu, 14 juillet 2015 à 16:14.