Film zu Paräis

Vu Wikipedia
Op d'Navigatioun wiesselen Op d'Siche wiesselen

Wmerge3.svg  Haaptartikel zu dësem Thema: Paräis 

Louis an Auguste Lumière.

Paräis kann op eng laang an erfollegräich Filmgeschicht zréckkucken.

Paräisser Entrepreneren a Gesellschafte wéi d'Bridder Lumière, d'Pathé Frères oder Gaumont waren et, déi de Film eraus an d'Welt gedroen hunn. Sou hunn d'Bridder Lumière am Joer 1885 de Cinématographe erfonnt, eng Maschinn, déi souwuel Filmer ophuele wéi och ofspille konnt. Dësen Apparat gouf den 22. Mäerz 1885 fir d'éischt Kéier virgefouert. D'Opféierung an der Paräisser Société d'Encouragement à l'Industrie Nationale zielt zu den éischte Filmvirféierunge vun der Welt. Als Folleg dovu sinn d'Bridder Lumière an déi grouss europäesch Stied gereest, fir hir Erfindung ze verbreeden - mat Erfolleg. An de Joren duerno koum et zu Paräis zu staarker Konkurrenz. D'Pathé Frères sinn zu engem vun de gréisste Filmproduzente vun Europa ginn, an hunn hir Stommfilmer weltwäit verkaaft.

Awer och Paräis selwer war a ville Filmer Dréiuert a Filmkuliss. Ofgesi vu villen Opname vun der Stommfilmzäit, déi éischter ënner Dokumentairen anzezortéieere sinn, war d'Stad souwuel a franséische wéi och an auslännesche Spillfilmproduktiounen ze gesinn. De Film Hôtel du Nord (1938) vum Marcel Carné spillt am „Hôtel au Canal“. Obschonn de gréissten Deel net am Hôtel selwer gedréint gouf, weist de Film d'Liewensgefill zu Paräis an den 1930er Joren. Am Film Funny Face (1956) vum Stanley Donen séngt d'Audrey Hepburn zesumme mam Fred Astaire zu Paräis „Bonjour Paree“ virum Eiffeltuerm, op der Avenue des Champs-Élysées an op anere Plaze vun der Stad.

Am Film A Bout de Souffle (1960) vum Jean-Luc Godard schléit sech de klenge Michel duerch d'Liewen. Hie kënnt op Paräis a schléisst Frëndschaft mat enger US-amerikanescher Studentin. Gefilmt gouf an der Rue de Berri op Nummer 21 an an der Rue de Campagne-Première am Véirel Montparnasse.

Zazie dans le Métro (1960) vum Louis Malle weist d'Liewe vum klenge Meedche Zazie zu Paräis. Den Eiffeltuerm spillt dobäi eng wichteg Roll. Am Film Belle de jour (1967) vum Luis Buñuel brécht d'Catherine Deneuve aus dem biergerleche Liewen aus, a geet der Prostitutioun no.

Am Ultimo tango a Parigi (1972) vum Bernardo Bertolucci gi sech d'Personnagë vum Marlon Brando an der Maria Schneider ëmmer nees Rendez-vous an engem eidelen Appartement mat Bléck op d'Metrosstation Passy an d'Bir-Hakeim-Bréck. De Film Le Dernier Metro (1981) vum François Truffaut spillt zu Paräis am Joer 1942 während der däitscher Besatzung. Am Film Subway (1985) vum Luc Besson goufe verschidden Zeene mam Christopher Lambert an Isabelle Adjani an den RER-Statiounen La Défense a Les Halles gedréint. La Haine (1995) vum Mathieu Kassovitz gouf gréisstendeels zu Chanteloup-les-Vignes, engem Faubourg vu Paräis gedréint.

Weider Filmer déi zu Paräis spille sinn: Landru (1963) vum Claude Chabrol, Les parisiennes (1962) vum Marc Allegret, Le samurai (1967) vum Jean-Pierre Melville, La Boum (1980) a La Boum 2 (1982) vum Claude Pinoteau, La Dame aux camélias (1981) vum Mauro Bolognini, Police (1985) vum Maurice Pialat, Forget Paris (1995) vum Billy Crystal, Paris was a Woman (1995) vum Greta Schiller, Love in Paris (1997) vum Anne Goursaud, An American Werewolf in Paris (1998) vum Anthony Waller, Le fabuleux destin d'Amélie Poulain (2001) vum Jean-Pierre Jeunet, Moulin Rouge (2001) vum Baz Luhrmann a Before Sunset (2004) vum Richard Linklater.

Qsicon Achtung.svg 00De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net méi aktuell. Hëlleft w.e.g. mat, en nees op de leschte Stand ze bréngen.
Paris-metropolitan-area-symbol.png Portal vu Paräis – All d'Artikelen op dëser Wikipedia iwwer Paräis.